fbpx

Waasserfaarwen

Moien a wëllkomm zréck, virtuell Audienz!

Haut géing ech gär iwwer Waasserfaarwe “schwätzen”, vu dat et grad Hierscht ass an Aquarelle Faarwe wonnerbar si vir Blieder ze molen déi vläicht nach gréng si mee och schonn e bësse brong; eventuell mat enger klenger Touche vu giel an engem roudelzegen Ënnertoun.

Dëse Medium iwwerzeegt mat senger Fäegkeet Faarwe ganz einfach an ouni haart Linne matenee ze verblenden, esou wéi och senger Transparenz déi eis onendlech vill Méiglechkeete gëtt vir Nuancen iwwerteneen ze schichten, ouni déi Couche ënnendrënner ze verléieren. 

Ier ech bei dee klengen Zeechen Tutorial vun haut kommen, wëll ech d’Basics wat d’Materialien ugeet awer beliichten. Wann Dir Iech scho gutt mat Aquarelle Faarwen, Pinsel, Pabeier an Techniken auskennt, dann iwwersprangt den nächsten Deel ganz einfach a scrollt no ënnen.

 

D’Faarwen

Vir d’alleréischt muss ee sech natierlech mol Aquarelle Faarwen uschafen. Hei muss en oppassen, ënner den Terme Waasserfaarwe falen nämlech u sech all Faarwen déi mat Waasser aktivéiert ginn, och déi sou genannten “Deckfaarwen”. Dës gesinn op den éischte Bléck e bëssen aus wéi Aquarelle, hunn a Wierklechkeet awer wäiss Faarf als Basis, wouduerch se opak an éischter wéi Gouache ze benotze sinn.

Dann hu mer och verschidde Qualitéits Graden. Wann et finanziell méiglech ass, vergiesst déi 1€ Faarwe genau esou wéi déi Denger déi een an der Schoul benotzt huet (wat ausserdeem oft déi erwäänten Deckfaarwe sinn).

Elo muss een sech tëscht “Studente” a “Professionelle” Faarwen entscheeden. Studente Qualitéits Faarwe beinhalte meeschtens de selwechte Pigment mee méi Fëllstoff a sinn dowéinst méi bëlleg, obwuel verschidde Marken och “nëmmen” ähnlech bis (bal) identesch Pigmenter benotzen, déi aus verschiddene Grënn manner kaschten. D’Faarwauswiel ass an dëser Gamme méi kleng.

Déi Professionell kaschte méi, hunn awer och méi Pigment op déi selwecht Quantitéit Faarf, wat derzou féiert dat ee manner dovu brauch vir eng gläich grouss Fläch auszefëllen. Op een also elo bei de Studente Faarwe wierklech eppes gewënnt sief dohi gestallt.

Et gëtt och Firmaen déi den original Pigment an hirer Studente Linn duerch en Hue ersetzen. Dëst ass am Numm vun der Faarf vermierkt, an déi Nuance sinn zwar genau esou schéin unzekucken, allerdéngs méi schwéier mat anere Faarwen ze vermëschen wëll se selwer schonn aus méi wéi engem Pigment bestinn. Verschiddener maachen einfach alles brongelzeg, esou dat alles ausgesäit ewéi e Pull Bulli. 

Sou, nodeem mer eis entscheet hu wéi eng Waasserfaarwe kafen, maache mer eis op de Wee vir an dat nooste Konscht-Geschäft. Vläicht wësst Dir et schonn, vläicht si Dir awer och wéi ech ganz um Ufank an Dir hutt keng Anung dat Waasserfaarf net nëmmen a Pännercher, mee och och an Tüben an als Stäbecher (déi e bësse wei Wuessfaarwen ausgesinn) verkaaft gëtt.

Perséinlech hunn ech et am einfachste fonnt Pännercher ze kafen an dës mat Faarf aus Tüben (wat pro Milliliter bedeitend méi bëlleg ass) opzefëlle wann se eidel sinn. D’Stäbecher hunn ech bis elo nach net kaaft an och nach ni enzwousch (zu Lëtzebuerg) gesinn. Dës kann een a Stecker schneiden an ebenfalls benotze vir d’Pännercher opzefëllen.

Natierlech kann een d’Faarf och direkt aus der Tübe benotzen ouni se dresche ginn ze loossen. Mat de Stäbecher kann een op de Pabeier molen an dat Ganzt duerno mat engem Pinsel aus- a verblenden.

