„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”
Foto via Editpress
De Fausti heescht mat sengem richtegen Numm Faustino Cima.
Hien ass e lëtzebuergeschen Entertainer an aus der lëtzebuergescher Fuesent net ewechzedenken.
1983 ass seng éischt Plack op Lëtzebuergesch erauskomm. Et war „Fuesparty mam Fausti“.
Bal jiddereen a Lëtzebuerg kann e puer vum Fausti senge Lidder matsangen. Zum Beispill: „Zwou Bulle Mokka“, „Moss am Bic“, „On se Biitsch“ oder „Vache glift“.
Hien ass de 24. Juli 1940 zu Lëtzebuerg gebuer. Dëst Joer feiert de Fausti seng 80 Joer.
D’Famill huet am Gronn gelieft. Seng Grousseltere waren Enn vum 19. Joerhonner aus Italien op Diddeleng ausgewandert. Hien ass an engem Haus gebuer, dat jidderee kennt. An deem Haus am Gronn ass haut den englesche Pub „Scotts“. Méi spéit ass d’Famill an d’Uewerstad geplënnert, an dat haitegt „Maison de la presse“.
An engem Tageblatt-Interview seet de Fausti, datt hie keen Italieenesch, dofir awer Spuenesch schwätzt.
Déi puer Wierder Italieenesch, déi hie kann, huet hien Lidder geléiert. Säi Papp koum schonn hei op d’Welt, war en ‚Diddelenger Jong‘ an huet ëmmer scho Lëtzebuergesch geschwat. Hie sot ëmmer: „Mir schwätzen hei keen Italieenesch, mir schwätze Lëtzebuergesch. Ech kann iech z’iesse kafen, well ech hei Sue verdéngen.“
Mat senger Fra Alice, déi 2017 gestuerwen ass, war hien zanter 1960 bestuet, d’Koppel huet zwee Jongen. Déi zwee Jongen heesche Faustino an Daniel, genannt Titi a Butz. Den Titi ass Lokfürer. Hie schafft beim Fausti senger Firma, wéi hie selwer seet: „Cima Fausti Lëtzebuerg“.
Foto via Editpress
Vocabulary
Fuesent = carnival
ewechdenken = to overlook
Plack = a record, vinyl
Lidder = songs
ausgewandert = emigrated
Uewerstad = uptown
haitegt = today’s
Sue verdéngen = earn money
genannt = named
Lokfürer = train driver
Leave a Comment