Letz Eat Calde Verde

An dëser kaler Zäit gëtt et näischt Besseres wei eng gutt waarm Zopp!

Ech ka mech gutt un déi lecker Zopp erënneren, déi meng Mamm fréier oft gemaach huet wann et dobaussen ugefaangen huet kal ze ginn an Deeg méi kuerz gi sinn. Ech stellen Iech haut déi berüümte Caldo Verde fir – eng portugisesch Zopp mat Wurscht a Kabes, déi ganz ganz einfach ze maachen ass! 🙂

Wéi ech decidéiert hunn, dëst Rezept opzeschreiwen hunn ech mer geduecht ech géing, elo hei zu Lëtzebuerg, ee klengen Twist erabréngen, an déi portugisesch Chorizo duerch Mettwurscht ersetzen. Dir kënnt awer mache wéi Dir wëllt.

Ech leen ëmmer vill Wäert op frësch Produkter,  lokal akafen, oder wann méiglech, Saachen aus dem Gaart ze benotzen.

Dir braucht:

  • 1,5L Waasser
  • 500 gr Kabes (chou frisé)
  • 500 gr Gromperen
  • 2 Ënnen
  • 3-5  Zéiwe Knuewelek
  • Op Wonsch Salz a Pëffer
  • 6 Mettwurschten / Portugisesch Chorizo (wéi vill Fleesch dran kennt ass awer jidderengem selwer iwwerlooss)

Sou geet et:

Gromperen, d’Enn & Knuewelek, schielen. (D’Grompere kann, mee muss een awer net schielen).

D’Enn an de Knuewelek liicht ubroden, d’Gromperen an d’Mettwurscht dobäi ginn an mam Waasser opkachen.

Wann d’Grompere mëll sinn, d’Mettwurscht raus huelen, an a Rondele schneiden.

De Rescht mam Mixer duerch mixen an de Kabes a Mettwurschtrondelen  dozou ginn.

De ganzt kache loosse bis de Kabes mëll ass.

Ech roden Iech un eréischt zum Schluss ze wierze well doduerch, dass mir d’Mettwurscht matgekacht hunn, huet dat ganz scho relativ vill Goût. Oft fannen ech muss een net nach vill wierzen an ech gi just e bësse Peffer bei.

Heiansdo, jee no Loscht, maachen ech och eng Enn an eng-zwou Muerten a Rondelen dra wann ech de Kabes bäi maachen. Esou huet een e bësse méi ze bäissen. Fir d’Leit déi Fleesch gären hunn, kann een och e bësse Speck mat bäi ginn. Esou ass d’Zopp nach e bësse méi häerzhaft.

Ech wënschen Iech ee gudden Appetit!
Tags:
Ana

Ana

Ech heeschen Ana a si virum kuerzem Mamm ginn, si bestuet a wunnen am Süde vum Land, vu Beruff sinn ech Educatrice. Doheem, gëtt zesumme gekacht a vun allem getest. Meng aner grouss Hobby’en sinn d'Reesen a Fotoe maachen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.