fbpx

Tournoi zu Wien & Prag: hannert de Kulissen

Haut start meng Serie um Rosport Life, an ech duecht mer et wär flott Iech ee klenge Video-Abléck a mäin Alldag ze ginn.

Fir den éischte Video, ass et net mäin Alldag zu Reims an der Tennisschoul, mee ech huelen Iech direkt mat op 2 Tournoien: Wien a Prag. Mir waren am ganze 15 Deeg ënnerwee.

Am Géigendeel zu wat d’Leit heiansdo mengen, sinn esou Deplacementer fir Tournoi’en keng Vakanz: ech hunn ee Programm dee vill Training, Léieren a Mätscher virgesäit. Natierlech hunn mir awer och alt emol e bësse Fräizäit wou mir d’Stied kënne besichen.

Des Kéier, war ech eleng mat mengem Trainer ënnerwee. Oft ass et awer esou, dass mir zu 2-3 Spillerinnen ënnerwee sinn.

Fir de Video hunn ech Iech all Dag e bësse gefilmt an erzielt wat um Programm stoung, mee ech verroden Iech natierlech och wéi déi 2 Tournoi’en fir mech ausgaange sinn.

Ech hoffen dëse klengen Abléck gefält Iech! Wann Dir Froen hutt, kënnt Dir mir gären ee Kommentar ënnert dem Artikel loossen.

Déi nächst Tournoi’en stinn och scho virun der Dier: Oslo an Lëtzebuerg mat enger aanerer Spillerin.

Tags:
Marie Weckerle

Marie Weckerle

Ech sinn d’Marie Weckerle an hunn 16 Joer. Säit 12 Joer hunn ech eng Tennisrackette an der Hand a stinn all Dag um Terrain. Ech hunn ee wäite Wee ageschloen a well professionell Tennisspillerin ginn.😊 Mat mengen Artikele kënnt dir mäin Alldag um Wee zur Profisportlerin verfollegen.

Blog Comments
Avatar

Et ass mol ganz interessant ze gesin mat wéivill Opwand an Éiergäiz Tennisliewen verbonnen ass. Ech wenschen der vill Courage an bonne Chance fir datt den Dram vum Tennisprofi an Erfellung geet.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.