Ech mole säit ech kleng sinn. Fréier op Pabeier, duerno op Toile an op Aquarellpabeier. Haut wëll ech Iech e bësse weise wéi ech schaffen, fir méi genau ze sinn, wéi ech eng Collage ufäerdegen. 🙂
Als éischt maachen ech mir etlech Gedanken…wat fir e Genre a wat fir eng Faarwen ech gebrauchen zu wat fir engem Thema. Hei ass mir d’Iddi komm, fir eppes Faarweges a Lieweges ze gestalten. Ech hat elo genuch Tableaue mat haaptsächlech schwaarzer Faarf gemaach.
Ech benotzen eng Toile a Faarwe vu ganz gudder an héichwäerteger Qualitéit. Dat ass ganz wichteg, fir dass d’Faarf herno net duerchsichteg schéngt. Material sammelen ech säit Joren. Oft kafen ech och mol eppes um Floumaart oder bréngen Dekoratiounsmaterial aus der Vakanz mat Heem. Ech hunn Këschte mat ale Knäpp, Timberen, Stoff, Lieders Rimmer, Muschelen, Steng, Glitzer asw.
Nodeems ech meng Toile an der Gréisst vun 08 op 1,2 m viru mech op den Dësch geluecht hunn, fänken ech un d’Material dropzepechen… hei z.B lenks ënne metalle Stëpp vu Limonade a Béier.
Duerno pechen ech ee Stéck Zerwéit mat Relief drop an ech molen et mat gieler Faarf un…wat och d’Basis vum ganze Bild ass. Akrylic dréchent méi séier wéi Uelegfaarf. Et kann een d’Faarf puer oder mat Waasser vermëscht opdroen.
Riets : Zerwéitentechnik: eng Zerwéit gëtt mat Pech op d’Toile opgepecht an bemoolt. Lenks (op der selwechter Foto) molen ech dat selwecht Motiv.
A weider geet et mat molen. Ech benotze heifir verschidde giel an orangen Téin.
Mat engem klengen Rouleau huelen ech dann nach e bësse gréng mat bäi, fir d’Bild méi faarweg ze maachen.
Elo integréieren ech ee Stéck Toile, ob dat ech 2003 mol e Motiv mat Zebramuster gemoolt hat. Zoufälleg fannen ech och ee Stéck ganz faarwegt Stoff, dat eng Damm mir aus hirer Vakanz matbruecht hat, a pechen dat och mat op meng Toile.
Elo huelen ech mir deen ënneschte lénksen Eck vir a mole weider ronderëm an iwwert d’Stëpp. Déi solle just als Basis fir e spéidere Relief déngen an déi soll een herno quasi net méi ganz gutt erkenne kënnen, just eben e Soupçon dovunner. Dat hänkt natierlech ëmmer dervun of, a wéi wäit de Kënschtler dat wëll.
Elo weess ech net direkt weider. Ech leen dofir eng Paus a fir e bëssen Ofstand ze kréien an erëm méi inspiréiert ze sinn. Dat passt och usech elo gutt, esou kann d’Toile gutt dréchnen, wat wichteg ass, fir dass net alles verwëscht.
Puer Deeg duerno geet et weider! Voller neier Energie, schneiden ech ee Véiereck an d’Toile an ech pechen dëst Stéck vun ënnen dran.
Ech pechen e Bild mat Planzen op an dech molen doriwwer. Uewen driwwer nees e Stéck faarwegt Stoff.

Elo pechen ech nach ee Bild vun engem Zebra drop, wat super bei d’Muster passt dat ech schon benotzt hat.
E puer kleng Pärelen kommen dobäi. Opgepasst, de Colle muss gutt drechnen – soss risikéieren se roofzefalen.
Elo pëschen ech weider Stécker Stoff op meng Toile, déi spéiderhin deels oder ganz iwwermoolt ginn… hei geet et mir haaptsächlech ëm d’Struktur.
Dat Ganzt hëlt elo no an no Gestalt un an esou hunn ech no an no nach eppes bäigefüügt a gemoolt. Et ginn nees Pausen ageluecht, fir dass alles dréchne kann…Ech hunn am Ganzen bei dësem Bild 5 mol ugefaangen…all Kéier fir e ganzen Nomëtten. Op emol mellt de Réck sech an et gëtt ee midd vum Stoen. Ech perséinlech leeë mir d’Toile fir ze schaffen op en Dësch mee ech stelle mir si awer zäitweis op eng Staffelei, fir ze kucken, wéi d’Bild ausgesäit.
Des Jupe hunn ech aus Spuenien matbruecht, speziell fir ze zerschneiden an an ee Bild anzebauen. Ech hunn d’Muster immens flott fonnt an esou kann ech een Deel Spuenien verschaffen.
All Buschtaf gouf eenzel aus Kartong erausgeschnidden an opgepecht.
Den Zebra huet mir ouni Rumm guer net gefall…dofir hunn ech séier eng Rumm gezaubert.
Et voilà, mäin Wierk ass färdeg! Et war enorm vill Aarbecht, awer mat Passioun a gär gemaach.
Fir den Numm hunn ech ‘Positive Vibes’ gewielt wëll ech fannen, dass een duerch schéi Faarwe positiv Energie an de Raum brénge kann.
D’Zebrae si Momentopnahmen zB aus enger Vakanz an heescht, dass et sech ëm eng Rees handelt…Alles ass vergänglech. Och Blummen a Gréngs aus der Natur si vergänglech.
Meng Biller sinn normalerweis all gemäs dem Feng Shui Prinzip gemaach an et fënnt een déi 5 typesch Elementer dran: Waasser, Äerd, Loft, Feier, Metall. Dat bréngt dem Betruechter Harmonie an Ausgeglachenheet.
Ech wënschen Iech vill Freed beim Entdecke vu klenge Messagen am Bild.
Ech wäert meng Wierker e bësse méi spéit dëst Joer an der Galerie Maggy Stein zu Beetebuerg ausstellen. D’Expo wäert vum 22-25. Oktober 2020 sinn.
Wann Dir méi Detailer zu mir a menger Aarbecht wëllt hunn, da kuckt emol bis op menger Websäit oder Facebook Säit eran.
Leave a Comment