Mol Däi Chrëschtbeemchen

Kaum ass de Kleesche laascht, scho geet et em Chrëschtdag. Am Dezember kennt een einfach net zur Rou. Bon, ech géing léie wann ech géing soen datt et mech stéiert, a Chrëschtdag ass a bleift mäi léifste Feierdag. Alles ass schéi gerëscht, d’Famill kënnt zesummen an et gëtt gutt z’iessen. Et ass einfach eppes an deem zesumme kommen an eise Familljen-Traditiounen, déi Chrëschtdag esou speziell a schéi maachen. Ech gleewen och fest drun dat Chrëschtdag kee sollt eleng sinn, an et ass scho virkoum dat genau dofir zousätzlech Gäscht mat eis an der Stuff souzen.

Wat nach zu Chrëschtdag gehéiert ass jo oft Kaarte verschécke vir de Leit schéi Feierdeeg ze wënschen.  Wéi wier et mat der Kaart selwer gestalte vir hier e speziellen a méi perséinlechen Touch ze ginn? Soss kann ee mat dësem Chrëschtbeemchen awer och eng kleng Deko vir un de Bam bastelen oder eppes vir d’Kanner dermat ze beschäftegen an deem een se et faarweg molen an duerno verschiddene Saache wéi Glitzer, Pailletten, etc drop peche léist.

Vir t’éischt emol brauche mer natierlech awer iwwerhaapt emol e Beemchen. Et gëtt zeg Aart a Weise vir Dännen ze molen, dorënner och déi mat den typesch gezackten Ëmrësser wéi een se als Kand oft zeechent. Dorobber baséiere mer eis och haut a schaffen dat Ganzt dann nach e besser weider aus.


(E puer schnell skizzéiert Beispiller vir Dännebeem)

Wéi u sech ëmmer wa mer eppes skizzéieren, huele mer eis zwou verschidde Bläistëftsfaarwen, an da kann et och scho lass goen.

  1. Als éischt zeechne mir en no uewe längelzegen Dräieck.
  2. Deen Dräieck deele mer da mat horizontale Strécher a méi oder wéineger gläichméisseg Stecker an. Dës sollten am Zweiwelsfall léiwer e bëssen ze grouss wéi ze kleng sinn.

  1. Elo gëtt aus dem Dräieck e Beemche gemaach an deem mer Spëtz ofronnen an ëmmer op der Héicht vun engem horizontale Stréch eng “Etage” vun eisem Bam anzeechnen. Dat Ganzt soll e d’Äscht duerstellen a gëtt mat gewellte Strécher gezeechent vir dat et net ze eckeg an haart ausgesäit. Et kann een d’Linnen och ënnerbriechen esou dat se net vun enger Säit bis op déi aner duerginn.

  1. Dës Etapp ass komplett optional. Wann ee well, kann een e Stär oder eng aner Spëtz vir uewen op de Beemche virgesinn.

 

 

  1. Als nächst zeechne mer eis Ëmrësser/Outlines mat engem Stëft no. Hai kann ee schwaarz mee awer och eng Gréng vir d’Äscht an eng Brong vir de Stamm huelen, wat am Gesamtbild méi douce ausgesäit. Passt dobäi just op dat d’Nuance méi däischter ass wei déi mat där dier de Beemche faarweg moolt. Wann d’Tënt komplett gedréchent ass kenn Dier de Sketch ënnendrënner mat engem Gummi ewech maachen.

  1. Zu gudder Läscht fierft der är Chrëschtbeemercher dann nach a rëscht se esou wéi se iech am beschte gefalen. Ech hu vläicht e bësse mat de Bullen iwwerdriwwen…😉
    Eng vu mengen Dänne steet dobaussen am Schnéi a wéi der gesitt kann zum Beispill Glitzer richteg flotte Lametta maachen. Heivir e dënn Couche flëssege Pech opdroen an duerno de Glitzer drop verdeelen. En absolute Profi Tipp deen ech aus eegener Erfarung geléiert hunn: op kee Fall drop néitsen… 😬

Och eng Iddi: de Beemchen (am Verglach) riseg grouss op Kartong molen an eraus schneiden, dekoréieren an an d’Stuff stellen oder, de grousse Virdeel zum echte Baam, hänken. Dëst kann interessant si wann Dier e bëssen iwwermiddeg Hausdéieren oder Kanner hutt an trotzdeem nëtt op de Beemche wëllt verzichten.

Dat war et dann och schonn erëm, dës Kéier e bësse méi kuerz.
Als nächst huele mer da Silvester an Ugrëff. Bis dohin, schéi Feierdeeg alleguer!

(Musek: Return To The Wild – Tobu ft. Michael Shynes)

Tags:
Stéphanie K.

Stéphanie K.

Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.