fbpx

Azoren – ee vun de leschte Paradäiser?

  • Home
  • Travel
  • Azoren – ee vun de leschte Paradäiser?
Ech huelen Iech haut a mengem Artikel mat op d’Azoren; eng kleng Inselgrupp déi nach hier Ursprünglechkeet bewahre konnt an domat als absolutte Geheimtipp gëllt. D’Azoren sinn eng Inselgrupp matten am Atlantik op hallwem Wee tëschent Europa an Amerika. 9 gréisser Insele kenne besicht ginn. Ech huelen Iech haut méi genau op Sao Miguel, d’Haaptinsel vun den Azoren, mat.

Déi meescht Leit denke bei Azoren warscheinlech un e Wiederphenome mee dobäi sinn d’Azoren e klengt Paradäis dat just op d’Entdeckung waart. Doduerch dat d’Azoren nach net wierklech touristesch exploitéiert sinn, ass genau elo dee richtege Moment sech déi Insele mol ukucken ze goen. Klimatesch gesinn, sinn d’Azoren perfekt; quasi éiwegt Fréijoer. Am Wanter kaum ënner 17 Grad an am Summer em déi 26 Grad. Dëst mëscht d’Azoren och ideal fir eng aktiv Vakanz an zemools fir Wanderer ass et eng absolut Draamdestinatioun. Am Wanter muss een allerdéngs mol méi oft mat Reen rechnen, deen Erfarungsgemäss och mol richteg hefteg ausfale kann.

Komm mir starten an d’Rees. Iwwer Lissabon si mir a knapp 6 Stonnen op Sao Miguel, besser gesot op Ponta Delgada, geflunn. Ab hei hunn mir eist Abenteuer mat engem Locatiounsauto gestart. Sao Miguel ze beschreiwen ass schwéier: vu Vulkankrateren, beandrockende Klippen, wonnerschéi Séien, Dschungelpied, Waasserfäll, aktive Vulkaner mat waarme Quelle bis zu Bierglandschafte fannt een hei alles.

Ech präsentéieren Iech elo puer Plaze vu Sao Miguel déi mech am Meeschte beandrockt hunn, an déi, wéi ech mengen, flott weisen, wéi ofwiesslungsräich des Insel ass.

Starte well ech mam absolutten Highlight vu Sao Migue: der Sete Citade. Dëst ass een Vulkankrater deen agefall ass, an zu de 7 Naturwonner vu Portugal zielt. Am Dall hunn sech 2 Séie gebilt de Lagoa Azul an de Lagoa Verde. Bei guddem Wieder erkennt ee kloer de Faarfënnerscheed vun deenen zwee Séien; deen ee schimmert gréng, deen anere blo. Eng usprochsvoll 20km Wanderstreck iwwert de Kraterrand feiert em de ganze Vulkan a belount ee mat Vuen déi engem den Otem huelen. Lenks den Atlantik, riets déi 2 Vulkanséier. Deen Wee féiert duerch eng hiwweleg Landschaft, laanscht gréng Wisen an zitt sech ëmmer méi héisch an d’Luucht bis een eng Vue iwwert hallef Sao Miguel huet. Ënnerwee fannt ee  genuch Picknick Platze wou een seng Schmier bei enger herrlecher Vue genéisse kann. Elleng fir des Wanderung kann een en kompletten Dag aplangen.

Als 2. Wëll ech Iech de Jardim José du Canto, een botanesche Gaart deen am leschte Joerhonnert vun engem Privatmann ugeluecht gouf, beschreiwen. De Gaart léit moleresch um Séi Lagoa das Furnas an e gläicht engem Dschungel. Nieft risege Farnen, Blummen an allen Faarwe goufen hei eng Onmass Kamelienbeem geplanzt. Des ginn ab Januar zesummen an d’Bléi an et entsteet ee Faarwenspektakel dee senges Gläiches sicht. Duerch de Park feiert en Wee zum Salto do Rosal, engem vun den onzielege Waasserfäll op der Insel. Um Wee dohi kënnt ee  laanscht ee risegen amerikanesche Mammutbam, deen een hei esou warscheinlech net vermutt hätt. No der Besichtegung vum Waasserfall, kann een nach en Tour ronderëm de Lagoa das Furnas maachen. Op der anerer Säit vum Séi si Caldeiras;  Platze wou 98 Grad waarmt Waasser dat vum Vulkan erhëtzt gëtt, un d’Uewerfläch gedréckt gëtt. En impressionant Naturschauspill. D’Bewunner vun den Azoren hunn den Damp an Uewen ëmgeleet a kachen doran hiren nationale Plat COZIDO, gedämpte Fleesch a Geméis. Ech kann dësen nëmme recommandéieren – de Showeffekt ass garantéiert.

