”Bléift Doheem” heescht et elo schonn zanter e puer Wochen a wéi sou vill Leit, probéieren och ech, des Zäit doheem sou gutt a sënnvoll wéi méiglech ze notzen. Vun raumen, botzen, liese bis kachen a baken ass alles dobäi. Och wann ech mech elo schonn drop freeën, mech iergendwann erëm an ee Café ze setzen an ee gutt Stéck Kuch z’iessen, huelen ech mer bis dohinner de Feeling eeben bësse bei mech heem.
Egal op Moies beim Kaffi, als Dessert nom Mëttegiessen oder als Snack am Nomëtten, dëse Kuch schmaacht garantéiert ëmmer. En ass ganz einfach ze maachen an dobäi och nach richteg gesond.
Fir den Deeg brauch een:
- 150 gr Spelzmiel (Dinkelmehl)
- 200 gr gemuelen Hieselnëss
- 150 gr Kokosblütenzocker
- 3-4 Muerten (ca 200gr)
- 1 groussen Apel
- 50 ml Rapsueleg
- 150 ml Hafermëllech
- 3 TL Bakpolver
An fir de Kuch e bëssen ze dekoréiere brauch een:
- 6 EL Pudderzocker
- 1 EL Zitrounenjus vun enger Zitroun (am Beschte Bio)
- 1 Hand voll Hackernëss (oder aner Nëss)
- d’Schuel vun der Zitroun (gerappt)
Fir unzefänken, rappt een déi eng Hallschent vun de Muerte reng an déi aner Hallschent méi graff. Ech huelen dofir eng ganz normal Hand-Rapp, wou ee mat deene 4 Säite verschidde Méiglechkeeten huet, sengt Uebst/Geméis ze rappen. Nodeems een den Apel och graff gerappt huet a mat de gerappte Muerte vermëscht huet, réiert een de Rapsueleg an d’Hafermëllech ënnert dëse Mix.
An eng separat, grouss Schossel kommen all déi aner Zutaten (also d’Miel, d’Hackernëss, de Kokosblütenzocker an d’Bakpolver). Eemol kuerz alles zesumme mëschen, éier een déi naass Zutaten (de Muerten-Apel Mix) dobäi gëtt. Eng leschte Kéier alles gutt veréieren a schonn ass den Deeg prett fir an d’Form. Bei 180 Grad (Ober-/Unterhitze) muss de Kuch lo nach fir ongeféier 50-55 Minutte baken.
Leave a Comment