 

Generell géing ech soen dat een net méi wei 24 Faarwe brauch, a wann ee grad eréischt ufänkt géing ech souguer nëmmen 12 Faarwen empfeele well et een derzou zwéngt e bëssen eppes iwwer Faarwe mëschen ze recherchéieren an ze léieren. An natierlech ass et manner deier, wat virun allem gutt ass wann een sech bewosst gëtt dat Aquarelle awer näischt vir een ass.

De Pabéier:

Als nächst brauch Dir Pabeier a mindestens ee Pinsel.

Déi meeschte Skizzebicher a Pads vir Waasserfaarwe wéien tëscht 200 bis 300gsm. Et gëtt awer och Pabeier deen duebel esou schwéier ass, oder nëmmen 160 bis 180gsm weit. Bei der Uewerfläch muss een sech tëscht waarm a kal gepresst, NOT, a rau entscheeden.

D’Textur geet heibäi vu glat bis, wei den Numm et scho seet, rau. Déi verschidde Pabeieren huelen d’Faarf ënnerschiddlech op an dat selwecht Bild ka jee no Pabeier ganz aaner Charakteristike kréien. Wei een sech virstelle kann, ass eng manner texturéiert Uewerfläch besser vir Zeechnunge mat villen an/oder klengen, feinen Detailer gëeegent. Trotzdeem hänkt et am Endeffekt ëmmer ganz vun ärer perséinlecher Preferenz of.

Opgepasst: Waasserfaarwe Pabeier ass entweder intern oder externe mat Gelatine traitéiert. Wann Dir also 200gsm Pabeier kaaft deen net vir en naasst Medium gemaach sinn, hält en dem Waasser trotz sengem Gewiicht net stan.

Wärend et Pabeier gëtt deen nëmmen 8 Cent d’Blat kascht, kann de Präis och schnell bis 2€ a méi an d’Luucht schéissen. Genau esou wei mat de Faarwen an de Pinselen, muss Dir kucke wat vir Iech am beschte funktionéiert. Et gëtt wierklech gutt Qualitéits Produkter vir raisonnabel, Mëtt-situéiert Präisser. Vun richteg bëllegem Pabeier sollt een sech elo awer net allze vill erwaarden.

D’Pinselen: 

Zu gudder Läscht awer net manner wichteg: d’Pinselen. Déi behoert Zauberstief déi di wierklech Magie méiglech maachen an deem se Medium a Grondfläch vun eiser Konscht matenee verbannen. 

Hei gëtt et als éischt déi traditionell Pinselen déi aus syntheteschem oder Déier-Hoer gemaach sinn. Synthetesch ass natierlech déi eicht Wiel wann Dir Vegetarier, Veganer, oder einfach géint Saache sidd déi aus Pelz, respektiv Déier-Hoer gemaach sinn. Et existéiere wierklech gutt synthetesch Pinselen, an se si generell och manner deier wéi déi mat Natur-Hoer. Allerdéngs sollt een och hei an e gudde Marke Produit investéieren. Léiwer een anstännege Pinsel wéi 20 déi näischt daachen, schonn eleng wéinst dem Hoer Ausfall. 

E puer vun deenen extrem bëllege Pinselen zu Direm Kaf ech mech verleede gelooss hunn, verléieren ouni ze iwwerdreiwe méi Hoer wéi eise Kueder a waren innerhalb vun enger knapper Woch praktesch plakeg. Mol ofgesinn dovun dat se engem déi ganz haart Aarbecht domat versaue kënnen.

Déi zweet Optioun si Waasser (Tank) Pinselen. Hei ass de Kierper (de Still) e klengt Waasser Reservoir, wouduerch ee kee Waasserglas méi braucht. Dat mëscht des Pinselen äusserst praktesch vir ënnerwee oder vir dobaussen ze zeechnen. Dir dréckt hei einfach liicht op de Pinsel an aktivéiert mam Waasser dat austrëtt är Faarwen oder wäscht de Rescht dervun aus den Hoer eraus vir déi Nächst ze benotzen. Et Dirft keng grouss Iwwerraschung sinn dat och dës Pinsele vu ganz ënnerschiddlecher Qualitéit kenne sinn an am Präis variéieren. Et sollt een och soen dat een sech definitiv vir t’éischt muss dru gewinnen, e bësse méi oder manner Frustratioun um Ufank ass also ganz normal.

