„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

Bekannt Lëtzebuerger: John “Herkul” Grün
De John Grün ass de 27. August 1868 zu Munneref gebuer an den 3. November 1912 gestuerwen. Hie war bekannt ënnert dem Numm Herkul Grün an deemools als dee stäerkste Mann vun der Welt.
De John Grün koum aus enger Munnerefer Handwierkerfamill.
Als Kand huet hie sengem Papp misse bei der Aarbecht hëllefen. Mat enger Ieselskar ass d’Dëppegéisserfamill uechter d’Landgefuer fir Dëppen an aner Geschir fir de Stot ze verkafen oder ze flécken. Wann den Iesel net méi zéie wollt, war de John un der Rei.
De 7. Januar 1889 ass den 21-järege John Grün an Amerika ausgewandert. Fir d’éischt huet hien als Barkeeper zu St. Louis geschafft. Dunn huet hien den Alexander Marx, e professionellen Athlet a Kraaftmënsch kennegeléiert. De Marx huet dem Grün säin Talent erkannt an déi zwee sinn als Marx Brothers opgetrueden.
De John Grün war 1,80 m grouss an huet tëscht 100 an 106 kg gewien. Säin Halsëmfank war 47 cm, säi Broschtëmfank 128 cm, säi Bizeps 47 cm, säin Uewerschenkel 66 cm a seng Wued 43 cm.
Bei sengen ëffentlechen Optrëtter huet hien ënnert anerem Neel mat de Fangere gebéit a Kette gesprengt. Eng vu senge bekanntsten Nummeren ass, 2 Päerd mat 2 erwuessene Reider drop an d’Luucht ze hiewen.
De 16. Mee 1897 ass de John Grün virum Groussherzog Adolf opgetrueden. Am selwechte Joer war de John Grün och op der Schueberfouer. 1898 huet hien op der Schueberfouer e Karussell mat 11 Mënschen drop während e puer Minutten am Gläichgewiicht gehalen.
Säi leschte groussen Optrëtt hat de John Grün 1909 zu Esch-Uelzecht. Kuerz duerno huet en en Hireschlag erlidden. E konnt duerno net méi schwätzen an huet seng Karriär als Kraaftmënsch missen opginn.
Fir Suen ze verdéngen, huet de John Grün zu High Wycombe, enger Stad am Buckinghamshire 50 km westlech vu London, en Hotel kaaft, dat e mat senger Fra Emily Comens gefouert huet.
D’Koppel hat dräi Kanner: Johnny, Emmy a Leo.
1911 ass seng Fra gestuerwen. Enn Januar 1912 ass hien zréck op Lëtzebuerg komm, wou en den 3. November am Alter vu 44 Joer gestuerwen ass. Dräi Deeg méi spéit, de 6. November 1912, gouf hien um Munnerefer Kierfecht begruewen.

Vocabulary
gestuerwen (Verb: stierwen) = died
Handwierkerfamill (f) = family of craftspeople
Dëppegéisser (m) = a tinker
Dëppen (s) = pot, saucepan
Stot (m) = household
zéien (verb) = to pull
ausgewandert (p.p. = auswanderen) = emigrated
opgetrueden (p.p.= optrieden) = performed
Halsëmfank (m) = neck circumference
Uewerschenkel (m) = thigh
ënnert anerem = amongst others
gebéit (p.p.= béien) = bent
gesprengt (p.p.= sprengen) = disrupted
Reider (m) = horseman
am Gläichgewiicht halen = to keep something balanced
erlidden (p.p.= erleiden) = suffered
gefouert (p.p.= féieren) = managed
begruewen (verb) = to bury
Munneref = Mondorf-les-bains
Ieselskar (f) = donkey cart
uechter d‘Land = through the country
Geschir (s) = crockery and cutlery
flécken (verb) = to repair
un der Rei sinn = to be someone’s turn
Kraaftmënsch (m.) = strongman
gewien (p.p.= weien) = weighed
Broscht (f) = chest
Wued (f) = calf
Neel (pl.) = nails
Ketten (f) = chain
Päerd (s) = horse
an d’Luucht hiewen = to lift
Hireschlag (m) = stroke
opginn (verb) = to abandon
Kierfecht (m) = cemetery
Leave a Comment