Freedefeier

Gëscht ware mer nach knapps Februar, elo gi mer schonn op dat neit Joer duer!🙈 Ok, ganz esou schlëmm ass et net… Wéi deem och sief. Wat gehéiert praktesch em déi ganz Welt zum Silvester Owend? Genau, Freedefeier. Perséinlech hunn ech scho jorelaang keent méi gesinn, wouwéinst ech mer dëst Joer mol eent molen. Kënnt natierlech net un de “real deal” erun, mee et ass alt dat.

Et gëtt vill verschidden Technike vir dat Ganzt em ze setzen, wouwéinst ech haut hei nëmmen déi 2 schnellst an einfachst weisen déi ech kennen. Et gëtt näischt skizzéiert an alles ongezwonge vu fräier Hand gemoolt, an ass dowéinst och ganz flott vir e bëssen ze relaxéiere well een einfach mat de Faarwe ka spillen an experimentéieren. Paakt also är Waasserfaarwen aus a lass geet et.

Method 1

1. Bei der éischter Method kenne mer d’Faarf ganz spontan iwwer d’Blat verdeelen a se anenee verlafen loossen, woubäi ee just muss oppassen datt et net e bemol ze vill des Gudde gëtt. Sollten sech Pill Waasser bilden oder de Pabeier ufänken sech stäerk ze wellen, muss een e Gang erof schalten.

Eng aner Méiglech ass Kreesser an zwou verschiddene Faarwen aneneen ze molen.

2. Wa bis alles dreschen ass, zeechne mer mat engem Maskéier-Stëft d’Linnen op d’Faarf, déi d’Freedefeier sollen duerstellen. Des Platze behalen d’Faarwen, déi mer elo opgedroen hunn a gesinn. De Rescht gëtt herno iwwermoolt.

Wann Dir kee Maskéier-Stëft hunn, kënnt Dir och eng wäiss Wuessfaarf huelen oder esouguer eng Käerz. Hei ass et allerdéngs méi komplizéiert ze gesi, wou ee schonn dermat drop gemoolt huet a wou net, well et duerchsichteg ass. Dir wäert duerno gesinn, den Effekt deen de Wuess zesumme mam Waasser mëscht, ass anescht wéi wann een d’Maskéier-Flëssegkeet benotzt. (Dat ee stéisst d’Waasser of, jee no Deckt vun der Couche méi oder manner staark, wärend dat anert de Kontakt mam Pabeier komplett blockéiert.)

De Virdeel vum Wuess ass natierlech, datt een hei net muss waarde, bis et gedréchent ass.

3. Da komme mer zum Himmel. Mir molen also mat schwaarzer oder donkel-bloer Faarf iwwer eist Bild. Hai net ze schei sinn, d’Faarf ënnen drënner sollt duerchaus ganz oder zumindest gréissten Deels iwwerdeckt ginn.

Hei gesi der och scho, wei verschidde Wues a Maskéier-Flëssegkeet reagéieren.

4. Wann ee well (a wann der nëmmen e bësse sidd wéi ech, da wëll Dir dat souwisou ëmmer…) kann een nach e bësse Glitzer-Waasserfaarf mat drënner mëschen. Sou wei déi kleng Fonken, déi bei engem Freedefeier ëmmer esou schéi flimmeren a knisteren.

Method 2

1. Bei der zweeter Method moolt ee säi Blat vir t’éischt emol ganz schwaarz oder däischter-blo. Och hei kann e bësse Glitzer mat dra, wann ee Loscht huet. Ech hu 4 kleng Kreesser mat enger Koffer-(Glitzer-)Faarf an den Hannergrond dra gemoolt.

Ech hu mat enger däischter rouder Faarf (wéinst dem Koffer vu virdrun) nach eppes gemoolt, wat sollt e bësse wéi e Schied oder sou hanner dem Freedefeier ze gesinn ze sinn. Leider gouf et duerno komplett verdeckt.

2. Dann huel Dir opak Faarwen, wéi Gouache zum Beispill, a moolt d’Freedefeier op den däischteren Hannergrond. Et ass u sech e bëssen de Géigendeel vun der Method 1, wou ausgeblent gëtt, wärend hei opgemoolt gëtt. Bei dëser Method huet ee méi Kontroll iwwer d’Endresultat an d’Faarwespill, dat een zesummestellt.

An da si mer och scho fäerdeg, hei d’Resultater.

Alternativ kann een och Zeene molen, vläicht Leit déi nokucken, oder eng Skyline ënnert dem Himmel. Dëst Freedefeier ass eng flott Aart a Weis vir engem Bild e klengen Extra Touch ze gi, mee ass och eleng e richtegen Bléckfang.

Besonnesch gutt gefält mer bei de Faarwen, déi ech benotzt hunn (MozArt Komorebi Waasserfaarwen) dat se jee no Bléckwénkel vu matt op blénkeg ginn. (Am Video hei ze bestaunen.)

Zum Schluss da vu mir alles Guddes gewënscht, bis am neie Joer a loosst et knuppen!🎇
Tags:
Stéphanie K.

Stéphanie K.

Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.