fbpx

Mäin Sportleralldag an der aktueller Situatioun

Wéi déi aktuell Situatioun – COVID-19 – mäin Sportleralldag beaflosst. 

Mir si momentan an enger Situatioun déi et esou bis ewell nach net ginn ass. Vill Leit kennen net méi schaffe goen a si limitéiert. D’Noriichten iwwerschloen sech mat neie Reegelen an News aus alles Welt. Och fir d’Sportler ass di aktuell Situatioun net einfach; un een normalen Alldag ass net ze denken.

Ech weess nach wéini ech déi éischte Kéier  vum Coronavirus héieren hunn; ech war  zu Prag op engem Tournoi. Zu deem Moment war awer just China betraff, an ech denke fir kee vun eis war kloer, dass de Virus puer Wochen drop komplett Europa a weider vill Deeler vun der Welt géing lämen.

Ech si vu mengem Tournoi  zu Prag zréck komm an hunn normal trainéiert. Meng Traineren an ech hunn ëmmer méi vun der Ausbreedung vun der Krankheet héieren, an trotzdeem hunn mir eis normal Programmatioun agehaanlen an hunn eis Pläng fir de Mäerz an den Abrëll gemaach.

Am Mäerz hätt ech sollten an de Maroc zwee Tournoie spille goen an am Abrëll ware weider 3 Tournoien hannert enee geplangt. D‘international Tennis Federatioun, huet awer lues a lues ugefaangen hier Tournoien ofzesoen, ugefaange mat all Tournoien déi an Italien hätte solle stattfannen.

Mir wossten also bis 4 Deeg virun der geplangter Ofrees net, ob mir iwwerhaapt dierfte reesen. Mir wollten nämlech och net riskéieren, wat aneren Tennisspiller geschitt ass, an zwar an een anert Land ze fléien an do mussen 2 Wochen am Hotel ënnert Quarantän an engem frieme Land bleiwen.

Eisen Tournoi ass dunn effektiv och ofgesot ginn an nëmmen 2 Deeg drop huet ITF an engem offizielle Statement gesot, dass all all Tournoie bis Mëtt Abrëll ofgesot sinn.  Dat net nëmme bei de Juniore mee och bei den Erwuessenen an d‘WTA Tournoien. Mëtt Abrëll sollten also erëm sou genannten ITF’s gespillt ginn, dat gouf awer leider antëscht wieder no hannen, op de 7.Juni verluecht. Dës Cancellations vun de Matcher huet ee groussen Impakt op d’Tennisspiller, finanziell mee awer och wat d’Preparatioun an de Fitnesslevel ugeet.

Nodeems de franséische President offiziell all Schoulen a sengem Land zougemaach huet, ass och de CREPS zu Reims, wou ech normalerweis trainéieren, zou gemaach ginn. Ech misst also meng Valis paken an op Lëtzebuerg kommen. Meng Traineren hunn zesumme mat mengen Eltere probéiert Léisungen ze fanne wéi ech weiderhi kéint zu Reims trainéieren. An der Tëschenzäit awer, hunn ech a mengem lëtzebuergesche Club Tennis Spora gespillt.

Antëscht ass awer elo all Tennishal a Frankräich an och hei zu Lëtzebuerg zou, ech hunn also keng Méiglechkeet Tennis ze spillen.

Mäin Fitness Trainer huet mir direkt ee Programm erstallt deen ech anhalen, bis ech erëm normal trainéiere kann. Dëse Programm gesäit 1 Seance pro Dag fir. Ech muss all Moien an all Nomëtteg eppes maachen, et wiesselt of tëschent lafe goen, Kraafttraining, Vitesse an sou weider.

Ech muss mech also esou wei all anere Sportler adaptéieren an dat Bescht aus der Situatioun maachen. Wat Schoul ugeet huet et fir mech net vill geännert, well ech souwisou dat ganzt Joer iwwer, alles iwwert Internet maachen.

Mäin Ziel elo an den nächste Wochen ass virun allem, mäin Rhythmus ze halen, kierperlech a Form ze bleiwen a mat der Schoul gutt virun ze kommen.

Ech stinn also elo all Moie géint 8 Auer op, frühstücken , an da leieren ech bis 10 Auer. Um 10 Auer hunn ech da meng éischt Fitness Seance. Dono kachen ech zesumme mat menger Schwëster. Nom Iesse gëtt dann e bësse gerascht a geleiert, mee ech profitéiere virun allem och Saachen ze maache fir di ech soss ni Zäit hunn, wéi zum Beispill mäin Zëmmer ze raumen. Wat d’Iessen ugeet, probéieren ech mech un mäin normalen Iessplang ze halen.

Géint 4 Auer maachen ech da meng zweet Seance. Virum Owend iesse maachen ech nach relax mäin Stretching a kucken dann no dem Iessen nach ee Film mat menger Famill. Ech profitéieren also och vill Zäit mat hinnen ze verbrénge well ech si jo normalerweis net vill gesinn. Et gëtt also och seng gutt Säiten !

Ech hoffen ech kann Iech geschwënn erëm mat op Tournoien huelen. Bis dohinner, bléift gesond.😊

Tags:
Marie Weckerle

Marie Weckerle

Ech sinn d’Marie Weckerle an hunn 16 Joer. Säit 12 Joer hunn ech eng Tennisrackette an der Hand a stinn all Dag um Terrain. Ech hunn ee wäite Wee ageschloen a well professionell Tennisspillerin ginn.😊 Mat mengen Artikele kënnt dir mäin Alldag um Wee zur Profisportlerin verfollegen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.