fbpx

Portrait – 3/4 Vue

E schéine gudde Moien, Mëtteg, oder och Owend – wéini och ëmmer dass Dir dat hei liest. Ech hoffen et geet Iech den Ëmstänn entspriechend gutt. Och wann ee grad net voll dovu ka profitéieren, wéinstens ass d’Wieder schéin an op dobannen, am Gaart, op der Terrasse oder op dem Balcon, mat dësem Tutorial kennt Dir Iech net nëmmen d’Zäit ganz gutt verdreiwen, mee och nach léieren, wéi een e Portrait zeechent. Dat an enger 3/4 Usicht, also wann de Personnage liicht op eng Säit dréit.

Fänke mer un! 🙂

1. Als alleréischt zeechne mer, wéi bei all de Portrait Tutorials, e Krees.

2. Als nächst zeechne mer e Quadrat vun der selwechter Gréisst, wéi de Krees. Déi iewescht Linn setze mer an der Hallschent vum Rondel un.

3. Dann zéie mer e vertikale Stréch der ganzer Längt no duerch béid Formen.

4. Vun do, wou de vertikale Stréch fir t’éischt mam Krees zesummen trefft, op dohi wou e sech fir d’lescht mam Quadrat schneit, zeechne mer eng gestréchelt, gewölbte Linn, déi plus ou moins duerch d’Hallschent vun der Hallschent vu béide Forme leeft. Fir dat Ganzt e bësse méi verständlech ze maachen, hei d’Zeechnung derzou:

5. Dann… Nach méi Strécher! Dës Kéier dräi Stéck, am beschten ugefaange mat dem an der Mëtt, dee mer ënnert dem Krees usetzen. Den Ieweschten zeechne mer en Drëttel vun der ieweschter Hallschent vum Quadrat erop, den Ënneschten en Drëttel erof.

6. Schlussendlech komme mer dann zur “richteger” Portraitzeechnung. Op béide Säiten zéie mer Strécher vun der ieweschter horizontaler Linn erof zur Mëttelster, an dann zeechne mer den Ënnerkiefer vun do un erof bis se um Enn vun eiser gestréchelter Linn zesummen treffen.

7. Fir den ieweschten Deel vum Kapp huele mer de Krees als Guide… Dir gesitt, de ganze Chaos vu virdrun huet effektiv e Sënn.

8. Da kommen d’Aen drun. Fir d’Héicht, op der mer se zeechnen, huelen ech den ieweschte vu mengen dräi horizontale Strécher. Déi zwee zousätzlech, déi der hei a rosa gesitt, hunn ech als Hëllef gezunn, fir datt béid Aen esou symmetresch gi, wéi méiglech. Vu datt de Kapp op eng Säit gedréint ass, ass et normal, datt eent vun hinne méi grouss ausgesäit.

9. Duerno kënnt dann alles drun, wat e Gesiicht zu engem Gesiicht mëscht: Wimperen, Aperhoer, Pupillen, d’Nues, an de Mond. D’Nues kënnt tëscht déi ënnescht rosa an orange Strécher, de Mond ënnert de leschte genannten. (Vu datt mer de mëttelsten orange Stréch net méi brauchen, hunn ech deen ewech gemaach.) Och den Hals an d’Schëlleren hunn ech hei schonn ugefaangen.

10. Ganz wichteg nach: d’Hoer!
Wéi eng Coupe och ëmmer Dir ärem Personnage wëllt ginn, läit natierlech ganz bei Iech. Ech hu mech vir extra laang Hoer entscheet, well ech fonnt hunn, dat déi duerch hier Beweegung e bësse méi Schwong géinge mat an d’Bild bréngen.

11. An ze gudder lescht, mäi fäerdegt Bild.

Mäi Liblingsdetail sinn ouni Zweiwel d’Speechelen (Sommersprossen), déi Dir besser gesitt, wann Dir d’Bild eru zoomt.

Elo ass et un Iech!

Weider Uleedungen zu engem Portrait aus enger “Front View” esou wéi och am Profil, fannt Dir hei & hei (einfach drop klicken). 😊 Trotz der englescher Sprooch bei der  ‘Profile View’ Uleedung – fir déi, déi se net oder manner gutt verstinn –  sollten d’Zeechnungen aussokräfteg genuch sinn, fir datt ee versteet, em wat et geet.

A wéi ëmmer gëllt: üben, üben, üben.

Domat soen ech dann Äddi, an natierlech Merci, bis déi nächste Kéier, bléift gesond a kreativ!
Tags:
Stéphanie K.

Stéphanie K.

Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.