„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”
copy right cover picture: Henri Werner, Erny Reiter

Den Henri Owen Tudor ass den 30. September 1859 um Diesburgerhof bei Ferschweiler gebuer an ass den 31. Mee 1928 zu Rouspert gestuerwen. Hie war e lëtzebuergeschen Ingenieur an huet deen éischte brauchbare Bläiakkumulator erfonnt.
Den Henri Tudor war de Jong vun engem Englänner an enger Lëtzebuergerin. Hien huet vun 1879 bis 1883 zu Bréissel Ingenieurswiesen studéiert. Wärend sengem Studium huet den Henri Tudor sech fir Elektrotechnik, a besonnesch dem Späichere vun elektrescher Energie interesséiert.
Fir Ausflich ronderëm Rouspert huet den Henri Tudor en elektrescht Automobil benotzt, dat 1902 vun der Garage Lefert zu Gent gebaut ginn ass a scho mat Tudor-Akkumulatoren ausgerüst war.
D‘Akkue mam Tudor-System waren zouverléisseg an haten eng laang Liewensdauer. Ee vum Henri Tudor sengen Akkue goung spéitstens am Oktober 1882 zu Rosport a Betrib a war ouni Ënnerbriechung bis den 22. Dezember 1887 am Asaz.
Den Henri Tudor huet 1891 d‘Marie-Madeleine Pescatore bestuet. Si haten zwee Meedercher an e Jong. Vun 1892 un huet déi jonk Famill an der Villa gewunnt, déi den Henri Tudor zu Rouspert baue gelooss hat, och „dat neit Schlass“ genannt.
Den Henri Tudor hat eng akut Bläivergëftung. Vun 1914 u goufen d‘Symptomer esou staark, datt hie kaum nach erausgoe konnt. Hien ass 1928 un de Follge vun dëser Krankheet gestuerwen.
1987 gouf de Centre de recherche public Henri-Tudor, en ëffentleche Fuerschungszentrum a Lëtzebuerg nom Henri Tudor benannt.
Den 23. Mee 2009 ass zu Rouspert den Henri-Tudor-Musée opgaang.
2013 gouf en Asteroid nom Henri Tudor benannt.

picture via Events in Luxembourg
Vocabulary
brauchbar = usable
Bläiakkumulator = lead storage battery
erfonnt (Verb= erfannen) = invented
Ingenieurswiesen = engineering
Späicheren = storage
Ausflich (sing.= Ausfluch) = trip, tour
ausgerüst = equipped
zouverléisseg = reliable
Liewensdauer = life span
a Betrib goen = to go on line
Ënnerbriechung = break
am Asaz = in use
Bläivergëftung = lead poisoning
Fuerschungszentrum = research center
Leave a Comment