fbpx

Nationalfeierdag

Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.

These articles are written for everyone and also for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.

Nationalfeierdag zu Lëtzebuerg ass all Joer den 23. Juni. E gëtt och Groussherzogs- oder Groussherzoginsgebuertsdag genannt. Et ass en offizielle Feierdag zu Lëtzebuerg.

Op dësem Dag gëtt zënter der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg de Gebuertsdag vum aktuelle Monarch gefeiert.

Den Nationalfeierdag war net ëmmer den 23. Juni. Ënner dem Wëllem I. (1815-1840) gouf en de 24. Abrëll gefeiert, och wann dem Wëllem säi Gebuertsdag de 24. August war.

Nëmmen ënner dem Wëllem II. (1840-1849) gouf effektiv op sengem Gebuertsdag, dem 6. Dezember, gefeiert.

Vun 1849 bis 1859 gouf ënner dem Wëllem III. (1849-1890) de 17. Juni gefeiert, duerno war et den 19. Februar, zwee Deeg no sengem Gebuertsdag.

Am Joer 1890 hunn dat hollännescht an dat lëtzebuergescht Herrscherhaus sech getrennt. Vun 1890 u gouf ënner der Dynastie Nassau-Weilburg den Nationalfeierdag um Gebuertsdag vum herrschende Monarch gefeiert.

Vun 1947 un ass den Dag en offizielle Feierdag.

D‘Groussherzogin Charlotte (1919-1964) hat den 23. Januar Gebuertsdag, also matten am Wanter. An och hiren Trounfolger Jean hat am Januar Gebuertsdag. Dofir gouf 1961 aus reng klimatesche Grënn entscheet, den Nationalfeierdag op den 23. Juni ze verleeën.

Bis 2006 gouf de Feierdag souguer op de 24. Juni verluecht, wann den Dag op e Sonndeg gefall ass.

Oflaf vun de Feierlechkeeten

Virowend vum Nationalfeierdag

Beim Palais an der Stad ass géint 16 Auer eng feierlech Ofléisung vun der Garde.

D’groussherzoglech Koppel mécht eng offiziell Visitt an enger Stad am Land. Si besichen all Joer eng aner Stad. Dëst Joer besiche si d’Schlass zu Buerschent.

D’ierfgroussherzoglech Koppel besicht Esch-Uelzecht, déi zweetgréisst Stad vum Land.

Owes, nodeems d’groussherzoglech Famill nees zréck an der Stad ass, ass an der Stad e Fakelzuch, bei deem vill Veräiner aus dem ganze Land matmaachen.

Tëscht 23 Auer a Mëtternuecht ass e grousst Freedefeier mat Musek, dat traditionell vun der Neier Bréck ofgeschoss gëtt.

Op ville Plazen an der Stad ginn deen Owend Concerten organiséiert.

Offiziell Feierlechkeeten um Dag selwer

Zënter 2014 gëtt an der Philharmonie en ziville Festakt ofgehalen. Déi Joere virdru war soss den Te Deum an der Stater Kathedral.

Duerno gi vum Fetschenhaff aus vun der Arméi 21 Kanouneschëss ofgeschoss.

Géint Mëtteg ass an der Neier Avenue eng militäresch an zivil Truppeparad.

Wéinst dem Schantje vum Tram an der Neier Avenue ass d’Truppeparad 2019 an 2020 um Kierchbierg, an der Avenue John F. Kennedy.

Am Nomëtteg ass den Te Deum an der Stater Kathedral.

An de Gemenge vum Land ginn op Nationalfeierdag lokal Feieren a Freedefeieren organiséiert.

Vocabulary

Onofhängegkeet (f) = independence / liberty

getrennt (Verb: trennen – p.p.) = separated

Herrscherhaus (n) = dynasty

herrschend (adj) = reigning

Grënn (pl.) = reasons

verleeën (verb) = transfer, reschedule

verluecht (Look: verleeën, part.p.) = rescheduled

Oflaf (m) = procedure

Feierlechkeeten(pl) = ceremony

Virowend (m) = eve

feierlech (adj) = solemn, ceremonial

Ofléisung (f) = relief

Garde (f) = guard

zweetgréisst (adj) = second largest

Fakelzuch (m) = torchlight procession

Freedefeier (n) = fireworks

Festakt(m) = ceremonial act

Kanouneschëss (pl) = cannon shots

Schantjen (m) = road works

Tags:
Tania Hoffmann

Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.