fbpx

Ouschtereeër fierwe fir Kleng a Grouss

Keen Ouschteren ouni Ouschtereeër! An därer gesäit een, zu dëser Zäit, an all Eck wou een och hikuckt, an dat an alle Faarwen, blénkeg, matt, gesträift, getëppelt, marbréiert oder soss flippeg dekoréiert! Hei ginn et bal kéng Grenzen.

Als Kanner hu mer se fläisseg bemoolt, majo als jonk Elteren ass et dann och un der Zäit dës Traditioun un di eege Kanner virunzeginn! ☺️ Et ass jo och ni ze fréi fir d’Kreativitéit ze fërderen, sou kënnt et dass mir ons dëst Joer getraut hunn, Ouschtereeërmat onser klenger Mäisschen (17 Méint) ze fierwen.

Am (Bastel-)Keller, hu mer dann all ons Preparative getraff andeems mir dat ganzt Material scho virbereet, den Dësch komplett ofgedeckt (haten nach Malervlies iwwereg, Zeitung geet awer och), Spillgezei/Schiertecher fir jiddereen an natierlech, eng fiicht Lomp Grëff bereet geluecht hunn.

Souwäit, sou gutt,… ech wéilt op dëser Plaz awer dorop hiweisen dass een trotz Preparativen an aller Zouversiicht, awer besser zu 2 ass fir mat engem Kléngkand Ouschtereeër ze fierwen. Et huet nämlech net laang gedauert bis een Ee getéckt an een anert am héije Bou an d’Faarfdëppe geflunn ass. Schlussendlech ass di meescht Faarf awer iergendwéi un den Eeër hänke bliwwen a mir hunn ons gutt amuséiert.

Wiel vun den Eeër

Och wann ech keen “Expert” an dem Domaine sinn, sou weess ech awer dass Ee net gläich Ee ass. Do wier mol zum engem d’Faarf: wou et déi wäiss an déi brong ginn. Déi wäiss déi dierfte fir ze fierwen di besser Wiel sinn (mir hate leider nëmmen nach der Bronger ze pake krut). Dann ginn et awer och nach d’Ënnerscheeder an der Haltungsform vum Hong dat d’Ee leet an d’Hierkonftsland vum Ee. Béides erkennt een unhand vum Stempeloofdrock deen op all Ee drop ass a weider Detailer sollten och am Kartong vermierkt sinn. Perséinlech hu mir eng Präferenz fir Bio (0) oder Freilandhaltung(1).

Kachen

Hei ginn et 2 Méiglechkeeten, et leet een d’Eeër an en Dëppen, fëllt dëst mat waarme Waasser vum Krunn op, léisst se 10 Minutte kachen a schreckt se da mat kalem Waasser of. Nach mi einfach geet et wann een en Eierkocher huet, a béide Fäll sollt een am beschten e kléngt Lach op der mi flaacher Säit drapicken, hei befënnt sech nämlech eng Loftblos, déi sech beim kachen ausdeent an sou d’Ee zum platze brénge kéint.

Fierwtechniken

Mier hunn, mat dem wat mer doheem haten, ons fir 2 Varianten decidéiert wou onst Kléngt mathëllefe konnt an eng drëtt Variant well mer eppes näies Probéiere wollten.

Variant 1:

Hei hu mer den Deckel vun enger Schungkescht geholl, 2 deck Klekse Faarf doranner gesprutzt an d’Ee doranner geluecht. Spilleresch kënnt een hei zum Ziel andeems een d’Ee mam Deckel duerch d’Faarfklekse balancéiert. Duerch dës Technik kann een awer och e flotte Faarfverlaaf kréien. Flotten Nieweneffekt heibäi: et kreéiert een an engems och am Deckel een abstrakt Bild. 😉

Variant 2:

D’Iddi ass simpel, mat extra Fingerpaint Faarf sollten d’Eeër bemoolt ginn. Bei eis war dat guer net esou einfach well eist Klengt keng Faarf un d’Hand wollt kréien 😉 Esou hunn mir als Elteren alt eis Fanger knaschteg gemaach.

Variant 3:

Ok, dat heite war e kléngt Experiment fir di “Grouss”, et ass definitiv näischt fir mat klénge Kanner ze maache well et brauch ee Fangerspëtzegefill. Hei hu mer mat Foto (Transfer-) Potch geschafft. Fir déi wou dat net kennen: heimat kann een e Bild oder Text den een (spigelverkéiert) geprint huet op ganz vill verschidde Materialien iwwerdroen.

Et ginn nach vill aner Méiglechkeete mee hei fënnt bestëmmt jidderee schonn emol Inspiratioun! Et sinn der Fantasie bal kéng Grenze gesat. 😊

Hei nach e puer Iddien:

  • ganz einfach mam Pinsel umolen
  • d’Ee a faarwegt Waasser (entweder mat Faarfpastillen oder nach besser ob natierlech Manéier z.b. Schuele vu rouden Zwiwwelen, Kurkuma, Wuerzelen, rout Rommelen,… ) leeën,
  • den Eeër och eng Marbréierung verpassen
  • mat Zerwéitentechnik kann een dekoréieren
  • mat Stëfter bemolen (hei kann een z.B. witzeg Gesichter drop molen)…

Dir gesitt, et gi genuch Variante fir jiddereen, wichteg ass just dass et Spaass mëscht. Hei sinn nach e puer Fotoen vun eisem Resultat. 🙂

Allen dobausse wënsche mer vill Spaass beim Eeër fierwen, verstoppen, fannen a frupsen.

Tags:
Christian C.

Christian C.

Salut, ech sinn de Christian. Eleng oder mat Frënn kuerbelen ech oft mam Mountainbike duerch d’Land. Dat hält fit, mëscht Spaass an et kann een esou och vill nei Platzen entdecken. De Rescht vu menger Fräizäit wou ech net um Suedel sëtze, verbréngen ech mat Wanderen, Photographie, Kachen, Geocaching a Reesen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.