fbpx

Bastelen mat PET Fläschen

Haut ass offizielle Welt-Recycling-Day an ech hu mer geduecht dëst wär ee flotte Moment fir eng kleng Basteluleedung mat Iech ze deelen déi bei d’Thema passt. Thema Recycling an Ëmwelt ass eent wat an deene leschte Jore massiv un Interessi gewonnen huet an, an der aktueller Situatioun sicht Dir bestëmmt och no der eng oder anerer Aktivitéit déi Dir mat Äre Kanner kënnt maachen. Haut bastele mir verschidde flott Déiercher aus Plastiksfläschen!

D’Material wat mir benotzt hunn, kritt een an all Bastelgeschäft an och eventuell am Supermarché. Viva & Rosport Fläschen, déi iwwregens momentan selwer schonn aus 50% recycléiertem Plastik bestinn (dësen Undeel soll an der Zukunft nach däitlech eropgoen), kritt een an all Supermarché & Tankstell.

Hei wat mir gebastelt hunn:

Den Tëntefësch (Als Deko fir opzehänken)

De Buedem vun enger Rosport Blue Fläsch erof schneiden. D’Fläsch mat Acrylfaarf bemolen. D’Säiten an 1cm breet Lamellen aschneiden an ëmdiebelen. Dem Tëntefësch nach zwee léif Wackelae verpassen. E Fuedem duerch de Stopp zeie fir en opzehänken.

D’Kaz (fir Bic’en a Stëfter dran ze stellen)

D’Viva Fläsch esou aschneiden dat uewen en Kapp mat zwee Oueren entsteet. D’Fläsch mat Acrylfaarf umolen. D’Gesicht mat engem breede Stëft opmolen oder oppechen.

D’Spuerschwäin:

De Kapp vun enger Fläsch Viva ofschneiden (no +- 10cm)  an de Buedem och eraus schneiden (och +- 10m héich). De Buedem mam Kapp erëm zesumme stiechen a mat Tape fixéieren. Moosgummi op d’Breet vun der Fläsch zouschneiden a mat Colle oder enger Pechpistol op der Fläsch fixéieren. Mam Cutter uewen en Lach fir d’Suen an de Gummi an och an d’Fläsch schneiden. Um Moosgummi zwee Oueren an en Krëngelschwanz opzeechnen an eraus schneiden. Béides mat Colle oder Pechpistoul fixéieren. 4  Fläschestepp als Been upechen. Dem Schwäin nach zwee Aen oppechen.

D’Schwäin als Posch:

2 Biedem vun 2 Plastiksfläschen of schneiden (gutt 10cm héisch). Béid Biedem mat Acrylfaarf bemolen. Mat Colle/Pechpistoul eng Tirett un déi zwee  Biedem pechen. Op  Moosgummi 2 Oueren an eng Nues opmolen an eraus schneiden. Béides upechen. Nach zwee Aen an d’Posch ass fäerdeg.

Opgepasst: all Schneidaarbechten un der Fläsch sollte vun engem Erwuessene gemaach gi.

Ech hoffe mir konnten Iech e bëssen inspiréieren & wënsche vill Spaass beim Nobastelen. 🙂

Tags:
Christian S.

Christian S.

Ech sinn e Wanderer, Hiker, Frënd vun der Natur an aale Scout. "Nur wo du zu Fuß warst, bist du auch wirklech gewesen” - Goethe  Ech sinn Admin vun der Wanderen zu Lëtzebuerg - Walking in Luxembourg - Wandern in Luxemburg Facebook Säit, leeden d’Facebook Grupp Trekking - Hiking - WanderenLëtzebuerg an hunn och en Instagram Account mam Numm walking_luxembourg.

Blog Comments
Avatar

Super Idee….gedeelt op Facebook an der Groupe: Lëtzebuerger Kannerbicher, Bastelideen asw.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.