De Papagei Oscar am Altersheim

Hallo Dir léif Lieser,

Haut wëll ech Iech mäin neit Kannerbuch, dat fir d’Walfer Bicherdeeg virgestallt gëtt, presentéieren. Ech ginn Iech och elo scho Rendez-Vous de 16.&17. November zu Walfer op de Bicherdeeg an der Hall for kids. Samschdes ass och eng Liesung. Weider Detailer op der Internetsäit vun de Walfer Bicherdeeg.

Een eescht Thema – d’Altersheim – gëtt duerch d’Hëllef vun engem witzege Medium – engem Papagei –  jo, Dir liest richteg, erkläert, thematiséiert a flott duergestallt.

Mee komm mir fänke fir un mat der Fro:

Wéi kommen ech drop, fir Bicher ze schreiwen?

Abee, wéi meng zwee Kanner kleng waren, sinn ech natierlech op d’Sich gaangen, fir flott Kannerbicher a Lëtzebuerger Sprooch ze fannen. Vu, datt dat zu deem Zäitpunkt – Ufank der 90 Joren – awer guer net einfach war, hunn ech decidéiert, et einfach selwer ze probéieren. Ech hu mir e Konzept ausgeduecht fir eng Serie erauszebréngen an zwar no der alphabetescher Reiefolleg vum internationale Funkalphabet.

Hei ass d’internationaalt Funkalphabet, dat an der Aviatioun, an der Police a bei de Pompjeeë bekannt ass:

ALPHA, BRAVO, CHARLIE, DELTA, ECHO, FOXTROTT, GOLF, HOTEL, INDIA, JULIETTE, KILO, LIMA, MIKE, NOVEMBER, OSKAR, PAPA, QUEBEC, ROMEO, SIERRA, TANGO, UNIFORM, VICTOR, WHISKY, XRAY, YANKEE, ZOULOU.

All Buch aus menger Serie ass eenzel an huet seng eege Geschicht. Et sinn awer verschidde Charakteren déi ëfters an de Bicher virkomme wéi z.B. d’Famill MORRONI mam klengen Toni, déi schrulleg Madamm SCHRULL-THULL, den Hond ECHOO, de Gangster Mister INCOGNITO oder och d’Journalistin Jeanny.

Et ass mir wichteg léierräich Bicher zu verschiddenen Themen ze erschafen, wéi beispillsweis:

  • am Buch Bravo Toni Morroni: d’Thema Verantwortung iwwerhuelen,
  • am Buch Alarm am Hotel Golf Hotel India d’Thema Rettungsdéngscht,
  • am Buch: D’Maus Juliette huet Iech gewarnt d’Thema Trauer,
  • am Buch: Mir danze Foxtrott duerch d’Stad Lëtzebuerg: Infoen iwwert Viruerteeler a Quizer & Infoen zur Haaptstad,
  • am Buch Delta iwwert knaschtegt Waasser an Afrika

Elo sinn ech bei de Buschtawen N, O, P, Q, R ukomm an d’Serie geet d’nächst Joer weider. November, Oscar, Papa, Québec, Romeo….deemno hunn ech mir elo hei geduecht aus Papa maachen ech mol Papa..mat gei…also Papagei. E Papagei mam Numm Oscar.

Wéi sinn ech op d‘Thema Altersheim komm?

Ech hat déi eemoleg Chance fir wärend engem Joer an engem Altersheim an der Stad Lëtzebuerg mat eelere Leit als Animatrice ee Molatelier ze leeden. Dëst huet mir déi néideg Inspiratioun fir dëst Buch ginn. Ech hunn sur Place ze gesinn, wéi eeler Leit hiren Alldag bewältegen.

Och Thema Trauer, een Thema dat éischter tabuiséiert gëtt, hunn ech gewot mat an d’Buch eranzehuelen. Ech behandelen et op eng liicht a witzeg Aart a Weis. Ech hunn Kontakt mat enger Infirmière opgeholl, fir hier meng Iddien ze presentéieren, an si huet se fir gutt befonnt. Weider ginn Theme wéi Demenz, medezinesch Leeschtungen, gesond Ernierung am Alter kuerz beliicht.

Em wat geet et am Buch?

Am Buch geet et em d’Geschicht vum Oscar, de Papagei aus dem Québec, deen am November bei de Bopi Romeo an d’Altersheim flitt, fir och do bei him ze wunnen. Leider huet de Bopi hien awer net méi erëmerkannt.

De Papagei begéint e Mann, deen do schafft an him vill Erklärunge gëtt, wat alles an engem Altersheim ofleeft och a punkto Aktivitéiten, déi d’Pensionnairë maachen. Si ginn all gutt versuergt, kréie gutt ze iessen an am Fall wou, och perséinlech Fleeg.

Den Oscar stiicht eng no der anerer. Als Beispill: hie léint sech dem klenge Mikka, deen op Besuch kënnt, seng Rullschong a flitt eng Ronn duerch de grousse Park an herno ass hie souguer een Held, well hien nuets ganz eleng e Feier läscht, éier d’Pompjeeën dat am Grëff hunn.
D’Buch ass illustréiert duerch flott faarweg Fotoen, selwer gemoolten Aquarellen oder och Cartoons vum Här Claude Christ.

Duerch eng locker Schreifweis mat deem engen oder anere Witz a ville Visueller, ass et ee Buch fir Jonk an Al.

D’ISBNR ass: 978-99959-931-4-6 a bei Interessi kënnt dir d’Buch ganz einfach bei mir iwwer scmart@pt.lu bestellen. De Präis läit bei 28€ (inklusiv 3€ Porto).

Tags:
Sylvie

Sylvie

Mäin Numm ass Sylvie Collignon-Mathieu, ech si 56 Joer al a wunnen am Süde vum Land. Als Lëtzebuerger Artistin an Autorin vu Kannerbicher sinn ech u villem interesséiert. Zu mengen Hobbye gehéiert alles, wat mat Kreativitéit zesummenhänkt: Molerei, Bicher gestalten, Kachen, Sport & och d'Natur. 

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.