fbpx

Fënstermolerei

Elo Enn Januar ass de Chrëschtbeemche schonn eng Zäitchen aus dem Haus an och dee Recht vun der Chrëschtdeko gouf erëm a Këschten am Keller oder um Späicher verstaut. Iech feelt awer elo iergendwéi e bëssen Deko, e puer Liichtercher? Bei eis ass dat zënter e puer Joer net méi esou well ech vu Chrëschtdagsdekor op Wanterdeko ëmgestallt hunn an sou si meng Liichterkette vun November bis Februar aktiv! Ech genéissen et esou Liicht an de laange groe Wanter ze bréngen.

Gäre bemolen ech och alt meng Fënsteren, fir e bësse Faarf an d’Donkelt ze bréngen. Ech muss soen, dass ech et elo eng Zäitchen net méi gemaach hunn, mee wéi elo virun e puer Méint eng Erënnerung an eiser Gemengenzeitung stoung, dass si een Adventskalenner mat Fënsteren organiséiere géingen, do war fir mech kloer ech maache mat an ech molen erëm eng Fënster. Ech hunn meng Motiver wanterlech gehaal, fir dass ech nach bis Enn Februar, Ufank Mäerz dovunner profitéiere kann.

Wei moolt een eng Fënster?

Ech hu mech fir d’Variant mat Gouache a Spullmëttel entscheet well dat am einfachsten an am Beschten erëm ofzewäschen ass (ganz einfach mat Waasser an enger Lomp).

Et kann een et awer och mat Acrylfaarf maache ma ech hu mech dat net getraut well ech keng Loscht hunn stonnelaang meng Fënster ofzekraazten…(falls ee vun Iech dës Variant scho probéiert huet, wier ech frou an de Kommentare vun Iech ze héieren –  Wéi huet et bei Iech geklappt? & Wéi ass d’Faarf erëm ofgaangen?)

Material:

Et brauch een net immens vill: Pinselen, kleng Tubë Gouache (Tempera, Plakatfaarf) & Spullmëttel

Ech pechen d’Konture vun der Fënster beim Molen ëmmer mat Washitape oder Kreppband of.

Mëschverhältnis:

Dat hänkt ganz vun der Konsistenz vun der Gouache of an do muss een e bëssi probéieren. Et kann een och e bëssi Waasser dobäi maachen allerdéngs decken d’Faarwen dann net méi sou intensiv.

Iddien:

Et kann ee mat ganz vill wäiss schaffen an eng Wanterlandschaft, e Schnéimännchen, Schnéiflacken,… molen. Bei de Motiver sinn Iech keng Grenze gesat, dir kënnt Ärer Fantasie fräie Laf loossen (Tipp: um Internet fënnt een extrem vill Inspiratioun). Et kann een eventuell och schonn un d’Fréijoer denken an e puer Blumme molen. Dëst bréngt Iech, an och deenen aneren déi d’Fënster vu bausse gesinn, bestëmmt Virfreed.

Wat ass am schwieregsten?

Fir mech war dat dëst Joer dat ëmgedréint molen, fir datt een Detailer vun dobausse gutt gesäit. Et kann een d’Fënsteren déi no Bausse ginn, jo schlecht vu baussen umolen, beim éischte Reen wär d’Aarbecht hin!  Ech war ganz frou datt mäi Mann mir gehollef huet. Schlussendlech war ech dat, wat d’Iddie bruecht  huet, a mir hunn se dunn zesummen ëmgesat. Hien méi begaabt wéi ech wann et em dat geigenständlecht Mole geet. Ech sinn do éischter e Grobmotoriker an abstrakt ënnerwee 🙂

Ech hoffen ech konnt Iech e bëssen inspiréieren, vill Spaass beim Ausprobéieren.

Tags:
Nadia

Nadia

Säit Joerzéngte méi oder manner kreativ ënnerwee: vun Heekelen, Strecken, Patchwork, Sangen, Fotograféieren, selwer Natur-Seef a Kosmetik maachen an se dann am eegene Buttek verkafen, organiséiere vu Kreativowender bis hin zu der Installatioun vun engem Bicherschaf mat Hëllef vu sengen Noperen. D'Nadia spillt dobäi ganz vill mat Pabeier a Faarwen anprobéiert ëmmer nei Iddien aus. Op Facebook fannt Dir seng Säit: DE KAPP VOLLER IDDIEN an op Instagram ass säin Username offermann_nadia.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.