fbpx

RedRock Mountain Bike Trail mam E-Bike

Haut huelen ech Iech mat mengem E-Bike mat op de Red Rock Mountainbike Trail.

Offiziellen Säiten (Visit Lëtzebuerg oder Geoportail ) no, soll dësen Trail ronn 37km laang an knapps 1100hm hunn.

« Vous cherchez le terrain de Mountainbike le plus prenant et le plus spectaculaire du sud du Luxembourg ? Vous l’avez trouvé ! » sou fänkt de kuerzen Descriptif um Geoportail un,… an domadder gëtt och net ze vill versprach.

Ech war/sinn skeptesch wat d’Héichtemeter uginn, laut menger Sportauer (Garmin Instinct mat Barometer) waren et der „nëmmen“ 800hm, awer kommt mir fänken fir un:

Parken:

Parke kann een am beschten um Parking um Enn vun der „rue du Stade“ um Gaalgebierg, oder am Ellergronn.  An béide Fäll ass een direkt um Trail an et kann ee vun engem Bike Wash / Bike Repair Statioun profitéieren, eventuell en Maufel iessen/drénken an och mat zousätzlech Aktivitéite kombinéieren. Dëst kéint éventuel praktesch sinn, wann de Partner matkomme well a selwer awer net bikë well well hei fënnt en genuch ze dinn (wanderen / Déierepark / Spillplaz / Centre Ellergronn…).

Balisage:

Den Trail ass mam bekannten MTB-Trail Zeechen mat engem zousätzlechen schwaarze Balken baliséiert  (Foto), hei muss een just oppassen, well hei ass nach een zweeten Trail (RedRock Mountainbike Trail “Ellergronn – red”) den sech op puer Plazen mat eisem Trail iwwerschneit, den huet wéi den Numm et schonn verréit, zousätzlech e roude Balken.

Di ganz Streck ass virbildlech baliséiert, natierlech ass et ëmmer besser en Navi/Handy mat der Streck mat derbäi ze hunn, den GPX Fichier kann een och um Geoportail oder bei Visitluxembourg eroflueden.

Bis op 2 oder 3 kleng Ofwäichungen huet de GPX och 1:1 mam tatsächlechen Balisage iwwerteneen gestëmmt.

Oppassen, wann een vum Parking Gaalgebierg fortfiert fält een als éischt op den Trail „Ellergronn-Red“, dat ass net weider schlëmm, hei mëscht een e klengen Ëmwee iwwert den Déierepark den kuerz awer flott ass, di 2 Trails falen zesummen, wien dat awer net well, kann direkt vum Parking puer Meter erof Richtung Escher Geméisgaart fueren, dann ass een direkt um eigentlechen Trail.

Den Trail:

Den Trail selwer huet et richteg an sech, a wien scho mol der Randonnée vun den Terre Rouge Bikers vun Esch oder vum LC Kayl matgefuer ass, dee wäert hei vill bekannt Platzen erëm begéinen.

Bis op eng richteg gëfteg Montée léisst sech den Trail gutt fueren hei ass e gudde Mix vu breede Bëschwee’er a vill flowege Singletrails.

Den Trail féiert ons laanscht d’Minn Prince Henri (och „Eisekaul“ genannt) wou fréier d’Minette (Eisenäerz) ofgebaut gouf an wou sech spéider am 2te Weltkrich  och bis zu 25 Refraktäre verstoppt hunn. Haut ass d’Minn zou a bitt de Fliedermais eng ideal Plaz fir z´iwwerwanteren.

Weider geet et an den Ellergronn (dëse Site hunn se flott amenagéiert, ënnert anerem fënnt een hei een Naturschutzzentrum, d’Brasserie „An der Schmëdd“, de Bikewash/Service Station,…), laanscht e grousse Weier, den doduerch entstanen ass dass drënner eng Galerie agestierzt ass,  an ee Fliegerdenkmal den un de Pilot L.C. Sharling an dem Fotograf D.G. Darvell gedenke soll, déi aus ongekläerten Ursaache mat hirer Maschinn net wäit vum Monument ofgestierzt waren.

