fbpx

Tauchen

Eng fiicht Aventure

Tauchen ass en Sport bei dem een an eng aner Welt antaucht. Eng riseg Welt, wëll 70% vun eisem Planéit si vu Waasser bedeckt. Vill Leit dreeme vun der Welt ënner Waasser, wou et immens vill ze entdecke gëtt. Zwee vun hinnen, d’Steffi an de Jérôme vun der Taucherflaesch, déi den Dram net nëmmen dreeme mee och liewen, hunn ech kenne geleiert.

Si hunn sech entscheet eng eegen Tauchschoul zu Lëtzebuerg opzemaachen. Hei probéieren si Leit mat hirem Tauch-Virus unzestiechen. Eng Tauchschoul zu Lëtzebuerg? Jo, an si zwee sinn net déi éischt mat hirer Tauchschoul. Et ginn der e puer zu Lëtzebuerg an natierlech kann een och bei engem vun de sëlleche Clibb tauche léieren.

D’Steffi huet eis erkläert, dat et ëmmer wichteg ass, dat e gesond ass an dat muss och vun engem Dokter kontrolléiert ginn. Duerno kann et lassgoen. Et muss e bësschen Theorie gebéchst ginn an eng Réi vun Exercicer an enger Schwämm geübt ginn. Wann dat bis gemaach ass, da kann et an d’oppent Waasser, e Séi oder Mier, goen. Do ginn dann och nach e puer Exercicer gemaach. Nodeems een alles fäerdeg bruecht huet, huet een den éischten Tauchschäin an der Täsch an et dierf e sech Taucher nennen.

Esouwuel am Club oder an enger sérieuxer Tauchschoul, léiert een ëmmer plus minus dat selwecht. Duerno, erkläert de Jérôme mir, muss et awer net fäerdeg sinn. Den Tauchsport bitt esouvill verschidde Facetten un, datt een sech ëmmer weider spezialiséiere kann. Ënner Waasser Fotograféieren, Déiftauchen, Navigatioun ënner Waasser, Wracktauchen a villes méi, zielen zu deene Spezialisatiounen. Mat engem weidere Brevet dierf een, zum Beispill, méi déif tauchen wei beim éischten Tauchschäin. Et gëtt also enorm vill ze léieren an ze entdecken.

Awer wéi koumen si zwee dann iwwerhaapt a Kontakt mat der Welt ënner Waasser? Beim Jérôme ass dat schonn éiweg hier, trotzdeem erënnert hie sech nach gutt u seng Ufäng. Hie war direkt vum Tauche begeeschtert an huet dunn laang a mat vill Freed am Club getaucht. Iwwert d’Joren huet hien natierlech och ëmmer nees néi Taucher kenne geléiert. Sou ass en beim Jang gelant. De Jang huet dem Jérôme säin Talent entdeckt an en encouragéiert nach méi ze tauchen. Dorops hin, huet hien dann och seng Instructor-Ausbildung gemaach.

A genau hei, koum d’Steffi an d’Spill. Hat wollt ëmmer iergendwéi, iergendwann,… tauche goen.

Tja, esou wéi dat mat deenen Iergend-Eppes ass, et brauch een oft en Ustouss. Beim Steffi war dat net anescht, en Kolleg huet him e Schnuppertauch-Cours geschenkt an dem hatt éischt Erfarunge mat der Welt ënner Waasser konnt maachen. A wien war den Instructor beim Schnuppertauchen? De Jérôme!

D’Steffi huet sech och direkt mam Tauch-Virus ugestach an huet en éischten Tauchschäin gemaach. No sengem éischten Tauchschäin ass et dunn och bei him esou richteg mam Tauche lass gaange. Si Zwee sinn ëmmer méi oft zesummen tauche gaangen an hunn elo zesummen déi grouss Aventure “Tauchschoul” ugepaakt.

No engem klengen Abléck an dem Jérôme a Steffi hier Tauch-Welt, bléift elo natierlech nach ëmmer d‘Fro, firwat ech da well tauche goen.

Schonn an der Spillschoul hunn ech vum Tauche gedreemt. Dat ass schonn éiweg hier. Deemools hat ech d‘Iddi, fir mech mat menger Spillschoulsfrëndin duerch d’Bascht ze maachen an um Mieresgrond en Haischen ze bauen.

Mir sinn ni fortgelaf, also hunn ech och keen Haus am Mier, mee de Gedanke vum Tauche war ëmmer a mengem Kapp.

Elo, eng Éiwegkeet méi spéit, hunn meng Fra (an net d’Frëndin vun deemools), meng Kanner an ech eis Summervakanz geplangt. Et soll wäit fort goen, well mir wëllen eng aner Kultur kenne léieren. Sou hu mir eis Fligerticketen op Bali gebucht, Hotelle gesicht an och Schéiner fonnt. Mir ware ganz zefridde mam Choix, bis…

…bis mir erausfonnt hunn, dat eent vun eisen Hotellen eng Tauchbasis ass a mir net tauche kënnen.

Éier et Richtung Bali geet, hunn mir als Famill entscheet: Elo léiere mir tauchen! Bei eisen éischte Versich ënner Waasser, hu mir duerch Zoufall de Jérôme an d’Steffi, vun der Taucherfläsch, kenne geléiert. Zënterhier begleeden sieis ob eiser néier Aventure; an elo kënnt och Dir, hei iwwer de Rosport Life, mat dobäi sinn.

Dir mierkt, ech perséinlech sinn immens faszinéiert vum Tauchen a wäert mech an deenen nächste Méint dru gi fir mam Steffi a Jérôme tauche kennen ze goen. Ech freeë mech hier Welt, ënner Waasser, ze entdecken. Een éischt Schnuppertauchen hu mir um Lac de l’Eau d’Heure geplangt.

Elo muss ech nach e bësschen Theorie béchsen an zu Bali maachen ech dann den éischten Tauchschäin am oppene Mier.

 

Méi Informatiounen iwwert Tauche fannt Dir um Internetsite vun der FLASSA, wou dir och all d’Clibb fannt. An och bei der Taucherfläsch, der Tauchschoul vum Steffi a Jérôme, kennt Dir Eech iwwert Tauchen informéieren.

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.