Tauchen zu Bali

Kuerz virum Brevet?

Eis  Aventure mam Tauche geet zu Bali, an eiser Familljevakanz, weider, an nach hu mir eisen Diplom – eise Brevet – net an der Täsch.

Wat ass bis elo geschitt?

Meng Fra, mäi Bouf an ech hunn bis elo eréischt en Deel vun eiser Ausbildung gemaach:

Mir hunn eng Partie Theorie Stonne gehat, iwwer déi mir een Examen haten. Doropshin hunn mir an der Schwämm déi éischt Otemzich ënner Waasser gemaach an dobäi lauter verschidde wichteg Saache geléiert a geüübt.

Wëll mir elo awer esou laang Zäit tëscht den Übungen an eisem leschte Cours haten, ware mir nach emol mat der Taucherfläsch e puer wichteg Saachen üben… Elo si mir prett fir zu Bali, an der Vakanz, am waarme Mier eise Brevet ofzeschléissen.

Wat feelt eis nach?

Zu Bali, musse mir mat eisem Instructor, dem Lena, am ganze 4 Mol an d’Mier tauche goen a verschidden Aufgaben üben. Eng dovunner, an op si freeën ech mech am meeschten, ass ‘Exploration’.

Exploration heescht ganz einfach mam Instructor ronderëm Tauchen an alles ënner Waasser entdecken. De grousse Virdeel hei ass, dass den Instructor seng Géigend wéi aus dem FF kennt. Esou kann een sech op besonnesch Plaze freeën. Usech ware 15 Minutten Exploration ugesot, mee d’Lena fënnt 15 Minutten ze kuerz, esou dass hat aus hinnen 30 Minutte gemaach huet an eis d’Méiglechkeet gëtt bësse méi ze erliewen. Cool, mir hunn eis gefreet!

Virun der Tauchstonn, hunn mir eis als Éischt d’Material zesummegesicht a probéiert a wat fir en Neopren mir erapassen. Wou mir dunn prett waren, goung et nach zum Briefing. Hei huet d’Lena eis erkläert wat genau fir Aufgaben eis erwaarden a wou mir tauche ginn. Direkt nom Briefing hu mir d’Material preparéiert: alles zesummebauen a fest maachen, esou wéi mir dat schonns e puer mol an der Schwämm zu Lëtzebuerg gemaach hunn. Dat war net all ze schwéier… just mat de Ventiller hate mir e puer Startschwieregkeete well si benotzen zu Bali een anere System wéi mir an Europa. D’Lena huet eis dësen awer gedëlleg erkläert, esou dass am Endeffekt jidderee prett war an et konnt lass goen.

Den éischten Tauchgang am oppene Mier

Fir den éischten Tauchgang hunn mir net wäit misse goen: direkt beim Hotel an der Tauchschoul si mir an d’Mier gewatschelt. Och schonn hei, direkt virun der “Hausdier”, war et immens flott. Mir hunn eis gefillt wéi an engem Aquarium voller faarweger Fësch.

Mir hunn eng Réi ganz einfach Aufgabe gemaach ier mir eis dës Ënnerwaasserwelt méi am Detail ugekuckt hunn. Fir eis war dëst besonnesch gutt, fir e Gefill fir d’Beweegung, Schwiewen am Waasser ze kréien. Déift am Waasser ass ofhängeg vun der Loft déi een an- an ausotemt oder am Gilet huet. An dat muss een einfach üben.

Obwuel mir bal eng Stonn getaucht sinn, huet et sech net no enger Stonn ugefillt a war séier eriwwer. Nach en Debriefing an de Rendezvous fir den nächsten Tauchgang: an enger Stonn sollt et mam 2. Vu 4 weider goen. Mir haten also eng kleng Paus fir eppes Klenges ze iessen an ze drénken.

Den 2. Tauchgang: Mam Boot eraus

Déi Stonn waarden huet éiweg gedauert well kee vun eis et konnt erwaarden nees an de “Aquarium” ze sprangen. Dës Kéier si mir mam Boot bëssen um Mier erausgefuer a vun do aus an d’Mier gesprongen. Lauter néi Erfarungen.

Och hei: als éischt eng Réi vun Übungen an Exercicer an duerno Entdeckungsrees! Et war immens flott…awer dunn…wärend dem Tauchen hat ech en komescht Gefill. Ech hu gemengt et géif Loft aus mengem Ouer kommen… Mir hunn zesummen eisen Tauchgang fäerdeg gemaach an et war och u sech alles an der Réi mee mäin Ouer huet mir keng Rou gelooss. Ech hat et net wéi, mee et huet sech net ugefillt wéi soss a well et sech och am Nomëtteg nach net erëm ‘normal’ ugespuert huet, hunn ech mech entscheet, bei en Dokter ze goen.

Doktesch vum Medical Center am Duerf vun eisem Hotel huet  ënnersicht huet eng Ouerenentzündung festgestallt a festgehalen, dass ech fir 3 Deeg net an d’Waasser soll. De schlëmmsten Deel vun dëser Diagnos war, dass ech net méi tauche sollt. Sou ass dunn mäin Brevet an d’Waasser gefall. Ech war richteg enttäuscht.

Meng Fra a mäi Bouf, hunn déi 2 aner Tauchgäng an deenen nächsten Dag awer wéi geplangt gemaach an hunn esou hire Brevet kritt.

Ech hunn de Brevet deen ech ugestrieft hunn also elo, zréck zu Lëtzebuerg, nach net, mee:

Safty first, then fun!

Fir op Nummer sécher ze goen, sinn ech, direkt no der Vakanz, heiheem bei den ORL gaangen. Deen huet dann och nach en Lach am Trommelfell fonnt! Mam Tauchen ass elo also sécher mol fir e puer Woche Paus… wat duerno ass, dat weess elo nach keen.

Meng Fra a mäi Bouf, sinn Allenzwee mam Open Water Diver; respektiv den Open Water Diver junior heem op Lëtzebuerg komm. Ech si mächteg stolz op si! Ech hunn Scuba Diver an duerf also just mat engem Tauchlehrer an d’Waasser sprange – virausgesat mäin Ouer léist et zou.

Datt ech elo awer en éischten, méi klengen, Brevet hunn, wäert et mir méi einfach maache fir weider ze fueren. Ech halen Iech um Lafende wéi, an ob, meng Tauchaventure weidergeet.

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Blog Comments
Avatar

Moien, ech tauche scon zenter vill Joeren an haat och schon 2x een Lach am Ouer, mee keng Angscht, Tauchen ass ned eriwwer, daat geet erem zou, muss dech just gedellegen. Courage an dann have fun.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.