D’Haaptargument a Faveur vir traditionell Pinselen ass sécherlech einfach dat et vill méi Auswiel gëtt wat den Hiersteller, d’Gréisst, den Typ vun Hoer, an d’Form ugeet, vu dat et d’Waasser Tank Pinselen (bis elo) nëmmen als ronn a flaach gëtt.

D’Techniken: 

Dat sinn d’Basics vun de Materialien, maache mer weider mat den Techniken. Et gëtt der Dosenden, mee se baséieren am Endeffekt alleguer op dësen zwou: “Naass op naass” an “naass op dréchen”. Egal wat Dir maacht, Dir wäert ëmmer mat naasser Faarf op och naass Faarf oder naasse Pabeier, oder op eng dréche Schicht, sief et Pabeier oder ebenfalls Faarf, molen; souguer beim “dry brush”.

Zeechnung: 

Vir mäi Blat hei hunn ech dräi vun de véier Techniken ugewannt, a just déi vun naasser Faarf op naasse Pabeier ewech gelooss, eng Variant déi ech oft vir z.B. Sonnenënnergäng benotzen.

Nodeems Dir äert Motiv gezeechent hutt (ganz liicht, soss gesäit een de Bläistëft ënner de Waasserfaarwen), maach Dir är Faarwenauswiel. Ech hu mech vir giel, orange, brong ane bësse rout entscheet. Probéiert an enger Faarwefamill ze bleiwen oder net méi wei eng ausserhalb dervun dran ze hunn. Vir unzefänken ass et wahrscheinlech am einfachsten nëmmen eng Nuance pro Faarf ze huelen an dës ënnertenee ze vermësche vir méi Variatioun a verschidden Téin ze kréien.

Fänkt mat ärer “Basis” hunn, déi Faarf op déi duerno alles opgebaut gëtt. Passt hei op mat der Hellsten unzefänken. Aquarelle gëtt normaler Weis vun hell op däischter gemoolt. Jee no Eegenschafte vun der Faarf kann een se méi oder manner gutt erëm vum Pabeier hiewen. Dës Technik ass awer geduecht vir Effekter an Textur ze erzielen, an net Standard wéi ee Luucht oder méi hell Platzen a senge Biller moolt. Vir eng Nuance opzehellen, mëscht se mat Waasser, NET mat wäisser Faarf. Doduerch gi se just opak an dréif.

Wärend d’Faarf nach naass as, maacht kleng Punkte mat enger anerer Faarf dran. Se “bléien” a “bludden” dann an e neen.

Ech weess et ass heiansdo schwéier, mee probéiert gedëlleg ze sinn a waart bis äert Bild komplett gedréchent ass. Wann dat bis de Fall ass kenn Dir kleng Detailer wéi d’Blatoderen dran zeechnen. Dir kënnt och déi baussecht Ränner weider definéieren an dem Dir mat enger méi däischterer Faarf laanscht de Bord moolt an dat Ganzt no bannen hin ver- an ausblennt.

Spillt mat ärer Faarwen a sidd net schei. Experimentéiert bis Dir mam Resultat zefridde sidd.

Ech konnt engem schwaarze Rand net widderstoen. Dat ass awer e kreative Choix a jidderengem selwer iwwerlooss. Et ass einfach wéi ech zeechnen a wéi ech et am léifsten hunn.

Dat war et och schonn. Eng Aféierung vir Waasserfaarwen. Probéier Dir och gär deemnächst Aquarelle oder hutt Dir dat vläicht schonn? Gefält et Iech? Sot mer Bescheed! Soll Dir soss nach Froen hunn, kenn Dir déi natierlech och gär stellen. A wann net an alles ass kloer, da vill Spaass beim Pinsel schwéngen!

Bonus Tipp: Benotzt ëmmer zwee Waasserglieser, eent vir äre Pinsel dran of ze schwenken an en anert vir neit Waasser dermat opzehuele vir weider ze molen. Esou evitéiert Dir dauernd d’Waasser mussen ze wiesselen, an och d’Gefor datt et ze knaschtegt gëtt an Iech är Faarwe matscheg mëscht. 

Tags:
Stéphanie K.

Stéphanie K.

Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.