fbpx

Wei zeechnen ech een Pinguin?

Halli, hallo, alles Guddes am néie Joer, an ech hoffen Dier sidd gutt era gerutscht.

Ech muss zouginn, wärend all deene Feierdeeg war et relativ einfach artistesch Inspiratioun ze fanne. Elo souz ech awer e bemol do a wa onsécher wat molen. Dat war bis eisen zweejärege mat guddem Rot koum: ” Pi-Boui.”
A senger Sprooch ass dat e Pinguin an eigentlech jo guer keng schlecht Iddi; d’Temperature stemme jo op alle Fall nach.

An dowéinst elo, hei, zwou relativ einfach Aart a Weise vir e Pinguin ze zeechnen.

Method 1:

1. Vir t’éischt zeechne mer e Krees.

2. Ongeféier 1/4 vum Krees erof, setze mer dann eng der Längt no, oval Form un. De ganzen ënneschten 3/4 vum Krees sollt dodra passen.

3. Ënnendrënner kënnt e weidert Oval vir de Bauch. Vir dat de Kapp duerno och fest op de Schëllere setzt, sollt och dës Form an déi zwou iewescht sech iwwerschneiden.

4. Als nächst sinn d’Flilleken drun. Déi sollten e bëssen ënner dem ieweschten Oval usetzen, ongeféier do wou eise Pinguin seng Schëlleren huet. (Eppes, dat ech extra gegoogelt hunn. Jo, Pinguinen hunn effektiv Schëlleren. Si hu souguer, trotz dem markante Watschelen, Knéien.) E Stréch am ënneschten Drëttel vum Flillek wéisst den ieweschten an ënneschten Deel, deen duerno a méi enger heller Faarf gemoolt gëtt, un.

5. Als nächst kritt en da Féiss, dat ass zimmlech einfach.  E Fouss e bësse wéi eng Floss, dräi Welle vir bei den Zéiwen, dann ass dat och scho gemaach!

6. Am sechste Schrëtt zeechne mer dem Pinguin säi wäisse Bauch an, an deem mer d’Form vu sengem Kierper am e bësse méi klengen nozeechnen. Dës Form bleift ënnen op.
Am Krees vum Kapp zeechne mer en opgeronnten Dräieck, den vum Schniewel ënnerbrach gëtt, éier en a senger drëtter Spëtz kann zesummelafen.
Och vir de Schniewel kann een sech un engem Dräieck orientéieren, an dat Ganzt dann e bësse méi douce a ronn ausschaffen.

7. Da maache mer d’Hëllefslinnen ewech, esou dat nëmmen déi baussecht Form iwwreg bleift, an natierlech déi Strécher, déi mer gewollt agezeechent hunn well se Deel vum Bild sinn, wéi de Bauch, Schniewel,…

8. Elo huele mer e schwaarzen (Dier kënnt natierlech och eng aner Faarf huelen) Stëft an zeechnen eis Outlines no. Wann d’Tënt ganz gedréchent ass, kenne mer d’Skizz ënnendrënner virsiichteg ewech maachen. Ech hu sengem Schniewel nach en ënneschten Deel gi, wëll säi Gesicht iergendwei esou eidel war.

9. Zum Schluss kann ee säi Meeschterwierk dann nach faarweg molen an em en Hannergrond ginn. Heivir sinn ech bei kille Faarwe bliwwen an hunn typesch Saache geholl, déi ee mat Keelt verbënnt. Aner Iddie wiere vläicht eng kleng Landschaft, e puer Kolleegen oder en Äisbierg. Mäi Pinguin krut och nach e Puer rout Bäckelcher.

Dat ass eisen éischte Pinguin. Bei der zweeter Method gëtt alles nach eng Kéier e bësse méi einfach an, menger Meenung no, och nach eng Grëtz méi knuddeleg.

Method 2

1. Ufänken doe mer erëm mat engem Krees.

2. Ennen un dës Form kommen dann zwee Ovaler vir d’Féiss.

3. Un de Féiss ugesat, zeechne mer en -M deen an de Béi uewen ofgeronnt ass an ongeféier 3/4 vum ganze Krees héich ass.

4. Mat zwee méi klengen Ovaler gi mer eisem klenge Kolleege dann An an mat engem Dräieck, e Schniewelchen.

5. Riets a lenks kommen dann nach zwee kleng Flilleken, déi e bësse stummeleg sinn a liicht no baussen ewech stinn.

6. Da kommen och schonn d’Outlines. Wéi beim éischte Pinguin huele mer hei eng däischter Faarf a kennen d’Skizz ënnendrënner ewech radéiere, wa mer bis sécher sinn dat d’Tënt ganz dréchen ass.

7. Et voilà. Ass en net vir unzebäissen? 😉

8. Och dëse klenge Kärelche krut en Hannergrond an e bësse Gesellschaft. Wéi ee gesäit, sinn se nach all a Feierdagsstëmmung.

An domat si mer dann och schonn um Ënn ukomm! Si Dir och Pinguin Fans? Kann een dat iwwerhaapt och net sinn?

Op alle Fall wënschen ech Iech vill, vill Freed beim Nomolen, an haalt Iech waarm!🐧
Tags:
Stéphanie K.

Stéphanie K.

Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.