fbpx

Eng Rous fir Vältesdag

Déi leschte Kéier hu mer iwwer de Mound-Kalenner an dat chinesescht Horoskop geschwat, elo komme mer zréck béi de Gregorianeschen. A wat steet do als nächst um Plang? Genau, Vältesdag! Hei ginn d’Meenungen extrem auserneen. Déi Eng haassen et, déi Aner kennen sech kaum eppes Besseres oder méi Schéines virstelle fir mat hirem Partner ze féieren. Esou munchem ass et och einfach esou laang wéi breet, wärend de leschte Grupp de 14. Februar éischter depriméiert ugeet. Zu wéi enger Kategorie Dir och gehéiert, déi Rousen déi ech Iech an dësem Tutorial weisen, sinn ëmmer eng gutt Iddi. Jo, esou guer fir déi, déi der Meenung sinn datt dat Ganzt nëmme pure Kapitalismus ass, well, am Géigesätz zu enger Richteger, kascht déi hei u sech just e klengen Effort an e bëssen Zäit… A verbléien deet se och net!

Op Dir Iech selwer wëllt eng kleng Freed maachen (et muss een ëmmerhi bei sech selwer ufänken) oder Ärem Partner, wann mer wëlle mat Zäit fäerdeg ginn, da fänke mer am beschten direkt un!

1. Fir unzefänken, zeechne mer eng Spiral mat dräi Kreesser, déi u béiden Änner zou ass. Riets a lenks dovun, komme jeeweils ee licht no bausse gewölbte Stréch. Dës kënnen oder sollten ënnerschiddlech laang sinn, fir datt dat Ganzt e méi natierlech wierkt, vu dat Symmetrie an der Natur éischter seelen ass.

2. Em banneschten Deel vun der Blumm ginn elo Blummeblieder gewéckelt. Ufänken doe mer mat engem méi klengen, dat hannert eiser gezeechenter Form leit. Wëll Rouseblieder meeschten net ganz richt sinn, mee sech um Rand oft licht no baussen oder banne wëllen, zeechnen och mir eng duebel Linn. Hei gëllt erëm: d’Natur ass net symmetresch.

3. Als nächst hunn ech riets e säitlech siichtbar Blat gezeechent. D’Form erënnert e bëssen un e Froenzeechen a leeft ënne spatz zou. De baussechte Bord ass e bësse gewellt.

4. Da kënnt erëm e Blat op déi lenks Säit. Fir datt se sech net ze vill änlech sinn, maache mer dat hei e bësse méi ronn. Et ass nach Deel vum banneschte Stéck, dat nach esou gutt wéi guer net opgaangen ass.

5. Am Schrëtt fënnef kënnt eppes ganz Einfaches a ganz Schnelles: Riets un dat baussechte Blat, zeechne mer ee fir t’éischt no bannen, dann no bausse gewellte Stréch fir de “Kierper” vun der Rous unzeginn. Ass dësen net siichtbar, musse mer déi folgend Blieder méi enk openeen zeechnen, fir datt se no genuch un e nee si fir dësen Deel kennen ze verstoppen.

6. Duerno maache mer weider an deem mer erëm lenks e Blat drun zeechnen. Fir d’Form kënne mer eis nach eng Kéier um Froenzeechen orientéieren. Wéinst dem Bléckwénkel aus deem mer eis Rous kucken, brauche mer déi Säit näischt no ënnen “zou ze maachen”.

7. Wéi schonn éischter erwäänt, “wéckelen” mer ëmmer méi Blieder ronderëm. Fänke mer also mat deenen hanne ronderëm un. Fir e bësse Variatioun a méi Natierlechkeet, loosse mer all Blat e bëssen anescht ausgesinn.

8. Elo zum viischte Blat dat direkt an eis Richtung weist. Hei gesäit ee just de liicht ëmgediebelt Stéck (hei rout agezeechent).

9. Am leschte Schrëtt mole mer eiser Rous nach e puer Blieder weider, dës Kéier um viischten Deel. Dir gesitt, d’Blumm huet eng Mëtt, em déi ëmmer weider Blieder moolt. Et kann een sech zur Hëllef och Kreeser oder eng Spiral virzeechnen.

10. Zum Schluss, fir datt och kee ka behaapten et wier eng Zalot, gi mer der Rous dann nach e bësse Faarf. Ech hunn hei en typescht, sat rout geholl, mee natierlech sinn och aner Nuance méiglech wéi rosa, giel, wäiss,… E bësse Schiet a Luucht-Reflektioune fir datt dat Ganzt net ze flaach an zwee dimensional ausgesäit, a fäerdeg ass eis Rous!

Elo wou Dir wësst wéi een eng Rous zeechent, kenn Dir erfinderesch ginn. Dir kënnt der zum Beispill e puer a verschiddene Gréisste molen, se erausschneiden an entweder e Genre Bouquet zesummestellen oder e bësse méi “deck opdroen” an en Häerz aus Rousen zesummestellen. Op fir Iech selwer oder ee mat deem Dir frou sidd, der Fantasie si kaum Grenze gesat.

Domat e schéine Vältesdag a vill Freed beim Nomolen!

Tags:
Stéphanie K.

Stéphanie K.

Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.