Visite archéologique am Musée des Mines zu Rëmeleng
Duerch e Facebookpost sinn mir ob eng ganz interessant Visitt vum Musée des Mines zu Rëmeleng opmierksam ginn a vue dass mir Zäit a Loscht haten, hunn mir eis ugemellt. Et war eng flott Méiglechkeet mol erëm Tourist a sengem eegene Ländchen ze spillen, a well et eis esou gutt gefall huet, duecht ech mir, ech schreiwe kuerz iwwer d’Visitt a villäicht gëtt et Iech jo och Loscht op Rëmeleng ze fueren.
D’Visitt vun der Minn Walert, un där mir deelgeholl hunn, huet Samschdes Moies statt fonnt an de Rendez-Vous war am Maschinenschapp bei der Minn. No enger léiwer Begréissung, vun eisen 2 Guiden, dem Denis (Historiker) an dem Gilles (Elektriker), hunn mir eng Täscheluucht an en Helm kritt ier et géint 9 Auer lass gaangen ass. Mir waren zu enger 10 Leit a meng Frëndin an ech hunn den Altersduerchschnëtt e bëssen no ënne gedréckt.😉
Et goung net wéi fréier mam Zuch an d’Minn, mee ze Fouss. Direkt am Agang hunn mir e puer interessant Erklärungen zur Minn Walert kritt, déi 1964 zougemaach ginn ass. Si huet zB zwou Äerzschichten: eng giel an eng gro. D’Guiden hunn d’Informatiounen op eng witzeg Aart a Weis verpaakt, esou dass et net esou dresche war, wéi een et alt mol soss vu Visitte kennt. Et soll een zum Beispill Eisenäerz an engem Bierg als Bottercrème am Kuch virstellen. D’Manéier vum Guidage huet mir immens gefall, well ech jo och als Touristeguide aktiv sinn, a meng Visitte och ëmmer probéieren e bësse méi witzeg, manner dreschen ze gestalten.
An der Minn war et zimmlech däischter, well just ganz minimal beliicht war – gutt, dass mir all eng Täscheluucht dobäi haten! Eise Guiden haten, wéi fréier, eng Karbidsluucht dobäi. Et konnt e sech also gutt ee Bild dovunner maachen, wéi vill d’Leit fréier bei hirer Aarbecht, gesinn hunn: net vill! Eisen Tour huet eis duerch d’Haaptgallerie gefouert, a mir hunn erfuer, dass vun dëser, lénks a riets eng ganz Réi wieder kleng Galerië fortgaange sinn. Mir hunn och tonnenschwéier Buggien; Zuchmaschinne gesinn. Fréier muss et hei immens gesteppst hunn an och extrem haart gewiescht sinn.
Ee spezielle Moment war et, wéi mir laanscht de Schacht gaange sinn wou de Jean-Pierre Bausch (Hien misst den meeschten Leit aus dem Minett e Begrëff si – wann net: hien war Minnenaarbechter, Gewerkschaftler, Buergermeeschter an Deputéierten) den 12. Februar 1935 déidlech verongléckt ass. Wéinst hirem geféierlechen Daach, deen ëmmer erëm zu Accidenter gefouert huet, krut d’Minn Walert de Spëtznumm “Mausfal”. Net manner wéi 46 Biergleit hunn hei hiert Liewe gelooss.
Déi ganz Visitt huet em 2 an eng hallef Stonn gedauert. Reegelméisseg hunn mir e Stopp gemaach, wou eisen Guide Denis eis e puer archeologesch Erklärungen gi huet. Wärend dem ganzen Tour, konnten e sech liefhaft virstellen, wéi haart an ustrengend d‘Aarbecht als Mineur muss gewiescht sinn! Et war immens interessant an eis Guidë konnten op all Fro äntweren.
Duerch Ventilatoren huet et op verschiddene Platzen zimmlech gezunn, sou dass ech Iech uroden, Iech warm unzedoen, wann Dir och un esou eng Visitt gedenkt deelzehuelen.
No der Visitt hunn eis Guiden eis verroden, dass mir déi éischt Grupp waren mat deenen si dësen Guidage gemaach hunn. Mir waren Premiere, mee et wäert net bei Enger bleiwen! Esou Visitte ginn et ab elo reegelméisseg.🙂 Avis aux Amateurs!
Leave a Comment