Um Lac de l’Eau d’Heure
Direkt dat Wichtegst am Ufank: Et war mega! Et war richteg cool, awer och ustrengend…
Mir waren zu iwwer 30 Mann, Fraen a Kanner, fir e Weekend zesummen ze tauchen an ze campen. Eist Ziel war den Lac de l’Eau d’Heure an der Belsch, wou mir mueres frei alleguer mat eisem Material ugereest sinn.
Bis bei de Lac de l’Eau d’Heure hu mir ronn 2 Stonne gebraucht, also esou wäit ass et net. Et handelt sech net nëmmen ëm een eenzege Séi mee et sinn där am ganze 5. Mat iwwer 600 Hektar Waasser, 600 Hektar Bësch a 600 Hektar Wiss, ass et de gréisste kënschtleche Séi an der Belsch. Et fënnt een eng enorm grouss Fläsch vir, wou nieft dem Tauchen, nach villes méi gebuede gëtt.
Mir waren eng komplett gemëschten Equipe. Vun absoluten Tauch-Spezialiste mat immens vill Erfarung an Tauch-Lehrer, bis einfach begeeschterten Taucher an absoluten Ufänger (wéi mir), war alles mat dobäi. Mir waren zwar Tauch-Ufänger mat wéineg Erfarung ënner Waasser, mee mam Campen kenne mir eis schonn zimlech gutt aus. Vue que datt mir als Famill ugereest sinn, hat ech de grousse Luxus direkt 2 Scouten (meng Fra a mäi Meedchen) dobäi ze hunn. Ënnert hirer Leedung stoungen eis Zelter am nu. Nodeems eis eegen Zelter bis opgeriicht waren, huet mäi Meedchen de manner experimentéierte Camper beim Opbau vun hiren Zelter gehollef.
Nodeems den Zeltopbau erleedegt war, ass et schonn eescht ginn, de Briefing stoung un. Beim Briefing gouf eis erkläert ob wat ee bei deem Séi oppasse muss. Konditiounen, Reegelen an e puer weider Informatioune goufen eis matgedeelt. Dat Spannend fir Taucher duerft natierlech och net feelen: Wou ass wat ze fannen? Am Séi léien en Helikopter, en Bus, en Auto, Schëffer a villes méi, wat een alles besichtege kann. Wracktauchen ass op allefall och eppes, wat mir onbedéngt wëllen dat nächst Joer maachen.
Eisen Tauchgang war allerdéngs eréischt fir Mëttes geplangt. Wëll mir nach kee Brevet hunn, wollte mir vun dem Ausfluch profitéieren, fir mat engem Tauchinstructor e puer wichteg Übungen ze widderhuelen. An e puer Woche gëtt et nämlech zu Bali eescht, mir wëllen do eisen Tauch-Cours ofschléissen an uschléissend de Brevet maachen.
Ier et an d’Waasser goung, hu mir nach vun eiser fräier Zäit profitéiert an zu Mëtteg giess. Dofir stoung e risege Grill prett.
Am Nomëtten hu mir eist Material zesummegesicht a preparéiert. Wei mir eis bis an den Neopren gequëtscht haten, si mir Richtung Waasser gelaf oder besser gesot gewackelt. Eng Tauchausrüstung ass u Land enorm schwéier. Fir dass ech spéider ënner Waasser bleiwen, hat ech 10 Kilo Bläi u mir hänken an dobäi kennt nach d’Gewiicht vun der Fläsch mam Sauerstoff. Mat deem ganze Gewiicht kennt een doduerch net méi schnell vum Fleck.
De Jérôme, vun der Taucherfläsch, war eisen Instructor. No enger klenger Aweisung u Land ass et an de Séi gaangen. Temperatur vum Séi war angenehm an net ze kal. Ënner Waasser, huet de Jérôme eng Réi vun Übunge mat mir gemaach. Nodeems déi all geklappt hunn, si mir nach e puer Minutte ronderëm getaucht. Zu mengem Erstaunen hunn ech vill kleng a bëssche méi grouss Séibewunner kenne geléiert. Impressionnant!
Aus dem Waasser eraus an erëm am Dréchenen, war et scho spéit. Lues a lues hunn déi aner Taucher, déi just fir en Dagesausfluch komm waren, de Site verlooss. Nieft 2 méi grousse Gruppen, déi lenks a riets vun eis campéiert a gefeiert hunn, ware mir praktesch eleng.
Mir hunn eise Grill erëm ugeheizt an hunn eis zesummen e ganz gemittlechen Owend gemaach. Eise Bouf, den och mat an de Séi tauche war, huet eis verzielt, wat hien dann alles ënner Waasser gesinn huet. Niewent de Fësch an Muschelen, war hien och nach en Zwerg besichen, deen am Séi steet. Et goufe weiderhin och nach déi al Spiichten a Geschichten ausgepaakt a mir hunn e flotten Owend an enger sympathescher Ronn verbruecht.
Sonndes sinn déi meescht nach emol tauche gaangen. Mir hunn awer eis Zelter ofgebaut an hunn en Tour ronderëm de Séi gemaach, fir ze kucke wat nach alles sou gebuede gëtt.
Just vis-à-vis vun der Plaz wou mir tauche waren, hunn sech lauter Surfer mat hire Brieder getraff. Et muss een awer net onbedéngt an d’Waasser. Ronderëm de Séi ginn et nach lauter weider Méiglechkeete Sport ze maachen, vu Vëlo fuere bis an de Beem klammen a nach villes méi.
Also mir, meng Fra an ech, waren eis eens: dat war net déi leschte Kéier datt de Lac de l’Eau d’Heure eis gesinn huet.
Leave a Comment