Touristeguide zu Lëtzebuerg

Elo am neie Joer, duecht ech, dass bestëmmt deen Een oder Aneren no engem neie Challenge sicht a wollt Iech vu menger Ausbildung zum Touristeguide an duerno och zum Outdoorguide erzielen. Eventuell inspiréiert Iech dat jo 🙂

Virun 3 Joer hat ech d‘Iddi a menger Pensioun als Touristeguide ze schaffe fir de Leit eist Ländchen ze weisen. Wéi den Zoufall sollt sinn, huet den ORT (Office régional du Tourisme)  zu deem Moment Guidë gesicht. Nodeems ech den Opruff op Facebook gesinn hunn, hunn ech mech entscheet schonn elo, nach a menger aktiver Beruffskarriär, mat der Ausbildung unzefänken, an hunn mech direkt ugemellt.

Déi ganz Formatioun huet 6 Woche gedauert (mat all Samschde Moie 4h Cours) an huet sech an der Chambre de Commerce ofgespillt, wou mir (ronn eng 100 Leit) ënnert anerem d’Geschicht vum Land a seng Geologie geléiert gi sinn. Natierlech krut een och bäibruecht wéi een sech als Guide soll verhalen. No de 6 Wochen, hunn mir een Exame misse bestoen ier mir den Diplom vun der Madamm Francine Klosener iwwerreecht kruten. Ech ka mech nach gutt erënnere wéi houfreg ech war, wéi ech dësen nationalen Touristeguide Diplom kritt hunn.

Mam Exame vum Nationalen Touristeguide an der Täsch, konnt ech mir eng Regioun aussichen an där ech als Guide wëll täteg ginn. Ech hunn mech fir de Minett entscheet, d’Regioun déi mäin Doheem ass. Ech hunn dee Moment weider Owescoursen zu verschiddenen Thematike gemaach (éischt Hëllef, Geschicht iwwert di verschidde Platze wéi z.B. de Lallenger Bierg, de Fond-de-Gras, den Ellergronn oder och de Prenzebierg). Och hei gouf et zum Schluss een Examen. Dësen hunn ech och gepackt an ech gouf elo zum regionalen Touristeguide.

Ab elo konnt et als Guide lass goen an ech gouf zum freelance Guide beim ORT Süden. Ier ech konnt selbststännege Guidagen maachen, hunn ech missen als Guide en Formation matgoen. Wärend 6 Méint hunn ech esou 4 Guidagen un der Säit vun engem experimentéierte Guide gemaach.  Dat war super intressant an ech hunn immens vill vum Edmond, dem Guide deen ech begleet hunn, konnte léieren.  An mengem leschte Guidage deen ech mam Edmond gemaach hunn, hunn ech de Guidage iwwerholl an hien huet gekuckt wéi ech mech maachen. Et war eng Fakelwanderung wou et an der Hallschent fir Kanner Stockbrot ginn ass. Ech muss soen, ech war zimmlech nervös ier et lass gaangen ass an och di éischt 5 Minutten, duerno ass et awer besser gaangen an ech hunn dat gutt gemeeschtert.

Am Abrëll dunn, hunn ech mäin éischte Guidage eleng gemaach. Et war och eng Fakelwanderung déi iwwert de Gaalgebierg bis an den Deierenpark gaangen ass a vum Youth Hostel zu Esch ugefrot gi war. Et ass alles gutt gaangen an et huet mir vill Spaass gemaach.

Touristeguide goung mir eleng awer nach net duer an dofir hunn ech mech elo am Hierscht  2019 och op engem Ausbildungs-Weekend zum Outdoorguide, dee vum  Youthhostel Iechternach ugebuede ginn ass, ageschriwwen. Mäin Ziel war et eng Grupp nach besser, an dëst op eng méi spilleresch Aart a Weis, encadréieren ze kënnen.

Dës Ausbildung hunn ech elo am November un engem Weekend gemaach an se huet sech wéi follegt ofgespillt: Lass goung et Moies um 9 Auer mat engem gudde Begreissungskaffi, wou ech direkt d’Chance hat de Formateur Christoph Sonntag e bësse kennenzeléiere – ee coolen Typ aus Däitschland bei Köln, deen op Gruppespiller aller Aart spezialiséiert ass, an och schonn 2 Bicher geschriwwen huet.

Géint 10 Auer ass et dunn mat enger kuerzer Virstellung vum Formateur weidergaange wou och d’mir als Participanten eis kuerz virgestallt hunn. Ech géing soe mir waren zu Ronn enger 20 aus allen Domainer (Léierpersonal, Educateuren, Guiden, …)

De Cours selwer huet dunn mat verschiddene Spiller ugefaangen an deene mir hunn missen zesumme schaffen. Eng vun den Übunge war zum Beispill wéi mir eis begréisse sollen (Moien, schéin dass du hei bass, ….et huet mech gefreet ) an dëst hunn ech dunn och direkt Méindes op der Aarbecht missen ausprobéieren. Et ass super bei menge Mataarbechter ukomm.😊

Mir hunn eis als Grupp super verstanen, wat déi ganz Erfarung wierklech flott gemaach huet. D‘Spiller selwer hunn am Youthhostel an och dobausse statt fonnt. Ech muss soen, ech war verwonnert wéi vill een sech mat ale Velosschleich a Biesemsstiller amuséiere kann.


Gënnt 17 Auer ass den éischten Dag op en Enn komm. Midd an awer och frou, dass ech dat alles konnt erliewen, a mech mat Momenter erëm wéi ee Kand konnt fillen. Ech géif esouguer soen, dass mir méi Spaass haten,wéi di Kanner di op engem Kannergebuertsdag an der Jugendherberg waren.😉 De Formateur huet eis wierklech super begleet.

Sonndes ass et dunn Moies géint 9 Auer, mat enger klenger Analyse vum Samschde lass gaangen. Di ganz Grupp war gespaant wat eis um Sonndeg géing erwaarden. Et waren eng ganz Partie Gruppespiller: Abenteuer- a Geschécklechkeetsspiller, an deene mir net ëmmer direkt d‘Léisung fonnt hunn, awer zum Schluss dach alles zesumme gemeeschtert hunn.

Ech hunn ee ganz flotte Weekend verbruecht un deem ech vill geléiert hunn, wat ech elo och als Guide kann uwenden.

Weider Informatiounen zum Outdoor Workshop an och aaneren Workshops & Ausbildunge déi vun de Youthhostels ugebuede ginn, fannt Dir op hirer Internet & Facebook Säit.

Tags:
Alex

Alex

Ech sinn den Alex genannt Lex. Ech wunnen am schéine Süden, si 47 Joer al, ee lëschtege Kärel an  all Spaass ze hunn. Ech hunn vu Kand un Sport gemaach, an dat vu Judo, iwwer Boxe bis bei Wing Tsun - eng asiatesche Kampfkonscht. Niewent dem Kampfsport sinn ech och gäre reegelméissege lafe gaangen. Säit e puer Joer elo huet mech d'Wanderféiwer gepaakt an ech huele mat vill Loscht a Spaass un diverse Marchen am In- an Ausland deel. 

Blog Comments
Avatar
Reply

Weber M- Thérèse

Eng flott Saach déi Guidagen , gell ! Et léiert een vill Leit kennen an och eist Ländchen .
Ech hunn 1998 den Examen gemach fir d.ganzt Éislek .Duerno 2001 fir d.Regioun Mëllerdall . Duerno koum nach d.Source Rouspert derbäi , wat am meeschte Spaass gemach huet.Do war ech 17 Joer .
Ech wënschen iech vill Freed bei ärem flotten Hobby !

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.