fbpx

Missioun Zero

Héich erop, bis an de Weltraum, wëll eis Natioun. Mat éiergäizegen Iddien huet Lëtzebuerg en Numm an der ganzer Welt gemaach. Space Mining a Satellitten, dat sinn 2 vun de groussen Zauberwierder.

Awer net nëmme Lëtzebuerg wëll héich eraus, mir wollten et och. Oder besser gesot mäi Bouf mat engem Kolleeg aus der Schoul. Si sinn Allenzwee nach an der Grondschoul an interesséieren sech fir de Weltraum.

Wou ech hinne verzielt hunn, datt ESA, déi europäesch Weltraumagence, en Concours fir Kanner an hirem Alter huet, waren si direkt hell ewech begeeschtert. Wat ass dat fir en Concours?

Astro PI

Virun e puer Joer, fir genee ze sinn am Joer 2015, koum déi brittesch Weltraumagence, UK Space Angency, ob d’Iddi en mini Computer, en Raspberry PI, mat hirem Astronaut, dem Timothy Peake, op d’ISS ze schécken. Brittesch Schoulkanner goufen opgefuerdert mat dem Computer, deen e puer extra Optiounen opweises hat, sech cool Experimenter afalen ze loossen. Déi bescht Programmer goufen da vun hirem Astronaut am Weltraum ausgefouert an iwwerwaacht. Et war en Succès fou! Dat Joer drop goufe Jonker aus ganz Europa opgefuerdert sech Experimenter afalen ze loossen an dann de Computer ob der ISS ze programméieren.

An elo koum nach en Concours, fir déi méi Jonk ënner 14 Joer, dobäi: Missioun Zero.

Em wat geet et bei der Missioun Zero? Eng Grupp vu 2-4 Jonke soll en Programm schreiwen, fir en Computer ob der ISS, deen den Astronauten e kuerze Message schéckt an d’Temperatur uweist. En Erwuessenen, e Schoulmeeschter oder en Mentor, soll bei der Aarbecht hëllefen.

Voilà, ech hunn déi 2 Chef-Programméierer bei der ESA fir de Concours ugemellt. A kuerz drop, hunn si Zwee  d’Erausfuerderung ugeholl, zesummen de Code geléiert an de Programm geschriwwen.

Ob enger Internetsäit, extra fir dëse Projet, kann een de Programm uschléissend testen a wann en alles mëscht wéi gewollt, da kann een en ofginn. Bei eis huet dat guer net esou laang gedauert, déi Zwee hunn d ‘Aufgab nämlech a knapp 2 Stonne geléist. Super Leeschtung!

Hire Programm begréisst kuerz den Astronaut ob Lëtzebuergesch a gëtt un wéi vill, Grad Celsius et ob der ISS sinn. Wann et waarm ass, gëtt Temperatur rout ugewisen a wann et kal ass ebe blo. Méi ass och net méiglech, wëll de Programm dierf just 30 Sekonne brauchen. Mee och des Konditioun erfëllt de Bouwen hire Programm, 29 Sekonne brauch e fir alles ze maachen.

Elo war et da just nach u mir, fir de Code ofzeginn. Dëst geet natierlech och online.

An dann heescht et just nach ofwaarden: Am Juni sollen d’Programmer alleguerten een nom aneren ob der ISS ausgefouert ginn. Wann do schlussendlech alles geklappt huet, kréien eis kleng Hacker en Zertifikat.

Nach bis den 20 Mäerz 2020 kann ee säi Projet erareechen, déi dann am Mee a Juni ob der ISS ausgefouert ginn.

Hoffentlech klappt alles an eis jonk Computer-Nerds kréien hiren Zertifikat, datt hiren entwéckelte Programm am Weltraum war. 🙂

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.