Interview mam Lucien Czuga

Nees emol ass hien ageschloe wéi eng Bomm… eng Superbomm.

Seng geschriwwen a gemoolte Geschichte sti bal an all Stot hei am Land am Regal. 2018 ass hien elo zréckkomm… vun der Comicfigur zum Mënsch… als Film. Säin Numm ass Jhemp… Super Jhemp… Hien drénkt zwar kee Martini mee säi Courage steet deem vum James an näischt no.

No dem grousse Boom deen de Film an eisem Land ausgeléist huet, an der Ausstellung an dem Mierscher Kulturhaus hat ech d’Freed dem Här Czuga e puer Froen dierfen ze stellen:

Här Czuga wéi fillt een sech wann een am Kino setzt an säin Held an Aktioun op der Leinwand geséit?

Wéi de Roger Leiner an ech de Superjhemp viru méi wéi 30 Joer erfonnt hunn, hätte mir ni dru geduecht, en eng Kéier am Kino fléien ze gesinn. Leider huet de Roger dat net méi däerfen erliewen, mä hie wier bestëmmt, grad wéi ech, immens houfreg gewiescht!

Wéi een Drehtag war vir Iech dee witzegsten, wéi een deen ustrengendsten?

Ech war op alle Sets dobäi, mee dee witzegste war den Dag, wou de Bretelle, also dee Béisen, uewen op der Corniche iwwer dem Gronn stoung an d’Leit ënnen am Dall bei der Police ugeruff hunn, well si gemengt hunn, hie wéilt sech eppes undoen.

Deen Ustrengendste war deen zu Coxyde op der belscher Plage, well et äiskal war an net nëmmen den Änder Jung an de Serge Tonnar gefruer hunn!

Sidd Dir och alt un Grenze gestouss vir Geschicht an e Film ëmzeconvertéiren?

Et muss ee wëssen, dass d’Geschicht am Film net vu mir, mä vum Felix Koch ass, mä dass ech déi typesch Superjhemp-Elementer dra bruecht hunn, wéi d’Nimm vun de Luxusbuerger Firmen, d’Witzer an d’Gagen.

Wéi ass eigentlech d’Iddi zum Superjhemp entstanen?

De Superjhemp ass entstane well d’Revue eng BD an der Zeitung wollt a well deemools de Bommeleeër säin Onwiese gedriwwen huet. Du hate mir d’Iddi vun engem luxusbuerger Superheld a Superflic, dem Superjhemp.

Ween war Ären ganz perséinlechen Held an Ärer Kandheet?

Mäi ganz perséinlechen Held war mäi Bop. Ech si bei menge Grousselteren opgewuess a schonn als klenge Bouf huet hie mech mat op seng Tournée an d’Belsch matgeholl. Hie war deemools Chauffeur/Livreur beim Steinhäuser. An ech war ganz houfreg, him dobäi ze hëllefen, d’ Dëppe Faarf, Tapéiten oder d’Rulloen Tapéit aus dem Camion ze huelen.

Mat wéi engem Film kann een Iech begeeschteren, ausser mam Superjhemp retörns natierlech?

Ech hu ganz gär franséisch Comédien, mä och d’Filmer vun de Cohen-Bridder oder vum Woody Allen gefale mir.

Kënne mir op eng Fortsetzung hoffen?

Hoffe kann een ëmmer…😀

De Lucien Czuga ass de 6.12.1954 zu Lëtzebuerg gebuer an zanter 1987 ass hien Auteur a Scénariste vun der BD „De Superjhemp“ vun der et bis elo 20 Albume gëtt an di sech méi wéi 200.000 Mol verkaaft huet. Eng Hellewull Publikatiounen, Artikelen a Contributiounen a Journalen, Magasinner an Hebdomadaire sinn aus senger Fieder. De Lucien Czuga ass, ënner anerem, Member vum Team vun der Emissioun vum Radio RTL Lëtzebuerg „5 fir 12“.

 

Vum 30. November bis de 6. Dezember erwaart Iech ee Superjhemp Gewënnspill bei eis op der Facebook Säit. 

Tags:
Martine

Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue.    Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende  

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.