Am Januar hat ech di grouss Chance op der Creativeworld zu Frankfurt dierfen ze sinn an e puer flott Techniken, vill Informatiounen an eng Onmass Inspiratioune vun e puer vu menge LiiblingsYoutuber ze begéinen a mat hinnen ze quatschen. Et ass mir opgefall, dass momentan am Kreativberäich vill mat Alkohol Tënt geschafft gëtt, also duecht ech stellen Iech dës Tënt emol fir, sou datt ech unhuelen dat déi deemnächst wäerte méi present an de Butteker sinn.
Ech mengen, dës Tënt ass hei am Land nach net sou geleefeg, well et huet e bëssi gedauert bis ech der am Buttek fonnt hunn. Ech kafe relativ ongär online… dëst huet ënnert anerem eppes mat Haptik, Berodung a mat kucken ze dinn.
Sou zeréck bei d’Thema:
Wat ass Alkohol Tënt
Souwäit ech dat verstinn ass et Faarf an enger Alkoholléisung. Dir kennt vläicht di Alkoholmarker? Ma dat ass dat nämmlecht et kann ee nämlech di Nofëllpackunge fir Alkoholmarker benotzen. Et kann een se fäerdeg kafen oder eng Uleedung siche fir se selwer hierzestellen. (Ganz ontypesch hunn ech dat emol net ausprobéiert. Ech hätt dofir missen Alkoholmarker kafen an déi auserneenhuelen an et dann nei emfellen….do hunn ech kee Sënn dra gesinn.)
Ze kafe gëtt et se an sou klengen Drëpsfläschelcher vu verschiddene Marken. Déi eng heeschen Alcohol Ink mee et gëtt se och ënnert dem Numm ‘Mixed Media Ink’.
Wat brauch ech?
- Alkohol Tënt
- Ee Medium fir drop ze schaffen. Prinzipiell sinn se op glaten, net porösen Uewerflächen ze benotzen. Et gëtt spezielle „Pabeier“ aus Plastik deen ënner verschiddene Nimm am Handel ass, (Yupo, Media Ink,…) op deen en se och kann uwenden. Ech hunn se bis elo op Plättercher, Yupo a Verpackungsplastik (Acetat) ausprobéiert.
- Dann ass ganz nëtzlech Alkohol oder eng extra „ Blending Solution“ an enger Sprayfläsch ze hunn.
Et kann een Tënt mat ville verschiddene Saache benotze wei zum Beispill Resine, Marmoréieren, op der Gelatineplack , op deem spezielle Pabeier …. Ech hunn nach net alles op deem Gebitt erfuerscht ma ech denken et gëtt eng Hellewull vu Méiglechkeete virun allem am Mixed Media Beräich (Kaarten, Ënnersetzer, Plastiksouschtereer, Chrëschtbullen,…)
E puer Beispiller aus mengem Atelier
Upcycling vu Verpackungsacetat a mengem Art Journal.
Dëtt ass eng flott Spillerei déi ech gäre maache fir de ville Verpackungsplastik bei Bastelsaachen ze verbrauchen. Des Technik hunn ech bei Alice Paperland op Youtube gesinn.
Deen op Gréisst geschniddene Plastik vun enger Säit mat Alkohol Ink mat engem Stéckelche Filz oder eppes betuppen. Dréchne loossen an de Plastik emdréihnen. Dann mat engem Permanentë Stempelkëssen e Motiv opdrécken .
Plättercher
Bei de Plättercher ass et e Fön dee bestëmmt wou et higeet.
Hei gëtt Alkohol op der Plättche verdeelt an evtl. zousätzlech d’Tënt mat Alkohol verdënnt. Da ginn e puer Drëpsen op der Plättche verdeelt a mam Fön hin an hir geblosen. Den Alkohol verflitt schnell also huet een hei net vill Spillraum. Bei der Verwendung vun den Alkohol Tënten mam Fön sollt een eng Fënster opmaache well do kann ee liicht beniwwelt ginn.😉
Drécken mat der Gelatineplack
Wat eng Gelatineplack ass hunn ech jo schonn an dësem Artikel genau erkläert. Mat der Alkohol Tënt kann een hei och ganz flott drop schaffen an dofir brauch een se just drop se verdeelen, mat oder ouni Schabloun. Dréchne loossen an duerno mat enger transparenter oder pigmentéierter Acrylfaarf ophiewen.

Ech hoffen ech konnt Iech mat dësem Artikel e neit Spillgezei e bëssi erklären an Iech zu eppes kreativem inspiréieren.
Kreativ Gréiss 🙂
Blog Comments
Thorunn
20. February 2020 at 9:36
Í didn’t understand your article but I love your pictures in it!