Wéi molen ech ee Kleeschen?

“Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen…”

Ah, déi gutt al Zäiten… Oder vläicht och nach ganz present, wann Dier jonk Kanner hutt oder mat hinne schafft. Wéi deem och sief, de Kleeschen huet vir all Alter eppes derbäi. Fänke mer also un! 🙂

Wann een eng Iddi huet wat ee gär op d’Blat géing brénge mee net richteg weess wéi sech uleeën oder wou ufänken, kann et hëllefe säi Motiv an eenzel Stecker, an dës a ganz basesch Formen ze zerleeën. Dës ginn da wéi Bausteng zesummen an unenee gesat bis dat Ganzt (erëm) Sënn mëscht.

Éier mer ufänken, leet Iech zwou verschidde Faarwen u Bläistëftsfaarwe prett. Dir wäert gesinn datt dat engem d’Liewe beim Skizzéieren enorm vereinfacht.

  1. Vir d’éischt huelen also eis Faarf A (hei blo) a leeën déi graff Kierperform a d’Gréisst fest. Dofir zeechne mer e ronne Kapp an drënner e längelzegen Oval deen ënne mat engem horizontalen, riichte Stréch zou gemaach gëtt.
  2. Do derbäi kommen dann d’Ärem, d’Hänn an d’Féiss. Een Aarm kann een e bëssen ugewénkelt zeechne vir dat et net esou steif ausgesäit an de Kleesche säi Staf kann unhalen. D’Schëllere sollten op der selwechter Héicht si wei do wou Kapp a Kierper zesumme kommen.
  3. Dann doe mer dem Kleesche mat eiser Faarf B (hei rout) seng Mitra, säi spatze, rouden Hutt, un. Zeechent dofir eng Form déi ausgesäit ewéi en Haus mat liicht no banne gebéite Säitewänn; dat esou dat den ënneschten, licht no banne gedréiten, Stréch, mat deem een d’Haus-Form zou mëscht, ganz am Krees/Kapp läit.
  4. Elo ass säi Baart drun. Deen ass bekannter Weis laang an e bësse gewellt oder gekrauselt. E setzt béidsäiteg un den ënneschten Ecker vun der Mitra un a leeft dann no bannen zesummen. Déi bannescht Halschent kenn Dier u sech zeechne wéi et Iech am beschte gefält, esou laang dem Kleeschen säi Gesicht nach ganz an de Krees passt. Och hei kenne mer erëm einfach Forme benotzen: Kreesser, Ovaler, Rechtecker,… Vergiesst net de Mond falls Dier wëllt dat äre Kleesche laacht!
  5. Am nächste Schrëtt doe mer him säin Ëmhang un. Fänkt um Baart op der Héicht vun de Schëlleren un an zeechent den fiichten, ieweschten Deel bis ongeféiert un d’Ielebéi. De Verschloss ass ënner dem Baart verstoppt. Deen Deel deen no hannen iwwer de Réck fält, kuckt säitlech ënner den Äerm eraus.
  6. Mir mussen em awer nach e bëssen eppes méi och nach undoe wa mer net wëllen datt e kal gëtt. Hei wollt ech net a méi Detail wei en zweedeelege Cassock mat breeden Ärem goen. Beim ieweschte Stéck hunn ech de selwechte Faleworf agezeechent dee scho beim Gespenst vir Halloween zum Asaz koum. Déi ënnescht Tunique läit op d’Schong an ass dowéinst manner a Beweegung.
  7. Net ze vergiessen: dem Kleesche säi Staf. Uewe gekréngelt, reecht e vum Kapp bis un d’Féiss, wann net souguer de Buedem.
  8. Als nächst sinn d’Fanger drun. Ech hunn em der fënnef un all Hand ginn. Wann Dier är Zeechnung e bësse méi karikaturéiere wëllt, kenn Dier him der awer och just dräi oder véier zeechnen. Seng riets Hand rout oppen nieft sengem Kierper, (hei léist sech iwwer déi korrekt Haltung wéinst der Perspektiv streiden, mee si mer net esou streng…) déi Lenks hält säi Staf un. Seng Fanger sinn also no bannen op Handfläch gediebelt, esou dat ee just de Réck gesäit. Den Daum läit hanner dem wat en am Grapp huet a just Fangerspëtz kuckt eraus.
  9. Elo radéiere mer eist “Skelett” ewech. Déi zwou verschidde Faarwen hëllefen Iertemer ze vermeiden. Ech hu just d’Schong blo gelooss, wisou weess ech nëmme genau. Iergendwéi war ech iwwerzeegt ech géing mech do an de Strécher verléieren… Duerno net vergiessen sech iwwerschneident Linnen ewech ze maachen. Vir dat visuell e bësse besser duerzestellen, hunn ech se hei gréng nogezeechent.

Zu gudder Lescht zeechen Dier mat engem Stëft d’Outlines. Wann d’Tënt bis ganz dréchen ass, kenn Dier de Sketch ganz ewech radéieren. Hai oppassen da Dier dobäi de Pabeier net kniwwelt.

Et voilà! Ech hu mäin faarweg gemaach an hoffen elo datt dat dat eent oder anert Stéck Schockela wäert ass… 😉 Dat war et och schonn! De Kleeschen ass prett, mir si prett, vill Spaass beim Nomolen!

Tags:
Stéphanie K.

Stéphanie K.

Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.