IVV Olympiad

Zu Aix-en-Provence

Moien, hei ass erëm den Alex, Äre Wanderer aus dem Süden .

No mengem Challenge vun 100 km Bornem, hat ech mir virgeholl dëst Joer un der IVV Olympiad a Frankräich deel ze huelen, déi vum 15. Bis den 19. Oktober zu Aix-en-Provence statt fonnt huet. IVV steet fir Internationaler Volkssportverband an d‘Olympiad fënnt all 2 Joer an engem aneren IVV-Memberland statt. Mäin Veräin Schëfflenger Globetrotters sinn dëst Joer mat engem Bus dohinner fueren, an esou war och ech dobäi.

D’Olympiad ass en Sportsfest fir jiddereen; et kann ee wanderen, schwammen, Vëlo fueren an esouguer danzen. Et ass super flott well ee vill Leit vun iwwerall begéint, déi déi selwecht Interessen hunn, sou dass den Austausch ganz liicht fält.

De 14. Oktober, war et esou weit. Um 6 Auer ass et mam Bus vu Schëffleng aus lass gaangen an no 12 Stonne si mir bei eisem Hotel am Zentrum vun Aix-en-Provence ukomm.

Fir 19h Auer hate mir am Restaurant reservéiert wou eis allerdéngs een éischten klengen Schock erwaart huet: d’Iessen war net bestallt, den Hotel huet vergiess gehat dem Restaurant Bescheed ze ginn, dass mir kommen. Dat ganzt huet sech dunn awer relativ séier gereegelt, wat mech gefreet huet, well ech hat nawell Honger.

Den Daach dorops, si mir um 9 Auer als Veräin eisen Olympiapass siche gaangen. All zesummen hunn mir ofgemaach, eis Owes géint 17 Auer beim Tourist-Office ze treffe fir un der Erëffnungszeremonie deel ze huelen. Esou ass mir den Dag iwwer Zäit bliwwen Aix kucken ze goen. Um Maart hunn ech witzegerweis ee Lëtzebuerger kennegeléiert dee viru Joren heihinner ausgewandert ass. D’Welt ass kleng!

Géint 17 Auer sinn ech dunn, mat mengem Lëtzebuerger Fändel bei den Tourist-Office gaangen an ech war iwwerrascht wéi vill Lëtzebuerger schoun do waren. Iwwerall Fändelen a rout T-Shirten. Stëmmung war ganz gutt. Géint hallwer 6 ass et dunn lassgaangen. Lëtzebuerger waren ongeféier zu 350 Leit vertrueden. Respekt. Et waren esou vill Leit do, esou dass mir leider net all an de Stade erakomm sinn.

Ech hunn mech mat Leit aus eisem Bus iwwert déi nächst Deeg ënnerhalen. Ech hat mir virgeholl 100 km ze maachen, dovun 2 Marathon an een 33 km Marche. Et wollte 5 wieder Leit matgoen. Dat huet mech gefreet. Den 1te Marathon sollt Daags dorops schoun um hallwer 7 lassgoen a mir ware motivéiert.

Den Dag vum Marathon si mir zu 6 an d‘Zelt gaangen, fir eis fir des Streck anzedroen a wou mir gesot krute mir sollten de schwaarze Markéierungen nogoen. Et war nach däischter Moies um hallwer 7, mee mat menger Täscheluucht goung et duerch Gaassen, Bëscher, iwwer Steng bis zum éischte Ravi, ëmmer dem schwaarze Punkt no. Um Ravi hunn mir neit Waasser krut, an d‘Leit hunn eis eis ‚bon courage‘ gewënscht fir de Marathon. Weider Bierg op bis zu engem ale Waassertuerm wou mir den éischte Fotostop gemaach hunn. Mir hunn eis e bësse gewonnert, dass nach keen neie Ravi komm ass…Mir hunn dunn och iergendwéi kee schwaarze Punkt méi gesinn, just nach grénger, mee mir sinn emol wieder gaangen. Iergendwann si mir dunn op eng Kräizung komm, wou mir Moies scho waren, an de schwaarze Feil huet erëm erop gewisen. Dat kann et dach net sinn! Mir waren erëm beim éischte Ravi!!

