„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

picture via Tageblatt
Mam éischten Album „De Superjhemp géint de Bommeleér“ hunn de Lucien Czuga an de Roger Leiner am Joer 1988 ugefaang eng eenzegaarteg Erfollegsgeschicht ze schreiwen an ze molen.
Bannent dräi Joerzéngten koume weider 29 Alben no. Et ass dee wuel populärste Comic, deen et hei a Lëtzebuerg gëtt, mat geschätzt 250.000 verkaaften Exemplaren.
De Superjhemp ass e Superheld, deen zu Luxusbuerg lieft. Wéi säin amerikanescht Virbild, heescht de Superjemp am Alldag Charel Kuddel. De Charel Kuddel ass e ganz normale Familljepapp a schafft am Ministär fir ongeléiste Probleemer am Service vun den hoffnungslose Fäll.
De Superjemp kritt seng Kraaft vum Kachkéis vun der Juxlait. De Kachkéis, eng lëtzebuergesch Spezialitéit, ass och soss vill villes ze gebrauchen: als Faangnetz oder als Superpech…
Och aner Perséinlechkeeten, Firmennimm oder Plaze fënnt een am Superjhemp, oder ass alles just en Zoufall? Hei e puer Beispiller, kuckt emol, ob Dir wësst ëm wat et geet!
- Luxusbuerg, gëtt et dat Land wierklech?
- Wat bestellt de Superjhemp hei: „E Räpsert, wgl.!“
- Den deemolege „Groussdiktator“ mam Jottzéjott zum Beispill. Kennt Dir hien?
- De Kachkéis vun der Juxlait? Hutt Dir e scho geschmaacht?
- Kennt Dir d’Zigarette vun Ducallëf ?
- Hutt Dir de Fléiboy schonn emol gelies ?
- Hutt Dir schonn emol am Hotel Schlips geschlof?
- E gudden Eisekuch vum Jang Eisekuch op der Schueberfouer?
- Wéi gitt Dir an d’Vakanz, mat der Juxair oder mam Voyages Emile Wibbel?
- Drénkt Dir gär Uelzecht Béier?
- Liest Dir heiansdo déi franséisch Gratiszeitung Le Kotzidien ?
- Dir sidd awer bestëmmt op Feissbuk ?
- Wou ass d’Schlass vum Groussherzog? Zu Koma-Bierg ?
A wann de Superjhemp flucht, seet hien ëmmer: Poznennö!
Wësst Dir wat dat heescht? Dat ass Ënnenzopp vun hannen no vir!
Gitt Iech de Superjhemp an d’Librairie Fernster sichen. A wann Dir net esougär liest, da kuckt de Film vun 2018 „Superjhemp retörns“.

picture via RTL
Vocabulary
bannent = within
wuel = probably
geschätzt = estimated
Superheld = Superhero
Virbild = role model
Ministär fir ongeléiste Probleemer = Ministry for unsolved problems
Service vun den hoffnungslose Fäll = Department of hopeless cases
Kachkéis = traditional cooked cheese, cancoillotte
Faangnetz = save all
Superpech = super glue
Zoufall = coincidence
ëm wat et geet = what it’s all about

Leave a Comment