„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”
De Charly Gaul ass den 8. Dezember 1932 am Pafendall gebuer an de 6. Dezember 2005 zu Lëtzebuerg gestuerwen.
Hie war ee vun den erfollegräichste Vëloscoureure vu Lëtzebuerg.
1953 huet hie seng Karriär als Proficoureur ugefaang. Nëmmen ee Joer méi spéit war hien op der 3. Plaz bei der Weltmeeschterschaft.
1953 an 1956 gouf hien zum beschte Biergcoureur vun der Tour de France gewielt.
Am Joer 1958 huet hien d‘Tour de France gewonnen.
1956 an 1959 huet hien de Giro d’Italia gewonnen.
Wärend senger sportlecher Karriär huet hien am Ganzen 10 Etappe vun der Tour de France an 12 Etappe vum Giro d’Italia gewonnen. Hie gëllt doduerch als ee vun de beschte Biergcoureure an der ganzer Geschicht vum Vëlosport.
Tëschent 1956 an 1962 huet hie 6 Mol déi lëtzebuergesch Stroossemeeschterschaft gewonnen, esou wéi 1956, 1959 an 1961 d‘Tour de Luxembourg.
D‘Legend Charly Gaul ass 1956 beim Giro d’Italia entstan. Den 8. Juni, wou et 12 km wäit de Monte Bodone eropgoung, huet de Charly Gaul net opginn, obwuel katastrophal Wiederbedéngunge waren. Et huet geschneit an d’Temperatur war bis op -10°C erofgaang. Wärend aner Coureuren d’Course léiwer ënnerbrach hunn, huet de Charly Gaul weidergemaach. Hien huet net nëmmen d’Etapp gewonnen, mee och de ganze Giro.
Véier mol gouf hien zum „Sportler vum Joer“ zu Lëtzebuerg gewielt.
Am Joer 1999 huet déi lëtzebuergesch Sportpress hien zum Sportler vum Joerhonnert gewielt.
1965, ongeféier 10 Joer nom Ufank vu senger Karriär, ass hie seng lescht Course gefuer. Fir e puer Méint huet hien op der Gare e Café opgemaach.
Kuerz drop awer ass hien eleng an d’Ardenne geplënnert. Do huet hie bal 20 Joer wéi en Eremit gelieft, ouni Stroum a fléissend Waasser.
Hien huet an engem Interview erzielt, datt hien e klengen, portabele Fernsee hat, deen hien un d’Batterie vum Auto ugeschloss huet, fir Etappe vun der Tour de France ze kucken. Wann d’Batterie vum Auto eidel war, huet hien de Garagist ugeruff.
Anonym an onerkannt, mat engem Baart a wujelegen Hoer steet hie wärend der Tour de France op der Strooss.
No bal 20 Joer kënnt hien op Lëtzebuerg zréck, bestuet sech nach eng Kéier a gëtt Papp vun engem Meedchen, dem Fabienne Gaul.
Zwee Deeg viru sengem 73. Gebuertsdag ass de Charly Gaul de 6. Dezember 2005 am Alter vun 72 Joer un enger Longenembolie gestuerwen.

picture via cyclingart
Vocabulary
gebuer = born
gestuerwen = died
erfollegräich = successful
Vëloscoureur = bike racer
Karriär = career
Weltmeeschterschaft = World Championship
Biergcoureur = climber
gewonnen = won
gëllt -> gëllen als = to be considered as
Stroossemeeschterschaft = road championship
Legend = legend
entstan (Verb: entstoen) = to originate, to arise
wäit = far
opginn = to give up
obwuel = even though
Wiederbedéngungen = weather conditions
geschneit (Verb: schneien) = snowed
ënnerbrach (Verb: ënnerbriechen) = to interrupt
kuerz drop = shortly after
eleng = alone
geplënnert = moved
Ardennen = the Ardennes
Eremit = hermit
gelieft = lived
Stroum = electricity
fléissend = flowing
onerkannt = undetected, incognito
wujeleg = frizzy
Longenembolie = pulmonary embolism
Leave a Comment