fbpx

Tauchen, d’Aventure geet weider

Wéi Dir et villäicht a mengen Tauch-Artikele vun 2019 matkritt hutt, hat ech, zesumme mat menger Famill, ugefaangen Tauchen ze léieren. Et ass net ze vill gesot, wann ech soen, dass dëst net esou gelaf ass wéi mir eis dat virgestallt haten…

Wat war alles geschitt? Hei eng kuerz Zesummefaassung:

Als éischt hu mir eis bei enger Tauchschoul ugemellt a ugefaangen Theorie ze béchsen. Direkt beim éischten Tauchgang huet mäin Meedche missten d’Handduch schmäissen a mir hunn kuerz drop rausfonnt, dass seng Oueren net wëlle matmaachen. Do ware mir just nach 3.

Mir hunn eis Theorie an eis eenzel Tauchgäng an der Schwämm gemaach an eis Méi gouf 3 mol mat engem gepaakten Exame belount.

Dunn an der Summervakanz ass et weider gaangen. Mir wollten de Recht vun eiser Ausbildung am Mier maachen, a meng Fra a mäi Bouf hunn dat och ouni Problem hikritt. Ech? Ech gouf krank a konnt net fäerdeg maachen. Aus der Vakanz si deemno just 2 brevetéiert Taucher heem komm. De Recht vun dëser Aventure kënnt Dir an dësem Artikel noliesen.

Wéi goung et duerno weider?

Zréck zu Lëtzebuerg wollt ech awer net opginn. Dat koum net a ‘t Tut! Mat der Taucherfläsch vun Diddeleng ass et dunn heiheem weider gaangen. Mat hinne sinn ech nach e puer Mol tauche gaangen.

Wat hunn ech misste maachen?

An der Vakanz hat ech jo just 2 Tauchgäng gemaach wou et der hätte misste 4 sinn an deene ganz bestëmmten Übunge gemaach a gewise ginn. Bei dësen Übunge geet et haaptsächlech em déi eege Sécherheet; et gëtt ee geléiert wéi een sech an engem Noutfall verhält oder dem Partner hëlleft nees erop ze kommen.

Ech hunn also missten déi 2 Fräiwaasser Tauchgäng nohuelen. Dës mussen net am Mier gemaach ginn, an engem Séi geet och. Sou sinn ech dann een Dag, nach virum Wanter, mam Jérôme vun der Taucherfläsch, ob de Lac de l’eau d’heure gefuer wou mir déi 2 Tauchgäng nogeholl hunn.

Eiérlecherweis muss ech soen: am indeschen Ozean war et méi waarm, vill méi waarm. Trotzdeem hunn ech eng Réi Saache widderholl an dann ënnert de strenge Blécker vum Jérôme gewisen datt ech déi wichtegst Grëffer kennen an ausféiere kann. No dësem Dag, sinn ech elo dann och endlech ee brevetéierten Taucher wat awer elo net bedeit, datt ech mech ob der fauler Haut ausrouen. Nee, am Géigendeel, elo geet d’Aventure eréischt richteg lass: Praxiserfarung sammelen a weider léiere fir iergendwann en nächste Brevet an der Täsch ze hunn.

Praxis:

Elo si mir also zu 3 brevetéiert Taucher am Haus a kennen elo schonn ob e puer Plazen tauche goen. A genau dat hu mir dann och direkt gemaach: mir sinn an Däitschland an eng Schwämm fir Taucher gefuer. Do hunn mir e ganzen Dag am 20m déiwe Baseng (dee mat dräi Millioune Liter Waasser gefëllt ass) alles Méigleches probéiert. Fir eis Ufänger war et eng flott Aventure.

Heiansdo offréiert eis Tauchbasis heiheem dann och extra Saachen an esou hunn si direkt am néie Joer ee Cours ugebuede fir mat engem Dréchenkostüm ze tauchen. Do war ech dann och dobäi. No engem Päckchen Theorie an engem Test ass et dunn als éischt, mam Dréchekostüm, an e richteg kale Baseng gaangen. Do hunn ech eng Réi Übunge gemaach. An esou engem Dréchekostüm huet een nach vill méi Loft dran. Déi Loft isoléiert an et gëtt engem net kal. Awer datt do méi Loft dran ass, mëscht dat ganzt net méi einfach. Et kann engem virkommen datt déi Loft, wann een d’Féiss ze héich huet, an d’Schong geet. An da geet et wéi eng Rakéit mat de Féiss fir erop, bal wéi e Schampesstopp. An dat dierf natierlech net geschéien. Awer fir de Fall wou et dann trotzdeem virkënnt, gëtt dee spezielle Fall an der Schwämm geüübt. Zum Schluss hu mir eise Kostüm voll mat Loft gemaach a … Loftmatrass gespillt.:D Dëse Cours huet mir immens Spaass gemaach.

E puer Deeg drop ass et dann nach emol erausgaangen. Ech si mat mengem Tauch-Instructor bei e ganz kale Séi gaangen. D’Waasser hat just 3°C an d’Loft ronderëm war och net vill méi waarm. Mir hunn also den Dréchekostüm ugedoen a sinn an de Séi geklommen, wou mir iwwert eng hallef Stonn am “bal” kristallklore Waasser verbruecht hunn.

Elo hunn ech zwar nach net immens vill Erfarung, awer scho mol dëse Brevet. An den nächste Méint muss ech nach vill üben a léieren, fir datt et Tauchen ëmmer méi Spaass mécht. Ech freeë mech schonn!

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.