fbpx

Pissblummenhunneg selwer maachen 

Virun engem Joer huet eng Frëndin vu mir Pissblummenhunneg gemaach, dee super geschmaacht huet!  Ech hunn mer schonn deemools geduecht, dass ech dat och onbedéngt eng Kéier selwer wëll probéieren an dofir hunn ech mech dunn am Internet e bësse schlau gemaach, a Rezepter erausgeschriwwen. Et huet sech erausgestallt, dass fréier d’Leit bis an 60’er Joren, den Hunneg ganz oft aus Pissblummen hiergestallt hunn, well richtege Beienhunneg deemools zimmlech deier war.

Elo virun e puer Wochen, op enger vu mengen deegleche Wanderungen, hunn ech gesinn, dass Pissblummen iwwerall géifen bléien an dunn ass mir den Hunneg erëm agefall. Meng Frëndin an ech sinn den Dag dorops op d’Wiss gaangen an hunn fläisseg Pissblumme gepléckt.

Ech recommandéieren op eng Wiss d’Blumme plécken ze goen, déi e bësse vum Wee ofläit, wou d’Leit net mat hiren Hënn spadséiere ginn, a wou och net direkt eng vill befuere Strooss niewendrun läit.

Fir eis Rezept hunn mir ongeféier 300 Gramm Blumenkäpp gepléckt. Et brauch een nëmmen de Kapp vun der Blumm an net de Stängel. Am Beschten ass et Mëttes sammelen ze goen a grouss oppen Blummen ze wielen. Mee wéi vill sinn 300 Gramm? Mir hunn op 2 Tutuen voll gepléckt.

Wichteg: Händchen undoen, well soss huet een Fangeren duerno ganz giel.

Nom plécken heescht et séier Heem ze goen, fir dass Käpp net erëm zou gi. Doheem geet d’Gepiddels lass. Och bei dëser Aarbecht ass et gutt mat Händchen ze schaffen. Fir e gudden Hunneg brauch een just dat gielt an net dat gréngt vun der Blumm well soss gëtt den Hunneg ze vill batter. Fir béides vuneneen ze trennen dauert et eng gutt Zäit.

Et gi Leit déi behaapten et soll een se net wäschen fir Pollen mat ze kachen. Mir hunn di 2 Methoden ausprobéiert. Di éischte Kéier hunn mir Bléien gewäsch, dann gëtt den Hunneg e bëssen méi hell. Just d’Faarf war bei der 2 Kéier liicht méi donkel, den Geschmaach war awer d’selwecht.Wéi mer fäerdeg ware mam sortéieren, hunn mir d’Bléien mat enger – a Scheiwen geschniddener – Zitroun an mat 1Liter Waasser obgesat, kuerz opgekacht an duerno 24 Stonnenrouen gelooss.

Den Dag dorops hunn mir dat ganzt duerch en Duch geschott, an gutt ausgedréckt. Flëssegkeet hunn mir zeréck an Deppen geschott, erëm op en Liter opgefëllt, a mat engem Kilo Zocker eng Stonn bis 1,5 Stonnen akachen gelooss. Reegelméisseg hunn mir dran geréiert. Zum Schluss zou, muss en heiansdo en Geléiertest op engem Teller maachen. Beim Opkachen entsteet  Schaum, den muss en mat engem Läffel ofschëppen, soss soll et och batter schmaachen. Ass den Hunneg bei der Geléierprouf zefriddestellend, kann een en an propper Glieser afëllen. Direkt den Deckel ob Glas maachen.

Eis huet dës Versioun Hunneg immens gutt geschmaacht esou, dass et bestëmmt net di leschte Kéier war, dass mir es gemaach hunn.

Hutt Dir es och scho gemaach? Wat sinn Är Erfarungen? Mäin Rezept ass Iech jo eventuell eng Inspiratioun fir 2021. 🙂

Tags:
Alex

Alex

Ech sinn den Alex genannt Lex. Ech wunnen am schéine Süden, si 47 Joer al, ee lëschtege Kärel an  all Spaass ze hunn. Ech hunn vu Kand un Sport gemaach, an dat vu Judo, iwwer Boxe bis bei Wing Tsun - eng asiatesche Kampfkonscht. Niewent dem Kampfsport sinn ech och gäre reegelméissege lafe gaangen. Säit e puer Joer elo huet mech d'Wanderféiwer gepaakt an ech huele mat vill Loscht a Spaass un diverse Marchen am In- an Ausland deel. 

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.