fbpx

3 Deeg London

E puer Andréck vun 3 Deeg zu London am Februar 

Moies fréi si mir zu 4 Damme mat der Luxair fir 3 Deeg op London geflunn. Ënnerwee goufe mir mat engem gudde Croissant an enge Gedrénks verwinnt. Dohannen ukomm hu mir en Taxi bis an den Hotel geholl a sinn agecheckt. Mir haten een Hotel am Quartier Riverbank un der Themse mat Vue op de Big Ben. E super grousst Zëmmer mat allem Confort huet eis do erwaart. Et war meng aller éischte Kéier zu London an ech hunn mech immens gefreet dës englesch Stad ze entdecken.

Nodeems mir eis kuerz am Hotel frësch gemaach hunn, si mir mol ze Fouss op Entdeckungsrees gaangen. Beim éischte Pub eppes Klenges giess …déi eng en Hamburger, déi aner Fish and Chips, déi aner e mat Ham a Kéis gefëllte Croissant. Do hu mir eis dann en Ticket fir 2 Deeg mam Hop on Hop off Bus ze fuere kaaft. U sech déi beschten Iddi, fir alles ze gesinn. Am Präis abegraff och eng Schëfffaart fir iwwer Themse. Mee dozou hate mir leider keng Zäit.

Mir hunn also mam Bus d’City Sightseeingtour gemaach. Am Bus konnt een e Kopfhörer undoen an an der gewielter Sprooch nolauschteren, wat de virtuelle Guide ze erzielen hat. Wann ee wollt eng Foto maachen, huet een natierlech nees net matkritt, wou ee grad laanscht gefuer ass. Et ware ganz vill Leit ënnerwee an iwwerall huet een déi flott rout Doppeldeckerbusser gesinn. Markant sinn och déi vill rout Telefonskabinnen an déi wonnerschéin Architektur. D’Stad London ass immens grouss, mee mam Bus kënnt een op di Haaptplazen.

Den 1. Dag hu mir een hallwen Tour de ville gemaach a sinn am Zentrum erausgeklommen. Mir sinn dunn bei HARRODS eragaangen. An der Entrée vun dësem schicken Akafszenter stoung e Gardien, wéi op esouville Platzen. Deier Markesaache vu Maroquinerie, iwwer Porzeläin, Séissem, Blummen, gastronomesch Spezialitéiten, vill Téizorten a Kaffi war alles ze kréien. Eent vu eis hat op der Rolltrap d’Tirette vun der Poche opgemaach kritt an een anert hat dat nach esou just erbléckst. Mee dat ass e Problem, wou esou vill Leit zesummekommen. . Passt also zu all Moment gutt op Är Poschen op, wann Dir zu London ënnerwee sidd. Ech hat mir vu vir eran eng kleng Täsch mat menge Pounds vir un de Rimm ugespéngelt, fir op Nummer sécher ze goen.

Bei Harrods hunn mir och en Téi gedronk… zu engem zimmlech iwwerdeierte Präis, mee ech muss soen, London ass am allgemengen eng relativ deier Stad.

Duerno ass et weider gaange mam Hop on Hop off Bus bis bal bei den Hotel. Owes do an d’Sauna a méi spéit en Taxi geholl bis bei eng Pizzeria, wou Platze fir eis am viraus vun enger Lëtzebuerger Studentin reservéiert waren. Awer den Taxichauffer hat d’Adress net richteg matkritt an huet eis iergendwou aneschtes erausgelooss…esou wéi et sech spéiderhin erausgestallt huet 3 km wäit ewech. Et huet riicht era gereent an et war kal. Mir sinn dunn spontan an e gutt besichte koreanesche Restaurant iesse gaangen. Dat war fir deen een oder aneren en Challenge, fir déi ongewinnt Menüskaart ze liesen an eppes erauszesichen. Mä allem an allem war d’Iessen super gutt. Vill Geméis, Nuddelen an e puer Stécker Poulet oder Scampien hunn e gudde Plat hierginn. An den Dessert: frësch zoubereeten Äerdbiersglace mat waarmen Hammbier war natierlech de Glanz.

No engem éischte flotten Dag mat villen Andréck si mir nom Iessen doudmidd an d’Bett gefall.

Moies no engem räichhaltegem internationalem Breakfast-Buffet hunn mer den Hop on Hop off Bus bis bei de Piccadilly Circus, déi bekannt Plaz matten am Zentrum, wou sech international Stroossekënschtler a Leit begéinen, geholl.