Nieft der „Gro Minière“ an der „schwaarzer Bréck“ passéiere mer och nach di eng oder aner Skulpture sief et aus Steen oder Stol, wéi och vill Infotafelen déi ons interessant Hannergrondwëssen zu den eenzele Relikten aus der Zäit mee och iwwert Flora a Fauna vermëttelen.

Weider geet et op de Lalléngerbierg wou ee bis Haut nach den Impakt vun der iwwerierdescher Extraktioun vun der Minette gesäit. Bis 1974 gouf d’Minette hei ofgebaut, säitdeem huet sech d’Natur erëm d’Plaz zerëckerobert, hei hunn sech iwwert d’Joren ökologesch wäertvollen Trockenrasen gebilt, déi vill Déieren an Insekten unzéihen. Dës Fläche sinn als Natura 2000 Fläche geschützt.

Dës Plaz wierkt esou surreal, dass ee bal menge kinnt dass een um Mars wier! De „Bike Park“ ass vun enger 5 Meter héijer Fielswand agekesselt an hei am Roude Stëbs fënnt den techneschen Deel vun onsem Tour säi Climax: hei gouf iwwert di läscht Jore vill Zäit an Energie investéiert an um natierlechen Terrain kann een sech hei un verschidde kniwweleg Descenten eruntrauen. Wien et wierklech wësse well kann och di eng oder aner Sprungschanz fueren! (Denkt un Protektoren).

!Oppassen!

Dësen Trail ass näischt fir Ufänger, hei sollt ee scho méi suedelfest sinn an och eventuell den een oder aneren Technikcours matgemaach hunn.

  • Et begéint een Drops, exposéiert Wuerzelen, géi Penten a Sprungschanzen. Oft kann ee verschidde Platzen ëmfueren (Chicken Line) an natierlech kann een ëmmer vum Bike erofklammen. Et soll een op kee Fall iwwert seng Limitte goen.
  • Op dësem Trail muss een heiansdo eng Schnellstrooss kräize respektiv puer Meter driwwer fueren, hei gutt oppassen op de Verkéier.
  • Eng versenkbar Suedeltige ass hei op verschidden technesche Passagen absolut vu Virdeel, et geet natierlech och ouni, mee et ass méi kamoud a méi sécher wann een se huet.
  • Respekt virun der Natur an den anere Matnotzer sollte selbstverständlech sinn, et léisst ee keen Dreck léien an um Trail fiert een sou dass een ëmmer op aner Läit mat Zäite reagéiere kann, hei si gären och Wanderer an och aner Biker oder Déieren ënnerwee.

eBike:

Et ass machbar,… allerdéngs ersetzt de Motor weder Technik nach Balance, grad mam eBike sollt ee versichen nach méi propper ze fuere well den Impakt op den Trail/Natur hei méi grouss ka si wéi beim reguläre Bike.

Et sollt een och säi Bike kuerz Passagen drécken an eventuell heiansdo ophiewe kënnen.

Am Eco-Modus hat ech um Schluss nach gutt 50% vum Akku iwwereg.

Fazit:

Dësen Trail ass gelongen, hei kommen d’Biker déi scho méi Erfarung gesammelt hunn op hier Käschten. En ass konditionnel wéi och technesch eng Erausfuerderung. Och ass en landschaftlech, kulturell a geschichtlech ganz interessant an eenzegaarteg hei am Land. Gaalgebierg an den Ellergronn si gutt erschloss a bidde genuch Méiglechkeete fir weider Zäit do ze verbréngen, sief et eleng, als Koppel oder Famill.

Tags:
Christian C.

Christian C.

Salut, ech sinn de Christian. Eleng oder mat Frënn kuerbelen ech oft mam Mountainbike duerch d’Land. Dat hält fit, mëscht Spaass an et kann een esou och vill nei Platzen entdecken. De Rescht vu menger Fräizäit wou ech net um Suedel sëtze, verbréngen ech mat Wanderen, Photographie, Kachen, Geocaching a Reesen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.