Boxemännercher

Ween kennt se net? Déi gutt Boxemännercher. Et schéngt, wéi wann een se vu Joer zu Joer ëmmer méi fréi beim Bäcker fanne géing, och wann se eigentlech typesch fir Niklosdag sënn. Den een huet se gär mat bësse Schockela dran, den anere fënnt se besser mat enger Zockerglasur. Et kann een se awer och klassesch mat Korinte genéissen, hautzedaags fënnt ee vill Variante vum Boxemännchen.

Déi berüümt Männercher kann een awer och ganz einfach selwer maachen an zemools mat Kanner, ass dat eng flott Aktivitéit. Als Kand, huet meng Mamm all Joers d’Rezept vun hirer Guet rausgekromt, fir mat eis Boxemännercher ze baken. Och ech hunn déi Traditioun bësse bäibehalen a baken och lo nach all Joer mat Freed a Léift dëst Gebäck! Wann Dir och esou eng Traditioun wëllt ufänken, oder einfach Loscht hutt passend zur Saison ze baken, da weisen ech Eech mäin Rezept.

Fir +/- 8 Männercher, braucht Dir:

  • 500g Miel
  • 60g Zocker
  • ¼l wotlech Mëllech
  • 100g Botter
  • 1 Pak Trockenhefe
  • bësse Salz
  • 3 Eeër
  • no Loscht a Laun Saache fir ze dekoréieren (Zockergoss, Korinten, Schockela,..)

Esou geet et:

1. De Schäffchen op 180 Grad (Ober-Unterhitze) wiermen.

2. Et fänkt een un mat engem Virdeeg. Dofir gëtt een all d’Miel an eng grouss Schossel an et formt een an der Mëtt eng „Mulde“. Et schëtt ee bësse vun der wotlecher Mëllech an eng Taass an et léisst een d’Hief doranner op.

3. D’Mëllech mat der Hief schëtt een an d’Mulde an et réiert een se mam Fanger mat bësse Miel vu ronderëm zu engem klenge Virdeeg. D’Schossel gëtt mat engem Kichenduch fir ongeféier 20 Minutten zougedeckt, sou kann de Virdeeg opgoen.

4. No der éischter klenger Waardezäit, kommen d’Hänn zum Asaz. Bei de Virdeeg kommen elo d’Salz, den Zocker, d’Eegiel vun 2 Eeër, déi restlech Mëllech an d’geschmolte Botter. Et klappt a kniet een den Deeg sou laang, bis en net méi un der Schossel peche bléift an een eng Bull forme kann. Heiansdo muss een nach bësse Miel dobäi ginn, fir dass en net ze naass ass.

5. Dësen Deeg léisst een op en Neits zougedeckt opgoen. Et ass wichteg, dass d’Schossel net am Zoch steet, Hiefdeeg huet et ëmmer gär gemittlech a waarm.

6. No enger gudder Stonn kann een een éischte Bléck op den Deeg werfen. Wann en scho gutt un Gréisst a Volumen zougeluecht huet, kann et mam Forme vun de Boxemännercher lassgoen. Am anere Fall, léisst een en einfach nach weider bëssen opgoen.

7. Fir d’Forme vun den eenzele Männercher ginn et sécher verschidden Aart a Weisen. Ech perséinlech, trenne mer ëmmer eng kleng Bull vum Deeg of, drécken se platt zu enger ovaler Form an huelen dann d’Messer erbäi, fir de Kapp, d’Ärem an d’Been ze formen. Dann dréckt a formt een den Deeg sou laang bis een zefridden ass.

8. Dat 3. Ee klappt ee mat bësse Mëllech op, fir d’Boxemännercher um Blech domadder ze bepinselen. Doduerch kréien si hier schéin, glänzend, brong Faarf. Schlussendlech kommen d’Männercher da fir ongeféier 25 Minutten an de Schäffchen.

 

Ech hunn meng Boxemännercher lo net wieder dekoréiert, well ech se gär an der Mëtt opschneiden a bësse Gebeess dropmaachen. Der kennt do awer wierklech no Loscht a Laun dekoréieren. Dëst Rezept kann een och wonnerbar fir anert Hiefgebäck benotzen, wei zum Beispill den traditionelle Kiermeskuch.

Vill Spaass beim Baken a loosst Eech d’Boxemännercher gutt schmaachen. 🙂

Tags:
Laura

Laura

Laura, a twenty something girl from Luxembourg, earned her Bachelor‘s degree in Molecular Medicine and is highly interested in science, especially everything related to the human body. She also loves to work with children and attained the credentials to work within the educational system. Baking, sport and spending time with her loved ones, are her favorite things to do during her free time.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.