Den 9. November 2019 treffen sech zu Diddeleng d’Frënn vun de Kampfsport an de Kampfkënscht fir d’Leit mat enger Show ze begeeschteren.
Et ass datt éischt Evenement an dëser Form zu Lëtzebuerg an eenzegt an der Groussregioun.
Ech hat d’Chance mam Nico Christmann, engem vun den Organisateuren, iwwert dëse Mammutprojet ze schwätzen.
Hei kennt dir de ganzen Interview kucken:
D’Nuit des Arts Martiaux ass den 9 November 2019, zu Diddeleng am Centre sportif René Hartmann. Owes um 19h30 geet de Spektakel lass.
Dir kritt folgend Kampfkënscht, Kampfsportarten an impressionnant Demo’en mat Musik a Lightshow zerwéiert:
- Aikido
- Capoeira
- Hapkido
- Hwa Rang Do
- Judo
- BJJ / Jiu Jitsu Brésilien / Taijitsu
- Karaté
- Kick Boxing
- Capoeira
- Krav Maga
- Lapunti
- Muay Thai
- Taekwondo
- Yoseikan
Tickete kaschten, am Virverkaf iwwer nam.lu, 15€ fir Erwuessener an 8€ fir Kanner a Jugendlecher.
Op der Rosport Life Facebook Säit hutt Dir awer elo an nach bis den 28. Oktober 2019 Zäit 2×2 Entréesticketen ze gewannen. Vill Gléck.
Ech freeë mech schonn op dëst Event!
Leave a Comment