Déi 3. a lescht Platz op déi ech Iech mathuele well ass de Poço Azul. En verstoppte Waasserfall deen, verstoppt am Dschungel, dramhaft an en klénge Séi fält. En ustrengende Wee féiert duerch den Dschungel, laanscht verfalen a mat Moss iwwerwuchert Gebaier zu dësem Waasserfall wou ee mengt an enger anerer Welt ze sinn. De Wee feiert eis duerno laanscht d’Mier an d’Klippen, esou dat een aus dem Staunen net méi eraus kennt.

Ech kéint iech nach Stonne laang vun der Insel schwäermen, mee komm mir maachen et esou: gitt iwwerzeegt Iech selwer wéi schéin et wierklech ass. Wär dat net eng gutt Iddi? Ech si mer sécher dir wäert genau esou faszinéiert si wéi ech.

 

Nach e puer weider nëtzlech Informatiounen an Tips zu den Azoren:

  • Well d‘Azoren  zu Portugal gehéieren, geet Iech Är Carte d’Identité duer fir dohinner ze reesen. An der Haaptstad Ponta Delgada fannt Dir Supermarchéen déi am Fong quasi déi selwecht Produkter verkafe wéi mir se hei am Land kennen.
  • Grouss Hoteller fënnt ee keng. Mir haten en klengt Haus an engem klénge Fëscherduerf (Praia dos Moinhos) gelount, dat eng herrlech Vue iwwert den Atlantik hat. Direkt vis-à-vis war en Fëschrestaurant dee just dee Fësch verkaf huet dee moies gefaange gouf. Dat ganzt zum Präis vun 12€ (mat Gromperen a Geméis). Restaurante wéi des fënnt een iwwerall op den Azoren, eng frësch, éierlech a  gutt Kichen zu klenge Präisser.
  • Busser si rar geséint dofir roden ech Iech och un een Auto ze lounen. Als klengen Tipp:  Maacht Iech d’Liewen einfach a lount en klengen Auto well d’Stroossen dohanne sinn zum Deel super enk.
  • Besicht déi eenzeg europäesch Téiplantage, déi ass nämlech och zu Sao Miguel.
  • Besicht eng Thermalquelle (zB. Poça da Dona Beija). Hei gëtt dat waarmt Waasser vum Vulkan an een oppene Becken geleet, wou een dra buede kann. D’Waasser huet em 39 Grad. En absolut Highlight.
  • D’Wanderweeër op den Azoren sinn deels onbefestegt. Gutt Trëppelschong sinn ee Muss. Och soll ee Weeër duerch den Dschungel bei Reen vermeiden, well sech d’Weeër gären an eng Schlittschongpiste verwandelen. Eppes géint de Reen gehéiert och an d’Gepäck. Déi gréng Natur kennt net vun näischt.
  • Huelt roueg beim Trëppelen eppes z’iesse mat. Op all Wee fannt dir super Picknicks Platzen.
  • Ech empfeele perséinlech de Rother Wanderführer an en Handy mat GPS well net all Weeër si gutt markéiert.
  • Ënnerschätzt keng Distanzen op den Azoren. Duerch vill biergop/biergof sinn d’Wanderunge quasi all am Medium bis Expert Beräich.
Tags:
Christian S.

Christian S.

Ech sinn e Wanderer, Hiker, Frënd vun der Natur an aale Scout. "Nur wo du zu Fuß warst, bist du auch wirklech gewesen” - Goethe  Ech sinn Admin vun der Wanderen zu Lëtzebuerg - Walking in Luxembourg - Wandern in Luxemburg Facebook Säit, leeden d’Facebook Grupp Trekking - Hiking - WanderenLëtzebuerg an hunn och en Instagram Account mam Numm walking_luxembourg.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.