Den 21. Juni huet de Ralph Diseviscourt, och bekannt ënnert dem Numm ”Dizzy” d’Weltmeeschterschaft am Ultramarathon gewonnen. Dëst ass erëm een aussergewéinlechen Exploit vum Lëtzebuerger Extremsportler an ech sinn extrem frou dass ech dem Dizzy, ier heen elo fir d’Race across France gestart ass (Lifetracking hei), e puer Froe konnt stellen a mat him iwwer seng Zäit no der Race Across America konnt schwätzen.
No enger zweeter Platz an der Race Across America (RAAM) 2018 a ville flotten Exploiten dertëscht ass et dir gelongen d’Ultra-MarathonWeltmeeschterschaft 2019 ze gewannen? Vir d‘alleréischt meng Gratulatioun. Wéi eng Renne muss ee bestreiden a gewanne vir eng Ultra-MarathonWeltmeeschterschaft an der Täsch ze hunn?
De „Glocknerman“ an Éisträich ass eng vun den eelsten Ultravëlocoursen op der Welt an zielt zanter Joren als offiziell Ultra-WM. Genau ewéi am klassesche Vëlossport ass d’WM net onbedéngt di schwéierst oder längste Course, mee de Gewënner vum Glocknerman kann sech 1 Joer laang als Weltmeeschter an der Disziplin nennen. Ultracoursen ënnerleien net der UCI, mee der WUCA, dofir och kee Regenbogentrikot.
De Glocknerman start am aktuelle Mekka vum Ultrasport, zu Graz (Wunnuert vum Christoph Strasser, Severin Zotter, an nach anere Gewënner vun der RAAM). Iwwer 1000km geet et fir d’éischt Richtung Süden an d’Wäinbierger un der slowenescher Grenz an da Richtung Westen iwwert d’Abtei, d’Soboth an den Iselsberg op Lienz, weider iwwert de Kreuzbergsattel an d’Lesachtal bis iwwert de Kartitschersattel nees op Lienz. No der 2ten Montée vum Iselsberg kéint de schwéiersten Deel vun der Streck: vu Winckler aus geet op de Grossglockner erop, d’Südvariant vum héchste Col an Éisträich, bis op d’Edelweissspitze (2575m), vun do aus erof op d’Maustelle Fehrleitenwou een ëmgedréint an di ganz Streck nees zeréck fiert bis op Graz! Esou komme ronn 17000hm zesummen, a besonnesch d’Westvariant vun der Soboth um Retour verlaangen de Coureuren alles erof mat senge 15% no 900km Course.
Ech sinn d’Course verhalen ugaange bei Temperaturen iwwer 40°, fir dann an der Nuecht bei Donnerwiederen a méi killen Temperaturen (4-5°) den Tempo ze erhéigen a mäin Haaptkonkurrent anzehuelen nodeems hien no 300km ronn 35 Minutten Avance op mech hat. Um Grossglockner konnt ech hien definitiv distanzéieren an d’Avance op iwwer 2h op der Arrivée ausbauen. Matt 34h an 10min hunn ech deen ale Streckerekord konnten em iwwer 2h verbesseren, ech war selwer iwwerrascht wéi schnell mir ënnerwee waren. Et ass ëmmer erëm eng Satisfaktioun ze gesinn datt een am Training an och an der Course alles richteg gemaach huet, ouni natierlech de Support vun der Equipe ze vergiessen.
Meng Experienz huet mir et erlaabt net nervös ze ginn a mäin Tempo ze fueren, op mäin Kierper ze lauschteren a mech op meng Stäerkten ze konzentréieren. No der RAAM 2018 ass dëst di 3ten Victoire hannerteneen an der 3ten Course (Tortour – Race Around Switzerland am August 2018, Race Across Italy am Abrëll 2019 an elo Glocknerman).
Du hues dëst Joer och d’Medail du Mérite Sportif en Argent iwwerreescht kritt. Motivéiert dat vir weider Zieler elo? Oder kommen déi éischter spontan, wann s du gesäis dat deng Form gutt ass?
