„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”
Foto via Kiepenheuer & Witsch & die Welt
Jiddereen, dee gär gutt ësst, kennt d’Léa Linster. Si ass eng lëtzebuergesch Kächin, Gastronomin, Fernseekächin an Autorin vu Kachbicher. Si ass de 27. Abrëll 1955 zu Déifferdeng gebuer.
D‘Léa Linster huet 1982 nom Doud vun hirem Papp de Café „Linster“ zu Fréiseng iwwerholl. Fréiseng läit ongeféier 15 km südlech vun der Stad Lëtzebuerg. Dunn huet si de Café als Restaurant „Lea Linster“ opgemaach. Si krut de Certificat d’aptitude professionnelle cuisinier. Si huet och als éischt Fra zu Lëtzebuerg e Meeschterdiplom.
1987 gouf hire Restaurant vum Guide Michelin fir d’éischte Kéier mat engem Stär ausgezeechent. Zwee Joer méi spéit huet si de Bocuse d’Or gewonnen. Si ass déi éischt an eenzeg Fra bis haut, déi dee Präis gewonnen huet. 1991 huet d‘Léa Linster e weidere Restaurant, d‘„Kaschthaus“ zu Helleng opgemaach.
Zanter 2001 schreift si reegelméisseg fir déi däitsch Fraenzäitschrëft ‚Brigitte‘ eng Kolumn. Vun 2004 bis Januar 2008 hat si eng Fernseesendung mam Titel „Leas KochLUST“ beim SR Fernsee. An der Saarbrécker Ausgab vun der Fernseeserie ‚Tatort‘ ass si 2006 an 2007 an de Follgen ‚Aus der Traum‘ an ‚Der Tote vom Straßenrand‘ als „Linde-Wirtin“ opgetrueden. Ausserdeem ass si als Autorin vu Kachbicher bekannt.
D’Léa Linster trëtt och dacks an der Sendung ‚ZDF-Fernsehgarten‘ op, an heiansdo féiert si duerch d‘Nomëttesserie ‚Die Küchenschlacht‘ vum ZDF. Am lëtzebuergesche Fernsee RTL Télé Lëtzebuerg leeft hir Sendung ‚Kachtipp mam Léa Linster‘. Si war 2013 an 2014 Coach a Jurorin an der Sat.1-Kachshow ‚The Taste‘ a war och 2016 an 2018 an dëser Show als Gastjurorin mat dobäi. D’Léa Linster ass net bestuet an huet e Jong.

Foto © Sat 1
Vocabulary
jiddereen = everybody
ësst (verb = iessen) = eats
Kächin = a female cook
Kachbicher (sg.= Kachbuch) = cookbooks
nom Doud = after the death
iwwerholl (verb = iwwerhuelen) = took over
Meeschterdiplom = master’s diploma
e Stär = a star
ausgezeechent = awarded
Fraenzäitschrëft = women’s magazine
Follgen = episodes
Blog Comments
Biodun Queen
20. April 2020 at 18:09
❤😍😍