Ee Gespenst fir Halloween 

Moien!

Virop emol häerzlech wëllkomm a Merci dass Dier dëse Blog Post liest, dee gläichzäiteg och mäin alleréischten ass deen ech fir Rosport Life schreiwen. Ech sinn e bëssen opgereegt an nervös, an éier dat d’Iwwerhand hëlt, fänke mer léiwer direkt un.

Geschwënn ass Halloween, an obwuel dat bei eis net esou grouss geféiert gëtt, hunn ech mer geduecht et wier flott e klengt Gespenst ze zeechnen. Klengt elo esou direkt vill ze einfach, mee liest weider! Dës kleng Zeechnung ka ganz schrecklech séiss a léif, oder och e bësse méi grujeleg ginn, jee no deem wat Iech léiwer ass. E bëssen extra chic gëtt de klenge Geescht dann nach an deem mer e Faleworf a säi Läinduch zeechnen.

Also, ouni nach weider laang em de waarme Bräi ze schwätzen, hei eng kleng Uleedung wei een e Gespenst moolt.

1. Als éischt moolt een eng oval Form. E bëssen ewéi en Ee, e bëssen ewéi eng Gromper… Déi meescht Ufäng si schwéier. Denkt heibäi drun ganz licht ze skizzéieren an net ze fest op de Stëft ze drécken. Soss kann et ganz schwéier bis onméiglech ginn déi ongewënschte Linnen herno ewech ze maachen.

E klengen “Pro” Tipp: huelt e faarwegen anstatt vun engem Graphit-Bläistëft. Dat mëscht et herno méi einfach Sketch vu fäerdeger Zeechnung ze ënnerscheeden, an hëlleft Feeler ze vermeiden.

2. Dann, zitt eng horizontal Linnen duerch Är Ee-Form, ongeféier op der Héicht vun 2/3 vun uewen erof.

3. Zeechent véier Linnen déi sech licht no bausse béien. Zwou dovu sollten do ufänke wou déi viregt horizontal gezu Linn an den Oval sech schneiden. Och déi Bannescht setzen un der Gromper-Form un, dat awer méi oder wéineger en Zentimeter méi no bannen (dësen Ofstand ka jee no Gréisst vun ärer Zeechnung variéieren).

4. Am nächste Schrëtt maache mer eisem Gespenst säi Läinduch “zou” an deem mer dës gewellte Linne molen. Dat esou wuel fir déi Fiicht ewéi och vir déi Hënnescht. Denkt dobäi drun dat Stéck vir verschidden Elementer vun deem hannendru verstoppt.

5. Duerno skizzéiere mer de Faleworf mat (hei) bloe Linnen. Déi tëscht de Schlaangelinne béien sech licht no bannen, dann erëm no baussen, wärend déi uewen driwwer nëmmen no banne gezu ginn, esou dat se zu zwee an zwee no uewe méi no unenee kommen.

6. Den nächste Schrëtt ass zimlech direkt eraus. Mat engem Stëft vun ärem Choix zeechen Dier d’Grondlinne vun ärem Motiv no. Passt dobäi op, dass Dier net onverhofft Hëllefslinne mat zeechent. Dat ass mir, a Gedanke verluer, méi oft virkomm wéi ech et gär zouginn.


Wéi der gesitt, hunn ech eng vun de banneschte Linne méi laang gemaach ewéi déi aner vir e bësse Variatioun dran ze kréien. Och déi baussecht Linne sinn net symmetresch. (Déi riets geet méi héich uewe schonn no bausse wéi déi Lenks) Esou “Imperfektiounen” hëllefen Ärem Bild manner steif a méi “natierlech” ze wierken.

7. Beim Faleworf, kenn Dier entweder duerchgoend oder gebrache Linnen zeechnen. Ech perséinlech hu léiwer Ënnerbrachener. All Stréch huet eng aner Längt vir e bësse méi Dynamik mat dran ze bréngen.

8. An zu gudder Lescht radéiere mer d’Skizz ënner eiser Zeechnung !virsiichteg! (vir dat een net aus Versinn de Pabeier futti rappt oder kniwwelt) a ginn dem Gespenst nach e Gesicht. Wéi scho gesot, op léif oder grujeleg hänkt ganz vun Iech of.

Opgepasst: éier Dier ufänkt ze radéieren, gitt op Nummer sécher dat d’Tënt vun Äre Stëft ganz dreschen ass. Soss verschmiert Dier Iech ënner Ëmstänn Är ganz Aarbecht.

9. Wat maach Dier aus Ärem Gespenst? Gëtt et vläicht e Lampion, Deel vun enger Girland, oder e Bild vir Halloween vir faarweg ze molen? Wann Dier et faarweg moolt, vergiesst net dat Deeler déi méi no hanne leie méi däischter si wéi déi vir, an denkt un d’Schieter déi d’Falen am Duch werfen! Ech hunn aus menge Stickere gemaach, hinnen e klenge Putsch ugedoen an een dovun op eisem Hond seng Fudderkëscht gepecht vir de Kueder Angscht dovun ze maachen draus ze schneeken. Dier kënnt Iech sécherlech denken dat en net beandrockt war.

   

Domat si mer och schonn um Ënn vun dësem Post ukomm. Ech hoffen ech konnt Iech e bëssen inspiréieren. Vill Spaass mat de klenge Gespenster!

Tags:
Stéphanie K.

Stéphanie K.

Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Blog Comments
Avatar

Moien Stephanie, Daat as jo eng flott iddi ,daat well ech onbedengt ausprobeieren. Merci fir den tuto

Stéphanie

Villmols merci a flott datt et Iech gefall an inspiréiert huet! 🙂

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.