Meng Haaptcourse 2019 wann een esou wëll, steet elo Enn Juli um Programm: Race Across France, 2600km, 40000hm vun der Côte d’Azur duerch d’Provence an d’Alpen, de Massif Central eriwwer an d’Bretagne an erop op d’Arrivée an der Normandie. Mäin Programm vun 3-4 RDV’en fixéieren ech ëmmer Ufanks des Joers, aus organisatoresche Grënn (Congé vu mir a vun der Equipe, Famill, Beruff, …) mee och fir Zieler virun den Aen ze hunn wärend de laange Wanterméint wou ee muss d’Basis lee fir dono am Fréijoer/Summer an Topform ze sinn. Déi Efforten an enger Ultracourse sinn einfach esou extrem genausou ewéi och di ganz Preparatioun dat een net méi Competitioune pro Joer kann op engem héigen Niveau maachen. Et muss een a mengen Ae minimum 5-6 Wochen tëschent all Course Zäit vergoe loosse fir ze recuperéieren an d’Form nees nei opzebauen. Eng Fauschtreegel seet datt een 1 Mount Récup brauch pro 1000km Course, dh bei enger RAAM wieren dat 5 Méint! Et hänkt natierlech ëmmer dovun of ewéi extrem d’Konditioune sinn a wéi ee gesondheetlech duerch kéint. Auszeechnungen ewéi d’Medail du Mérite Sportif oder och den Ultrasportler 2018 vun der Sportspress maachen natierlech Freed, maachen een houfreg a sinn Zeechen dofir datt een net alles falsch gemaach huet. Et war awer och ee laangen dréchene Wee iwwert puer Jore fir déi Unerkennung ze erreechen. Et si ganz agreabel Nieweneffekter, mee awer net ee „but en soi“ wou ech ustriewen. D’Haaptmotivatioun muss eng aner sinn, soss huelt een déi Strapazen net op sech wärend all deene Joren. Et fiert kee 45000km oder méi am Joer fir dono seng Foto an enger Zeitung ze gesinn, do musse schonn eng aner Motivatiounsquell hir.
Wat leeft an dengem Kapp of wann s du esou aussergewéinlech Leeschtunge vun dengem Kierper ofspulle muss? Wéi iwwerwënns du den doudege Punkt wou weder Kapp nach Kierper weider wëllen, oder kriss du dee guer net?
Et kann een net soen datt et mëttlerweil eng Routine ass, well all Course ass anescht a schwéier an iergendenger Form, mee et kritt ee mat de Joren eng gewëssen Erfarung déi et engem erlaabt roueg ze bleiwen a Vertrauen an seng Capacitéiten ze hunn wann een sech gutt virbereet huet. Et ass am Fong méi schwiereg bei der Staang ze bleiwe wärend all deene Méint virdrun, ewéi d’Course un sech ze fueren. Dat geet „baal“ vum selwen. Kierperlech a mental kéint ee wuel un seng Grenzen, mee iergendwann ass een an engem Flow wou Zäit verflitt. Et ass ee vill mat der Course un sech beschäftegt (seng Géigner, säin Effort, der Météo), an et probéiert ee vun der Landschaft ze profitéieren. De Kapp stellt sech op de Challenge an, op dat 1000km oder 5000km sinn. Op enger 1000km Course kann een sech net virstellen nach weider 4000km ze fueren, an awer geet et wann een zum Beispill op enger RAAM ënnerwee ass.
Wéi bréngs du et fäerdeg ze regeneréieren? Physesch mee och psychesch?
Wéi schonn ugeschwat, gënnen ech mir 5-6 Wochen tëschent de Coursen, wouvun ee groussen Deel der Récup zoukommen. Dh awer net datt ech da guer net fueren, éischter manner Volumea manner intensiv, meng Been soe mir scho vum selwe wat ech kann/soll maachen oder och net! Ech sinn éischter een Unhänger vun der aktiver Récup, ech fueren einfach ze gäre mam Vëlo! Ech zwénge mech awer 2-3 komplett Roudeeg virun all Course anzebaue fir ausgerout un den Départ ze goen (Tapering), mee dat ass net ëmmer einfach zumols wann d’Sonn iwwer Bierg an Dall schéngt. Natierlech baut sech och de psycheschen Drock ëmmer méi op virun enger Epreuve, Drock deen ech mir selwer operleeë well ech wëll eng gutt Leeschtung weisen, mee och den Drock vu bausse wou d’Leit/Press sech mëttlerweil erwaarden datt ech wannen oder op mannst op de Podium kommen. Ech gesinn dat awer éischter als positiven Drock dee mech weider uspornt fir den„extra“-KM ze maachen. No enger Course, zemools wann d’Resultat den Erwaardunge gerecht ginn ass, fält den Drock rapid ewech an et fillt een eng extrem Satisfaktioun. Et ass ee frou ee puer Deeg oder Woche kënne méi relax ugoen ze loossen.
Gëtt et e Liewen nieft dem Vëlofueren?
