„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
__
These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

Bild via Espera
De Fernand Fox ass den 26. Januar 1934 op der Bollenduerfer Bréck gebuer an ass e lëtzebuergesche Schauspiller.
Hie war an der Stad an zu Iechternach am Lycée. Duerno huet de Fernand Fox op der Interbank geschafft a vun 1957 bis 1981 op der ARBED. Hien hat och e Café, d’Theaterstuff um Lampertsbierg. Do huet hie geschafft bis hie pensionéiert gouf.
De Fernand Fox ass bekannt fir seng joerzéngtelaang Presenz op de Lëtzebuerger Bünen, als Schauspiller a Reklammssketcher, Kinos- an Televisiounsproduktiounen. 1956 stoung hie fir d‘éischte Kéier am Stater Casino op der Bün, wou hie vum Eugène Heinen entdeckt gouf. Dunn huet hien 3 Joer Schauspillerei- an Dictiounscoursen am Stater Conservatoire gemaach.
Hie war dunn 10 Joer laang Member vum Lëtzebuerger Theater an 30 Joer laang vum Kasemattentheater. Do donieft huet hie reegelméisseg a Produktiounen (dacks Cabaret) matgespillt.
Déi meescht Lëtzebuerger dierften de Fernand Fox kennen, sief dat duerch seng Filmrollen, seng Theaterrollen, Lëtzebuerger Owender, seng Lidder, seng Theaterstiffchen an der Stad, seng Reklamme mam Marc Olinger fir eng grouss Assurance oder och nëmmen duerch seng eenzegaarteg Stëmm.
De Fernand Fox huet ouni Zweiwel den Theater zu Lëtzebuerg markéiert, sief dat duerch seng lëschteg Rollen, oder och spéider duerch eescht Rollen.
De Fernand Fox kritt dëst Joer 86 Joer. Dat ass eng Geleeënheet fir un den “Foxe Fern” ze denken.
Seng Leidenschaft ass d’Schauspillerei, op der Bün stoen.
Fir d’lescht stoung hie fir dem Andy Bausch säi Film “Rusty Boys” virun der Kamera.
gebuer = born
Bühnen (pl.)= stages
sief dat = be it
ouni Zweiwel = beyond doubt
leidenschaft = passion
Schauspiller = actor
dunn = then, after that
Stëmm = voice
Geleeënheet = occasion
fir d’lescht = for the last time

Leave a Comment