fbpx

Buch & Interview : TAO TE KING – Buch vum Wee, Serge Tonnar

  • Home
  • Book Corner
  • Buch & Interview : TAO TE KING – Buch vum Wee, Serge Tonnar

Haut stellen ech Iech dem Serge Tonnar säi Buch TAO TE KING – Buch vum Wee fir. Et handelt sech ëm eng fräi Iwwersetzung an d‘Lëtzebuergescht vun enger Sammlung vun Texter déi, laut enger chinesescher Legend, vun engem weise Mënsch mam Numm Lao Tse stamen. D’Texter bilden iwwerdeems och d’Basis vum Daoismus a sollen de Mënschen de Wee weise, fir fräi vu Gewalt an Aarmut ze liewen. Esou soll et zu engem dauerhaft harmoneschen Zesummeliewe kommen.

Serge Tonnar & Jean-Marie Biwer © Jean Huot

Den Titel vum Buch verbiergt also eng komplex Geschicht an hannert all Wuert steet méi wéi eng eenzel Bedeitung.

TAO steet vir Wee, Floss Prinzip a Sënn

TE vir Tugend, Güte, Integritéit an ënnerlech Stäerkt

KING /JING vir ee kanounescht Wierk en Leetfuedem oder eng klassesch Textsammlung

D’Buch fällt op duerch en uspriechende Cover a wonnerschéin Illustratiounen. Op all Säit begleet en flotten Aquarell vum Jean-Marie Biwer de philosopheschen Text, deen de Serge Tonnar fräi op lëtzebuergesch iwwersat huet. Insgesamt sinn et 81 klenger Texter/Sätz, bei deenen ech mir sécher sinn, dass jidderee vun eis dorënner e puer Weeweiser fënnt.

Am Ufank, ass et e bëssen ongewinnt dës Liewenswäisheeten a lëtzebuergescher Sprooch ze liese mee et ass genee dëst wat den Unikum-Wäert vum Buch fir mech ausmëscht. Aus der aler chinesescher Philosophie frei iwwersaten Texter an onser Mammesprooch ze liesen, sprécht een dach op engem ganz neien, op engem aneren Niveau un.

Eng vun den Iwwerleeung am Buch, méi präzis eng zum Thema Gléck a Leed, huet mech déif beréiert, sou dass ech ëmmer nees d’Buch erëm opgeschloen hunn a mir weider kleng Texter, passend zu mengem Dag gemierkt hunn. Fir mech ass d’Buch eng Inspiratiounsquell fir no neie Weeër ze sichen, Kraaft ze schäffen an d’Welt eventuell duerch aner Aen ze gesinn. Eppes wat viru Joerdausende schonns richteg war, kann haut jo net falsch sinn.

Ech freeë mech och immens, dass den Auteur mir e puer Froe beäntwert huet:

Wouraus ass d’Iddi entstanen al chinesesch philosophesch Texter op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen?

Den Tao Te King begleet mech schonn eng Rei Joren. E Plang, den Text an d’Lëtzebuergescht ze setzen, gouf et net. Ech hunn einfach enges Daags ongezwongen ugefaangen. Wéi ech bis gemierkt hunn, dass et duerchaus funktionéiere kéint, hunn ech mech méi eeschthaft derhannert gesat.

Wéi huet den Tao Te King de Wee an Äert Liewe fonnt?

Wéi genee, weess ech net méi. E gehéiert zu enger Rei vu Bicher mat spirituellem Inhalt, déi ech zanter 2013 ëmmer erëm opschloen, wéi dem Gibran säi Prophet, d’Upanischaden oder dem Huxley seng perennial Philosophy.

Iech kennt een aus aner Projeten, virun allem Musek, wéi passt dëse Projet do eran?

Schreiwe maachen ech schonn ëmmer. Mol sinn et Liddertexter, mol Theaterstécker, oder, wéi elo, Iwwersetzungen. Wat hei besonnesch interessant ass, ass dass een sech intensiv mat Iddie vun anere Mënschen auserneesetze kann, an e bësse vun der eegener Zopp ofkënnt.

Wéi ass d’Zesummenaarbecht mam Här Biwer entstanen?

Op RTL hunn ech viru laangem emol gesinn, dass de JM och ëmmer nees op dat Buch zeréckkënnt. Wéi ech bis am gaange war, ass dat mer nees agefall. Ech hunn hien einfach ugeschriwwen, an e war direkt begeeschtert. Seng Aarbecht ass d’Kiischt um Kuch, an ech sinn immens frou iwwert d’Resultat.

Wéi een Text huet Iech am meeschten ugeschwat?

Et sinn der esou vill. E kuerzt Beispill si vläicht des Zeilen aus dem Nr 40:

Alles kënnt aus dem Sinn

Sinn gëtt am Net-Sinn gebuer

Iwwert déi 2 Zeile kann een e Liewe laang nodenken a meditéieren, a sech einfach wuelfillen derbäi.

E groussen Merci dem Här Tonnar vir dësen Interview

Iwwert den Auteur:

De Serge Tonnar gouf den 3. Februar 1970 zu Lëtzebuerg gebuer. Als fräischaffenden Auteur, Komponist an Interpret beschäftegt hien sech a senger Haaptaktivitéit mat der Kompositioun vun eegene Lidder virun allem mat senger Band Legotrip. Als Musiker, Schauspiller, Regisseur an Auteur ass hien och geleeëntlech an der Theaterwelt ënnerwee.

MASKéNADA, Kënschtlerkollektiv a Produktiounsplattform fir alternativ theatralesch a musikalesch Projeten huet hie mat op Bee gestallt.

D’Associatioun „Mir wëllen iech ons Heemescht weisen“ huet hien 2015 an d’Liewe geruff. Dës setzt sech fir en interkulturellen Dialog an absënns tëscht Flüchtlingen a Leit aus Lëtzebuerg.

Wann Dir elo virwëtzeg sidd an d’Buch entdecke wëllt, da gi mir Iech Rendez-Vous op der Rosport Life Facebook Säit wou et bis den 19.03.2020 een Exemplaire ze gewanne gëtt!

Bonne Chance!

Tags:
Martine

Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue.    Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende  

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.