fbpx

Bûche

D’Feierdeeg sti kuerz virun der Dier. Ween nach op der Sich no engem gudden Dessert ass, fir deen hunn ech villäicht eng Iddi! Etappeweis feieren ech Eech zu enger gelongener, leckerer Bûche. D’Rezept hunn ech, wéi vill aner Rezepter, vu menger Bomi geierft.☺️

Duerch de Pudding an der Bottercrème, ass dëst eng Variant Bûche, déi engem net sou schwéier um Mo leit wéi eng traditionell Bottercrèmes Bûche. Esou kann ee bei dëser Variant och mat rouegem Gewësse mol zu engem 2. Stéck gräifen. 😉

Fir den Deeg braucht Dir:

  • 5 Eegiel
  • 210gr Zocker
  • 1 Pak Vanillszocker
  • 150gr Miel
  • 50gr Gromperemiel
  • 1 Téiläffel Bakpolver
  • 5 Eewäiss

Fir d’Crème braucht Dir:

  • 2 Eegiel
  • 80g Pudderzocker
  • 250g Botter
  • 1 Pak Puddingpolver
  • ½ L Mëllech
  • 2 EL Zocker

Als éischt gëllt et all d’Zutaten fir de Bûchendeeg ze preparéieren. Am Beschte fänkt ee mam Eewäiss un, deen zu engem Eeschnéi geschloe gëtt. Duerno mixt een d’Eegiel mam Zocker a Vanillszocker sou laang, bis d’Konsistenz schéi cremeg a lëfteg ass. Dann hieft een d’Miel, zesumme mam Bakpolver a mam Gromperemiel, ofwiesselend mam Eeschnéi ënnert d’Eegielzocker-Mass an et réiert een den Deeg sou laang, bis en Blose werft. Ech perséinlech huelen dofir ëmmer een hëlzene Läffel. Elo verdeelt een déi ganz Mass, platt a gläichméisseg, iwwert ee ganze Bakblech, wat ee virdru mat Bakpabeier bedeckt huet. Den Deeg muss elo fir 10-12 Minutte bei ongeféier 180 Grad (Ober-Unterhitze) baken, bis en goldgiel ass.

An der Tëschenzäit kann een op senger Aarbechtsfläch schonn e bëssen Zocker verdeelen, de Bûchendeeg gëtt nämlech nom Baken direkt a seng klassesch Form gerullt. Dofir stierzt een en platt op déi preparéiert Fläch, zitt een de Bakpabeier erof an et dréint een dësen em, fir en sou rëm mat an den Deeg anzerullen. Op de Fotoe kennt der dëse Schrëtt méi genau gesinn.

Wärend d’Bûche ofkillt, kann ee mat der Crème viru fueren. Ech huele meeschtens d’Puddingpolver dat an Päck vu jeeweils 50gr ass. Et kacht een de Pudding elo quasi wéi den Hiersteller et virgëtt. Eng kleng Ausnam maachen ech dann awer, andeems ech bësse manner Mëllech huelen, ½ L amplaz vu ¾ L, sou gëtt d’Crème schlussendlech méi fest. De fäerdege Pudding léisst een dann och nach eemol bëssen ofkillen.

Als nächst mixt een d’Eegiel mam Pudderzocker zu enger cremeger Mass. D’Botter, wat Zëmmertemperatur huet, gëtt och gutt cremeg gemixt fir dass een dann d’Eegiel, den Zocker an d’Botter lues kann zesumme réieren. Zum Schluss mixt een dann de Pudding ganz, ganz lues ënnert d’Bottercrème a fäerdeg ass är Crème fir d’Bûche.

Elo kann et dann un d’Garnéiere goen. Dat ass bësse méi eng kniwweleg Saach an et däerf een net fäerten, sech d’Fanger dreckeg ze maachen. Lass geet et!

Et trennt een déi ofgekillte Bûche vum Bakpabeier, ouni dobäi déi gerullte Form ze verléieren. Dann rullt een se ganz virsiichteg e bëssen op, fir d’Crème bannen am Kär vun der Bûche ze verdeelen. Mat de Fanger dréckt een se da rëm liicht an déi gerullte Form, iert een se weider vu banne mat Crème beschmiert.

Denkt drun, nach bësse Crème iwwreg ze halen, fir se och vu bausse kennen ze garnéieren. Fir déi typesch Form, nämlech déi vun engem Bamstamm, schneit een op all Säit ee Stéck of a leet eent dovunner op d’Bûche drop. Déi restlech Crème verdeelt een also nach baussen an da kann ee jo no Geschmaach, Loscht a Laun weider dekoréieren. Ech perséinlech, schmëlze meeschtens 1 ½ Rëpper schwaarze Schockela a verdeelen de mat enger Forschette ronderëm déi ganz Bûche. Och verschiddenste Männercher a Figure fannen oftmools hire Wee op meng Bûche.

Ech wënschen Eech vill Freed beim Nobaken, ee schéine Chrëschtdag a ganz schéi Feierdeeg.⭐️
Tags:
Laura

Laura

Laura, a twenty something girl from Luxembourg, earned her Bachelor‘s degree in Molecular Medicine and is highly interested in science, especially everything related to the human body. She also loves to work with children and attained the credentials to work within the educational system. Baking, sport and spending time with her loved ones, are her favorite things to do during her free time.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.