Mir hu gefrot an si soten eis mir missen dem grénge Punkt elo nogoen. Iwwerall sinn eis Leit entgéint komm déi net méi wousste wou si hin sollten higoen!! Bei deem ganze Kuddelmuddel war ech frou, dass mir a Frankräich waren, wou mir Sprooch verstanen hunn. Mir si schlussendlech dëse Wee 2 mol gaangen a waren ëmmer nach net um richtege Wee. Mir si getrëppelt, a getrëppelt…. Mir hate schoun 24km an de Féiss an et war schonn hallwer 12. Dee Moment ass eis eng wäiss Camionnette vum Staff entgéint komm. D’Membere vum Staff hu sech entschëllegt, eis Waasser ginn, an eis gesot mir kéinten onméiglech weider goen well mir géifen de ganze Wee net méi virun 17 Auer packen. Mir waren enttäuscht, mee et soll een aus all Lag dat Bescht maachen. Esou ware mir fir 14h bei Leit aus eisem Bus a konnte mat hinnen zesummen den Ausflug op Les Baux maachen, deen si geplangt haten. Et war schlussendlech ee schéinen éischten Dag.

Déi nächst Deeg sinn u sech ëmmer d‘selwecht verlaf: Moies hunn mir eis um Kaffisdësch getraff an duerno si mir zesummen op de Start gaangen. Den 2 Dag si méi Leit vun eisem Bus matgaangen an et huet sec erausgestallt, dass et vun allen, de schéinsten Tour war. Mat just 33km goung et duerch Fielsen, iwwer eng Staumauer, Bierg op an of. Mat der Beschëlderung huet alles ouni Problem geklappt, sou dass mir géint 15h erëm zréck am Hotel ware wou mer den Dag op der Terrasse ausklénge gelooss hunn.

Den 3. Dag ware mir zu 8 Leit prett fir den nächste Marathon. Dësen Tour huet mir perséinlech net immens gutt gefall well mir extrem vill laanscht Schnellstroosse getrëppelt sinn. D’Stëmmung ënnert de Leit an op de Ravien war awer immens, mir hunn Lidder ënnerwee gesongen an Leit vun iwerall kennegeléiert! Um Ziel huet eng Responsabel eis gesot mir misste mam Linnebus op Aix zeréckfueren an dat war guer net esou einfach: Wéi mir op de Busarrêt komm sinn, stounge schoun 20 Leit do a mam Bus konnt een awer  nëmme matfuere wann een eng Sëtzplaz hat. Déi éischt Kéier si vun den 20 Leit just 2 Stéck mat komm. Mir hunn eis eng missen iwwerleeën! Ee vun eis ass op d’Iddi komm, vun der anerer Säit op eng Statioun éischter ze fueren an do de Bus ze huelen.  Dat hunn mir dunn och gemaach, Gottseidank, well bei där anerer Statioun stoungen antëscht gefillte 60 Mann op eise Bus ze waarden.

 

Um Wee zeréck op Lëtzebuerg, si mir mat eisem Reesbus op Cassis gefuer wou mir, ee vergläichsweis klengen Tour gewandert sinn. D‘Géigend war ganz schéin a mir si laanscht „Calanquen“ gewandert bis hin zum engem klengen Hafen wou mir zu Mëtteg giess hunn. Vun hei aus goung et zeréck op Lëtzebuerg!

Eng wonnerbar Erfarung mat iwwer 100km an de Been! Ech soen de Leit déi mech begleet hunn (Pia, Joël, Amadeo, Martine, Viv, Isabelle & Antonella) Merci fir déi schéin Zäit an ee Merci geet och un d‘Schëfflenger Globetrotter fir d‘Organisatioun vun der Rees.

Tags:
Alex

Alex

Ech sinn den Alex genannt Lex. Ech wunnen am schéine Süden, si 47 Joer al, ee lëschtege Kärel an  all Spaass ze hunn. Ech hunn vu Kand un Sport gemaach, an dat vu Judo, iwwer Boxe bis bei Wing Tsun - eng asiatesche Kampfkonscht. Niewent dem Kampfsport sinn ech och gäre reegelméissege lafe gaangen. Säit e puer Joer elo huet mech d'Wanderféiwer gepaakt an ech huele mat vill Loscht a Spaass un diverse Marchen am In- an Ausland deel. 

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.