fbpx

Interview mam Marie Weckerle

D’Marie Weckerle gëllt alt grousst Nowuesstalent vum Lëtzebuergeschen Tennis! Mat nëmme 16 Joer ass hat Spillerin vun der FLT Nationalselektioun a schonn 2 Mol Championne vu Lëtzebuerg. 2020, lancéiere mir elo zesumme mat him eng nei Artikel Serie an där hat eis reegelméisseg mat op säi Wee zur professioneller Tennisspillerin hëlt an eis Ablécker an säin Alldag zu Reims am Centre Fédéral de Tennis, an op Turnéier uechtert d’Welt gëtt. Ier mir him d’Fiedert iwwerloossen, hunn mir ee klengen Interview mat him gemaach an deem Dir hat e bësse besser kënnt kenne léieren. Vill Spaass beim Liesen!

Wéi bass du zum Tennis komm? 

Bei mir an der Famill spillt jiddwereen Tennis. Mäin Papp huet souguer een Trainerschäin. Mäin méi ale Brudder huet also och fréi ugefaange mat spillen an ech sinn ëmmer mat op d’Traininge gaangen. Soubal ech al genuch war, also mat 4 Joer, hunn ech dann och ugefaangen an de Minitennis ze goen.

Wéini war fir dech kloer, dass du de Sport professionell wéilts maachen? 

Ech war scho ganz fréi ënnert de Beschten aus dem Land, a si mat 7 Joer an de Kader vun der Federatioun komm wou ech vun Ufank un Lëtzebuerg op internationalen Tournoie vertrueden hunn. Esou konnt ech mech ëmmer gutt mat den Auslännerinne vergläichen, déi an deem Moment scho mat der Schoul opgehalen hate fir esou méi Zäit fir den Training ze hunn. Virun 2 Joer, hunn ech definitiv gemierkt, dass et ze schwéier ass d’Schoul (ech war deemools am Athenée op 5e Latäin) an den Tennis op héijem Niveau ze verbannen: ech hu mech missten entscheeden eent vu béidem e bësse manner intensiv ze maachen. Am Summer 2018, nodeems ech gutt Resultater am Tennis gemaach hat, a well ech eng gutt Schülerin sinn, hunn ech mech dunn definitiv decidéiert dem Tennis d’Prioritéit ze ginn.

Wéi gesäit däin Alldag momentan aus?

Wann ech net op Tournée sinn, mee zu Reims am Creps (Centre Fédéral de Tennis) trainéieren, gesäit mäin Alldag esou aus: ech stinn all Moie géint 7h15 op an hunn um 8h00 Cours, a Form vun enger Étude well mer jo all d’Schoul par Correspondance maachen. Duerno geet et dann direkt fir 2 Stonnen op den Training. Nom Training iesse mir mat deenen anere Sportler déi och zu Reims sinn, wéi zum Beispill Basketspiller oder Liichtathleten. Tëschent 12h00 a 14h00 hunn ech Mëttespaus, déi ech oft ausnotze fir ze leiere mee awer virun allem fir ze schlofen an Energie ze sammele fir de Programm dono. Mëttes hunn mir nämlech dann eng an eng hallef Stonn Fitness a meeschtens nach een zweeten Tennistraining. No dem Training geet jiddwereen eleng an de Kraadtraum säi „Protokole“ maachen. Dat ass 20 Minutte Gainage an dann nach individuell Exercicer déi jiddwereen en fonction vu senge méi schwaache Punkte muss maachen. Bei mir sinn dat momentan zum Beispill Exercicer fir mäin Réck ze stäerken. Nodeem maache mer Stretching, ginn an d‘Dusch an 2 bis 3 mol an der Woch hu mer eng Seance beim Dokter oder Kiné. Um 18h30 ass dann nach eng Kéier Kuer bis 20h. Duerno iesse mir erëm zesummen a spillen nach Kaarten oder schaffen an eisen Zëmmer (Ech deele mäint mat enger Frëndin) fir d’Schoul.

Wéi hues du dech fir d’Schoul an d’Trainingsfacilitéiten a Frankräich decidéiert, wisou net een anert Land? 

Fir mech a meng Eltere war vun Ufank un kloer, dass ech ni ganz géif mat der Schoul ophalen. Mat der Entscheedung net méi an de Kolléisch ze goen, hunn ech mech mam deemolegen Direkter getraff fir ze kucken op et besser wär de franséische Schoulsystem oder den Däitsche „par correspondance“ ze maachen. Hien huet mer geroden de Franséischen ze maachen, well deen am noosten un eisem System aus Lëtzebuerg ass. Ech hunn also am September 2018 mam CNED ugefaangen. Fir eng Trainigsstruktur war et dohier och méi einfach a Frankräich ze goen. Op Reims sinn ech dann duerch d’Mandy Minella an de Gilles Müller komm, si waren Allenzwee do.

War et schwéier vun doheem fort ze goen? Wéi oft kënns du zréck op Lëtzebuerg? 

Ech si scho vu Klengem un vill gereest a war vill vun doheem fort, ech hunn schonn Tournéeë gemaach wou ech wärend 4 Woche meng Famill net gesinn hunn. Ech sinn also scho laang gewinnt villes selwer ze geréieren. Och doheem sinn ech, mäin Brudder a meng Schwëster vu fréi un zimmlech selbststänneg gewiescht. Et huet mir also ni vill Angscht gemaach an d’Ausland ze goen, virun allem och well ech immens gäre reesen. Ech muss trotzdeem zouginn, dass de Fakt fir reegelméisseg d’Méiglechkeet ze hunn fir kënnen heem ze goen a meng Famill a Frënn ze gesinn, eng Roll gespillt huet bei menger Auswiel fir eng Struktur. Dat war fir mech schonn ëmmer ganz wichteg. Vun Reims aus kann ech bal all Weekend Heem goen (ausser ech trainéieren de Weekend nach)

Wat war bis elo de schéinsten / trauregste Moment an denger Tennis Karriär – wisou? 

Am Tennis sinn ups and downs ganz staark. Et gi Phase wou ee säi beschten Tennis spillt a vun engem Dag op deen anere kanns de ee Match verléiere wou keen erwaart hätt. Mir hunn dofir och Mentalcoaches déi eis hëllefen dat ze geréieren. De schéinste Moment war fir mech meng éischt Fed Cup Selektioun. Ech weess dass ech eng mega Chance hunn schonn sou fréi an der Equipe ze sinn an et huet mir immens vill Erfarunge bruecht. Manner schéi Momenter gëtt et natierlech och, ech hunn awer elo kee staark an Erënnerung, ech hat nämlech bis elo zimmlech Chance mat Verletzungen.

Souwisou gëllt fir mech awer, dass egal wéi meng Form grad ass, sech näischt un mengem Engagement am Training ännert. Et gëtt ëmmer eppes ze trainéieren.

Dat ass ee schéint Schlusswuert. Mir soen dem Marie Merci fir den Interview a freeën eis elo schonn op seng zukünfteg Artikelen. Antëscht ass och déi lëtzebuergesch Selektioun fir de Fed Cup 2020 eraus: d’Marie ass erëm dobäi, Gratulatioun!! 
Tags:
Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.