Momentan musse mir eis jo strikt un d’Uweisunge vun der Regierung halen, fir doheem ze bleiwen an dem Virus keng Chance ze ginn. Eraus an d’Natur däerf een awer glécklecherweis a genau dat maachen ech all Dag. 🙂 Ech ginn awer net ganz eleng… mäi Fotoapparat ass ëmmer mat vun der Partie.
Abé, nodeem ech de Moie gutt Kaffi gedronk hat, hunn ech mäin Fotoapparat mat allen Objektiver zesummegepaakt, meng Wanderschong ugedoen an eng deck Jackett a Mutz an e Buff. Et war nämlech aussergewéinlech kal. D’Sonn huet awer iwwer Bierg an Dall geschéngt, d’Wieder am Mäerz huet eis richteg verwinnt, an d’Fréijoer ass bei eis am Ländchen ukomm.
Haut deelen ech e puer vu menge Fotoe vun de Moie mat Iech, déi ech zu Beetebuerg an der Géigend vum Fleegeheem geschoss hunn. Hei ass e klengt Naturreservat ugeluecht ginn a lues a lues sidelen sech do méi Villercher un. Ech hoffen si gefalen Iech a bréngen, iwwer de Bildschierm, e bësse Fréijoer bei Iech heem.
Leave a Comment