E puer Kilo zevill Lima Mike

Hallo Dir léif Lieser,

Haut wëll ech Iech nach e neit Kannerbuch mam Numm: E puer Kilo zevill Lima Mike presentéieren.

Ech perséinlech ginn Iech och elo scho Rendez-Vous de 16. & 17. November 2019 zu Walfer op de Bicherdeeg an der Hall for kids, wou dëst an och mäin anert Buch De Papagei Oscar am Altersheim (wat ech Iech hei scho presentéiert hunn) offiziell virgestallt ginn.

Wéi ech Iech schonn a mengem leschten Artikel erzielt hunn, schreiwen ech Bicher säit meng Kanner kleng waren, well ech fonnt hunn, dass et zu deem Zäitpunkt (Ufank 90er Joren) net vill Choix ginn ass wat Lëtzebuerger Kannerbicher ugaangen ass. Säit deem bréngen ech reegelméisseg Bicher eraus an orientéiere mech fir Titel vun de Bicher um internationale Funkalphabet, dat an der Aviatioun, an der Police a bei de Pompjeeë bekannt ass.

Elo beim dësem Projet sinn d’Buschtawe K, L, M un der Rei gewiescht an esou ass deemno och den Titel E puer KILO zevill LIMA MIKE entstanen.

D’Thema wat an dësem Buch behandelt gëtt ass d‘Iwwergewiicht bei Kanner, een Thema, dat méi wéi aktuell ass, zemools well ëmmer méi Leit dovunner betraff sinn. Iwwergewiichteg sinn heescht leider heiansdo och „Ausgrenzung“, well een net der, duerch d’Medie virgeschriwwener „Norm“ entsprécht. Dat ass net gutt an zemools an de Schoule kann dat zu Mobbing féieren. Iwwer Mobbing gëtt dann och nees net gär geschwat, well et een onbequeemt Thema an eiser dach esou perfekt organiséierter Welt ass. Mir sinn also an engem Däiwelskrees.

D’Thema hat ech also an nom Eraussiche vum Titel, hunn ech eng Geschicht dozou geschriwwen. Am Buch geet et em de Mike, ee Jong, deen net méi mat turne geet, well de Sam zu him sot, hie wär därmoossen deck a géif sténken. De Mike huet also ëmmer erëm Ursaachen erfonnt, fir net méi an der Sportsstonn mussen derbäi ze sinn: Kapp wéi, d’Zänn wéi, den Turnsak vergiess,… Doheem allerdéngs, verzielt hien déi schéinste Geschichten: den Turnsall gëtt renovéiert an dat dauert eng länger Zäit… Gutt dass d’Joffer gemierkt huet, dass eppes faul ass an d’Eltere vum Mike kontaktéiert. All zesumme fannen si eng passend Léisung.

D’Geschicht gëtt Erklärungen zum Thema Iwwer-an Ënnergewiicht, Iesskrankheeten an Ernährung. Weider fënnt een och gesond Rezepter vu Smoothie, Milkshake iwwer selwergemaachten Tomateketchup bis zu Tofubällercher. Natierlech ginn et och Proposë fir Spiller dobaussen a Quizzer zum Thema Sport. Beweegung gehéiert nämlech och bei d’Thematik. Ech hunn och eng ganz Réi Ulafstelle fir concernéiert Leit an d’Buch erageholl, esou dass keen sech eleng fillt.

Duerch eng locker Schreifweis mat ville Visueller a mat witzeg Lëtzebuerger Spréchwierder zum Thema ass et een informatiivt Buch fir Jonk an Al. Dem SNE no, dem Erausgeber vum Buch, kann dëst Buch ganz einfach an den Enseignement erageholl ginn. Et fëllt 12 Stonne Cours an ass een ideale Support fir d’Kanner iwwer Thema Iwwergewiicht opzeklären.

D’Buch ass illustréiert duerch flott faarweg Fotoen, selwer gemoolten Aquarellen a Cartoons gezeechent vum Här Claude Christ. Et ass, wéi och déi aner am Hardcover, Din A 4 an huet 62 Säiten.

Wënschen Iech ganz vill Freed beim Liesen an Entdecken.

D’ISBNR ass:   978-2-87992-102-0  a bei Interessi kënnt Dir d’Buch ganz einfach am Shop vum SNE zu Bouneweg, 11, rue des Ardennes oder bei mir iwwer scmart@pt.lu bestellen. De Präis läit bei 28€ (inklusiv 3€ Porto).

D‘Serie geet d’nächst Joer weider mat de Buschtawe SIERRA TANGO UNIFORM, wou ech elo schonn eng Geschicht am Kapp hunn. Ech halen Iech um Lafenden, dir duerft gespaant sinn.

Tags:
Sylvie

Sylvie

Mäin Numm ass Sylvie Collignon-Mathieu, ech si 56 Joer al a wunnen am Süde vum Land. Als Lëtzebuerger Artistin an Autorin vu Kannerbicher sinn ech u villem interesséiert. Zu mengen Hobbye gehéiert alles, wat mat Kreativitéit zesummenhänkt: Molerei, Bicher gestalten, Kachen, Sport & och d'Natur. 

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.