Och wann de Vëlo ewéi ech en bedreiwen extrem zäitintensiv ass, esou bleift et dach een Hobby. Ech verdénge keng Suen domadder, au contraire. Déi Aventurë sinn ëmmer mat villen Onkäschte verbonnen, d’Inscriptioun kascht deier (eng 1000km Course ronn €1000, eng RAAM bal $4000!), an d’Präisgeld ass meeschtens null bis guer näischt. Dobäi komme Logement, Transport, Logistik, Material, Verfleegung, fir bis zu 13 Mann op enger RAAM. Dat ass gutt an deem Sënn wou et eventuell Leit dovunner ofhält fir probéieren ze fuddelen, och wann ech der Meenung sinn datt bei esou Coursë keen sech wëll selwer bedupsen. Mir maachen dat aus Leidenschaft! Ech hunn d’Chance mëttlerweil d’Vertraue vun enger ganzer Rei Sponsoren ze hunn déi mir et erméiglechen all meng Onkäschten iwwert d’Joer ze decken. Mir, ech als Coureur mee och d’Equipe, musse „just“ Zäit a Congé dran investéieren. Paie kann ech natierlech net ausbezuelen, mee dofir erliewe mir ëmmer nees onvergiesslech Aventuren. Ech sinn zwar villäicht deene meeschte Leit als Vëlofuerer bekannt, mee ech si virun allem Familljepapp vun 2 klenge Meedercher an 100% beruffstäteg bei enger grousser Lëtzebuerger Bank.
Et ass net ëmmer einfach alles ënnert een Hutt ze kréien, an ech muss natierlech menger Famill/Partner ewéi och mengem Patron/Aarbechtskollegen ee grousse Merci ausschwätzen datt si mech ënnerstëtzen an erdroen. Ouni Kompromësser geet et néierens. Op der anerer Säit kéint ech mir och net virstelle „nëmmen“ Vëlo ze fueren, an dat net nëmmen aus finanzielle Grënn, mee virun allem gesinn ech de Vëlo als Ausgläich zur Famill an zum Beruff. An deenen 2 Domainë waarden all Dag mäi grouss Challengen op mech ewéi um Vëlo!
Gëtt et e Liewen no dem Vëlofueren, wann s du mir déi Fro erlaabs? Oder ass deng Motivatioun bis an den héigen Alter nach ze fueren?
Ech si mir scho bewosst datt ech iergendwann wäert mat deem Sport ophalen, op allen Fall ënnert der aktueller Form wéi ech en zanter 2011 bedreiwen. Mais am Moment brennt d’Feier nach, d’Leidenschaft ass nach ëmmer do genausou ewéi den Drang fir seng eege Limitte weider ze verréckelen. D’autant plus well d’Resultater nach weiderhin top sinn an sech den Alter net weider bemierkbar mécht. Et ass bekannt datt een och mat 45-50 Joer nach kann Topleeschtunge bréngen am extremen Ausdauerbereich well déi mental Komponent an d’Experienz de Manktem un Kraaft a Sprëtzegkeet ka méi ewéi kompenséieren. Ech wëll awer domadder net soen datt ech och an 10 Joer nach wäert wéi haut ënnerwee sinn, ech gesinn dat vu Joer zu Joer. Bis elo sinn ech vu gréissere medezinesche Problemer verschount bliwwen, wat eng Chance ass, mee dat kann och séier änneren. Dofir maachen ech mir haut net ze vill Gedanke wei et weider geet, mee ech genéisse meng momentan Situatioun a probéieren nach weider Victoiren anzefueren esou laang mäin Kierper matspillt an d’Loscht do ass.
Wat wier elo spontan nach e grousst Ziel vun dir? Am Vëlossport mee och ausserhalb vum Vëlossport?
An Punkto Sport ass 2019 scho bal gelaf, an d’Gedanke schwiewe scho lues a lues Richtung 2020 wou ech nach eng Kéier wollt eng gréisser Aventure an Ugrëff huelen. Am Moment ass et awer nach ze frei fir weider Detailer ze ginn, et bleiwen nach vill wichteg Saache virdrun ze klären. Wann aus dem Projet awer eppes sollt ginn, da kann ech soen datt et nach ee Krack méi geckeg wäert ginn ewéi d’RAAM!
Fir de Rescht huet d’Liewe menger Famill anmir gewisen datt d’Gesondheet dat Allerwichtegst ass wat mir hunn, an dofir ass d’Ziel fir ëmmer dat Bescht aus all Situatioun ze maachen. Et geet net ëmmer ewéi een denkt oder hofft, an dofir soll een de Kapp net hänke loosse mee weider kämpfen.
Leave a Comment