Leider hate mir och den 2 Dag keng Chance mam Wieder: et huet nees riicht era gereent an dofir si mir dann an e Souvenirsgeschäft gaangen, wou ech mir Gadgets kaaft hunn, fir doheem eng nei Collage op Toile ze maachen. Hei ass och de bekannten HardRockcafé, deen een a ville Groussstied huet.

Et ass Mëttesstonn an Zäit fir eppes drénken ze goen. Eent vun eis war erkaalt an huet sech e waarme Whisky bestallt. E Glas mat waarmen Zitrounejus ass erhëtzt gi an en anert klengt Glas gouf doriwwer geluecht fir de Whisky ze erwiermen. Um Punkt 15.00 Auer hate mir e feste Rendez-vous bei der Madame Tussaud. D’Billete waren online gebucht (35.-€). Mir wollten éischter eran, mä dat war net erlaabt. D’Leit goufe ganz genee kontrolléiert fir eran. Dobanne war et einfach nëmmen immens schéin. Bekannte Schauspiller, Sportler, Filmschauspiller, Politiker an aner Celebritéite stoungen, loungen, souzen do nogemaach a Wues (dofir de Numm: Wachsfigurenkabinett) an et konnt een sech bei si beginn, fir eng oder déi aner flott Foto ze maachen oder maachen ze loossen. En klengen Zichelchen huet een zum Deel duerch d’Gebai gefouert, wou riets a lénks eng flott Kuliss mat Poppen, déi sech zum Deel beweegt hunn ze gesi war.

Dat war wierklech immens flott an dës Visitt ass ze recommandéieren. Et ware vill Leit vun all Alter dobannen an d’Kanner hate besonnesch hire Spaass, fir virun enger Leinwand ze danzen.

Duerno wollte mir mam Bus zeréck bei eisen Hotel, mee dat war guer net esou einfach an dunn hunn mer dunn awer erëm een Taxi geholl. Zu 4 konnt een sech de Präis jo deelen, dunn war dat ok. Déi éischt Middegkeet mécht sech an de Muskelen, Been an am Réck bemierkbar an et ass ee frou, fir an enger relaxer Bidden ze raschten an no engem gudden Iesse schlofen ze goen. Owes sinn der 3 vun eis awer nach kuerz erausgaangen, fir e puer Nuetsopnahmen ze maachen.

Den 3. Dag huet et nees riicht era gereent an et huet ee missen um 12.00 Auer aus dem Zëmmer. Duerno e Stéck zu Fouss a mam Bus laanscht d‘London Eye bis op d’Towerbridge. E puer Fotoe gemaach a séier ënnerdaach an eng Pizzeria a Mëttes nach e bësschen an der Géigend ronderëm spadséiert, bis dass et nees gereent huet an ee frou war, fir de richtege Bus ze huele fir nees zeréck a Richtung Hotel, fir do d’Valisen ze huelen. Ënnerwee nach e puer flott Fotoe gemaach. Do ukomm, hunn mir eis een Taxi bestallt, deen eis nees op de Flughafe gefouert huet. Ongeféier eng Stonn Faart.

Alles an allem e flotten Openthalt awer, ech muss soen, 3 Deeg si vill ze kuerz fir alles ze gesinn. Et misst ee schonn e puermol dohinner goen, fir alles méi am Detail ze entdecken. Et gëtt därmoosse vill. Et ass fir jiddereen eppes do… Muséeën, Buckingham Palace, Westminsterabtei, Greenwich, Kathedralen, Horseguards Parade, Memorialer, Statuen, Trafalgar Square, Hyde Park, Kensington Palace, Stratford… Oft huet ee Schlaange vu Leit bei verschiddenen Entréeë vu Sehenswierdegkeete gesinn, hei misst een sech informéieren op et online Tickete ginn, da kann een se eventuell ëmgoen. Engersäits gesäit ee ganz vill Sans-abris an anerersäits immense Luxus. D’Englänner waren am grousse Ganze ganz manéierlech an d’Stad huet en propperen Androck hannerlooss. Ech gi bestëmmt nach eemol zréck an huele mer e bësse méi Zäit London am Detail ze entdecken.

Natierlech hunn ech mir et net huele gelooss, Collage mat mengen Andréck vu London ze gestalten:

Tags:
Sylvie

Sylvie

Mäin Numm ass Sylvie Collignon-Mathieu, ech si 56 Joer al a wunnen am Süde vum Land. Als Lëtzebuerger Artistin an Autorin vu Kannerbicher sinn ech u villem interesséiert. Zu mengen Hobbye gehéiert alles, wat mat Kreativitéit zesummenhänkt: Molerei, Bicher gestalten, Kachen, Sport & och d'Natur. 

Blog Comments
Avatar

gedeelt bei Facebook

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.