fbpx

Diagnos Corona als Sportler

Nodeems ech mäin leschten Artikel geschriwwen hat, an deem ech Iech erzielt hunn wéi ech d’Situatioun em de Corona Virus erlieft hunn a wéi ech mäin Trainingsalldag dunn adaptéiert hunn, huet et och mech getraff.

No engem vu menge Laaf-Traininger dobaussen, hat ech mäin Hals wéi a meng Nues ass gelaf. Ech hunn geduecht ech hätt mech einfach e bëssen erkaalt well zu deem Moment war d’Wieder nach net esou gutt an esou waarm wéi et elo ass. Ech hunn mer usech keng weider Suerge gemaach. Den nächste Moien, hunn ech dunn awer gemierkt, dass et warscheinlech méi wei just eng Erkältung wär well  ech hat Schwieregkeeten aus dem Bett ze kommen, hat nach ëmmer Halswéi a meng Nues déi gelaf ass. Dobäi koum, dass och meng Lymphknoten geschwolle waren an ech staarke Kappwéi hat.

Ech hunn also direkt mengem Dokter ugeruf fir him alles genau ze erklären. Seng Hypothees war, dass ech duerch mäin Papp vum Covid-19 ugestach wär. Mäin Papp gouf nämlech 3 Deeg virdru positiv op de Virus getest. Seid deem war hien an Isolatioun an engem Zëmmer. Mäin Dokter huet mir eng Ordonnance geschéckt fir een Test, deen ech dann och direkt Mëttes gemaach hunn.

D’Resultat krut ech dann den nächsten Dag; ech krut ugeruf a krut gesot ech wär och positiv. Ech hunn mech direkt bei mengem Papp am Zëmmer ageriicht, an de Recht vu menger Famill huet mir mat Händschen alles bruecht, wat ech an deenen nächsten Deeg géif brauchen. Mir haten och ee Buedzëmmer wat just mir benotzt hunn.

Ab deem Moment, duerft ech zwou Wochen net méi aus dem Zëmmer. Mäin Papp an ech hate Chance, dass eis Famill motivéiert war, eis déi zwou Wochen esou gemittlech ewéi méigleg ze maachen. Mir haten och Chance dass eist Zëmmer ee Balcon hat, a mir also trotzdeem e bësse vum schéine Wieder profitéiere konnten.

Moies, Mëttes an Owes, krute mir Iesse virun d‘Dier gestallt. Mir wollten all Kontakt mat der Famill verhënneren, well si all negativ getest waren.

Wat d’Symptomer ugeet, ware meng net immens staark. Den Halswéi war schonn no 2 Deeg fort, dat eenzegt wat mech nach eng ganz Woch gesteiert huet, war, dass ech immens schwaach war a vill Kappwéi hat. Dat ass dann awer och no enger Woch fortgaangen. An där Woch hunn ech guer kee Sport gemaach, mech geschount a meng Zäit mat der Schoul a mat Netflix verbruecht.

Di Situatioun an där ech war, ass fir ee Sportler ganz geféierlech Punkto Gewiichtszounam. Ech konnt guer kee Sport maachen, mee den Honger war genau sou present wéi an Trainingszäiten. Ech si gewinnt vill  ze iessen, well ech normalerweis a mengem Training och vill verbrauchen. Dozou kennt, dass een duerch d’Langweil och séier Loscht kritt eppes ze naschen, dat misst ech sou gutt ewéi méigleg verhënneren. Ech hunn also probéiert maximal eng Kéier am Dag Kuelenhydrater an Fleesch ze iessen, an d’Naschen hunn ech esou gutt ech konnt op Uebst limitéiert. D’Uebst huet mir Vitaminne bruecht, déi mengem Immunsystem gehollef hunn, genau sou wéi eng grouss Quantitéit un Waasser.

Ech war all Dag iwwer Telefon a Mail a Kontakt mat mengen Traineren, mee virun allem mat mengem Sportsdokter aus menger Struktur zu Reims. Ech hunn him all Dag d’Evolutioun vu menge Symptomer geschéckt an nodeems ech 48h keng Symptomer méi hat, huet hie mir erlaabt erëm Sport ze maachen. Mir hunn dann zesumme mat mengen Trainere gekuckt wat ech kéint maachen. Natierlech misst ech gutt oppasse fir mech net ze iwwerlaaschten, a mäin Plang hunn ech missen a mengem Zëmmer+Balkon kënne maachen.

Ugefaangen hunn ech also mat Mobilitéit a Bauchmuskelen. Ech hunn mengem Dokter all Dag, virun, wärend an no dem Training mäin Puls geschéckt. Dorunner huet hien dann entscheet op e bësse méi Intensitéit kéint am Training sinn oder net. Mat Cardio wollte mir awer di 2 Wochen ofwaarden, fir sécher ze sinn dass de Virus net méi a mengem Kierper ass.

Ech hunn also mech lues erëm physesch a Form bruecht, an der Hoffnung dass ech gläich erëm um Terrain stoe kann.

Schlussendlech sinn ech frou, dass ech de Virus elo hannert mir hunn. Ech hunn et zimmlech gutt iwerstaan, a sinn och frou dass ech net eleng war, mee mäin Papp déi Zäit mat mir duerchgestaan huet. An sou Situatiounen ass et am wichtegsten, dass een de Kapp net hänke léisst an sech genau Zieler setzt, da kennt engem di Zäit och manner laang fir. Ech hat mir virgeholl, weit ze komme mat mengem Schoulprogramm an natierlech kierperlech a Form ze bleiwen. Dat krut ech béides gutt gemeeschtert !

Ech wënsche jidderengem deen och vum Virus getraff ass, eng gutt Besserung! All deenen Aneren: passt op Iech op a bléift gesond!

Tags:
Marie Weckerle

Marie Weckerle

Ech sinn d’Marie Weckerle an hunn 16 Joer. Säit 12 Joer hunn ech eng Tennisrackette an der Hand a stinn all Dag um Terrain. Ech hunn ee wäite Wee ageschloen a well professionell Tennisspillerin ginn.😊 Mat mengen Artikele kënnt dir mäin Alldag um Wee zur Profisportlerin verfollegen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.