fbpx

Portrait – Vu Vir

Halli, hallo an e wonnerschéinen Dag gewënscht!

Haut schwätze mer iwwer Portraiten, mee awer elo net déi realistesch Meeschterwierker déi a munche Fäll ausgesi wéi eng Foto. Dofir brauch een nämlech ganz vill Talent, vun dem ech weit ewech sinn. Och sollt dësen Artikel all dräi Haaptpunkte beinhalten: vu vir, 3/4 vue, an d’Profil. Well ech awer schnell gemierkt hunn datt dat e geckeg laangen Tutorial géif ginn, hu mer decidéiert et an e puer Deeler ze splécken. Vläicht e Genre Trilogie (dat klengt esou “grandios”!) Dowéinst huele mer haut vir t’éischt emol “nëmmen” d’front view an Ugrëff.

1. Vir unzefänken, zeechne mer mol e Krees. Dee muss net perfekt ronn sinn, et ass nämlech ufangs emol nëmmen eng Skizz.2. Do dran an drënner zeechne mer dann e Véiereck. Hei sollt den ieweschte Stréch 1/4 vun ënnen erop am Krees usetzen.

De Véiereck sollt ongeféier déi selwecht Gréisst hunn, wei de Krees. Zur Visualiséierung: de Krees soll ganz an de Carré passen3. Elo zéie mer e vertikale Stréch déi ganz Längt erof duerch d’Mëtt.

4. Am nächste Schrëtt zeechne mer zwee weider Strécher, dës Kéier horizontal. Den éischte vu riets no lenks duerch de Carré, ugesat do wou de Krees ophält. Den zweeten dann tëscht deen an den ieweschten Deel vum Véiereck.

5. Ënner dës dräi kënnt dann e véierte Stréch, och horizontal an am selwechten Ofstand zum Leschten, wei déi viregt ausernee léien. De fënneften, hei bloe Stréch, ass optional. Wei der duerno gesitt, ass en eng kleng Hëllef vir ze wëssen, wou een de Mond soll usetzen. Distanze méisseg läit en ongeféier zweemol esou wäit vum leschte roude Stréch ewech, wei déi viregt ee vum aneren ausernee leien.

6. Elo zeechne mer d’Ëmrësser vum Kapp an dem Hals mat de Schëlleren. Den ieweschten Deel vum Krees gëtt d’iewescht Stéck vum Kapp, beim 4. roude Stréch geet de Bak an den Ënnerkifer iwwer. Do wou de Véiereck ophält, ronne mer de Kënn of.

7. Da komme mer zu den An. Den zweete Stréch vun uewe kann een als Richtlinnen huele vir déi horizontal Mëtt ze placéieren, wat och hëlleft eis Zeechnung méi symmetresch ze kréien.

8. Nodeems mer dann d’Iris an d’Pupill agezeechent hunn, komme mer zu de Wimperen. Hei gëtt et e klengen Trick, vir dat Ganzt e bëssen ze vereinfachen. Dofir zeechne mer eppes wéi eng Rüscheformen an déi iewescht Bannesäit vum An.

9. Als nächst zeechent een dann eng Wimper iwwerall do wou d’Rüschen an d’An openeen treffen. Op der Baussesäit weisen se licht no baussen. Bannen ass et natierlech de Géigendeel. An der Mëtt vum An, geet eng Wimper richt no uewen.

10. Duerno kann een dat Ganzt nach e bëssen opfëllen tëscht deenen eenzele Wimperen.
Wéi gesot, kann een sech e Stréch hale vir ze wëssen op wéi enger Héicht de Mond sollt ugesat ginn. Och gëtt et vill verschidden Aart a Weise vir eng Nues ze molen, hei e Beispill wei ech meng am heefegsten zeechnen. D’Form vun den Aperhoer kënnt op d’Stëmmung vun ärer Persoun, déi der moolt un, a spigelt dës wuel och am däitlechsten erëm.

11. Wéi eng Coupe, op laang, kuerz, glat, krauseleg, etc, äre Portrait kritt, ass Iech natierlech fräi iwwerlooss. Déi eenzeg Grenze sinn déi eegen Imaginatioun!

An hei ass mäi fäerdegt, Waasserfaarwen-Bild:

Jo, bei de Wimperen ass e bëssen eng schif gaangen. Ech duecht alt, ech misst meng Outlines mat enger vun deene Fiedere maachen, déi een ëmmer erëm an d’Tënt zappt, obwuel ech absolut keng Erfarung domat hunn. Eppes hunn ech op alle Fall draus geléiert, och wann et net dat ass, wat ech mir erhofft hat…

Ech zeechne seele fäerdeg Portraiten, kritzelen a skizzéieren se éischter. Mee hei hunn ech awer nach ee klengt Beispill fir Iech e bëssen ‘Inspiratioun mat op de Wee ze ginn.

An domat si mer dann och schonn um Enn ukomm. Wann Dir éischter un engem realistesche Stil interesséiert sidd, och do kënnen dës kleng Tricken ufangs hëllefen. Virun allem d’An symmetresch op enger Héicht ze hunn, hunn ech laang Zäit als ganz schéin Erausfuerderung empfonnt, a muss zouginn datt ech mir och haut nach en Stréch zéien.

Hu Dir wëlles och deemnächst ze probéieren e Portrait ze zeechnen? Falls jo, dann üübt fläisseg! An an net all ze laanger Zukunft huele mer dann 3/4 Vue an d’Profil an Ugrëff!

Bis dohin, passt op iech op a bleift kreativ! 🙂
Tags:
Stéphanie K.

Stéphanie K.

Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.