„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

Bekannt Lëtzebuerger: Thierry Van Werveke
Den Thierry van Werveke ass de Liiblingsschauspiller vun de Lëtzebuerger.
Hien ass den 23. Oktober 1958 zu Genf an der Schwäiz gebuer a kréich elo 61 Joer. Hien ass awer leider schonn den 11. Januar 2009 am Alter vun nëmme 50 Joer zu Luxembuerg gestuerwen.
Hie war e lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger.
1982 huet hie fir d’éischt am Andy Bausch sengem Kuerzfilm „Stefan“ matgespillt.
De Film „Abracadabra“ vum Harry Cleven war 1993 säin éischte Film op Franséisch.
Mat senger Roll als Belsch Henk am Film „Knockin’ on Heaven’s Door“ gouf hien 1996 och beim däitsche Publikumbekannt. Duerno hat hie reegelméisseg Rollen an däitsche Filmer a Fernsehserien.
Donieft huet hien och nach Theater gespillt a war als Sänger vun de Lëtzebuerger Bands Nazz Nazz an Taboola Rasa aktiv.
Schauspiller, Rocker, Troublemaker, Enfant Terrible – en Nationalheld.
De Film „Troublemaker“ aus dem Joer 1988 huet den Thierry bekannt gemaach. Säi Kultzitat aus dësem Film kennt all Lëtzebuerger: “D’Keess op an d’Klacken eraus!” (“Open the cash point and hand over the money!”).
Mat iwwer 80 Filmer a Fernsehserien um Kont, enger Musekskarriär mat treie Fans (Nazz Nazz, Taboola Rasa, Luxus) a reegelméissegen Optrëtter am Theater bleift de Liiblingsschauspiller vum Regisseur Andy Bausch ganz sécher zu Lëtzebuerg onvergiess.
No sengem Dout ass d‘”Fondatioun Thierry Van Werveke” gegrënnt ginn. Si hëlleft jonken “Troublemakeren”, dat heescht jonke Leit a Schwiregkeeten, an/oder déi sozial benodeelegt sinn.

Vocabulary
Liiblingsschauspiller (m) = favourite actor
kréich (Verb: kréien) = would become
gestuerwen (Verb: stierwen) = died
Publikum (s) = audience
donieft (adv) = alonside
Sänger (m.) = singer
Nationalheld (m) = national hero
Kultzitat (s) = legendary quotation
trei (adj) = faithful
Optrëtt (m.) = appearance
onvergiess (adj) = unforgotten
gegrënnt (Verb: grënnen) = founded
Schwiregkeeten (pl.) = difficulties
benodeelegt (adj.) = deprived

Leave a Comment